Dest ass rem eng Foto aus Finnland. Geknipst an engem Naturschutzgebiet.
Et war einfach wonnerbar do ze setzen beim Wasser an des Landschaft ze geneißen.
Schei Foto Dee Grashalm brengt richteg Deift an d'Bild...
Schuet dass de kee Stativ dobai hass, e besse manner ISO an mei Beliichtungszait hätt d'Rauschen e bessen verengert ...
hmmm jo strahlt eng gewessen rouh aus
ass wirklech bessen Schued dass se am enneschten Deel bessen rauscht...
Mee och wann een keen Stativ huet kann een sech jo bestemmt bessen helefen Fotoaparat op e Rucksack geluet / instaleiert sou dass en net rooffält, selbstauslöser pur sekonnen Gedolt an zack...
Jo also en Stativ hat ech demols net mat. An des Foto ass och mat menger aaler Pentax gemach ginn an do ass am allgemengen Qualitéit manner wei bei der Nikon.
Fannen daat dén streihalmen steiert an daat den Horizon voll an der Mett ass steiert mech bai deser foto och
Soss flott tein an de Rauschen kritt én eaus wann én well
Also: De Graas hallem zitt den Regard unn, hien dirigeiert dén nett onbedingt an Deift well eben Dynameschen opbau vum cadrage dech nett dozou inviteiert.
Daat Boot steck riets ennen steiert och an den Horizont ass Zentral.
Also daat sinn Klassesch Regelen fir eng Klassesch Foto... Dei Regelen baseieren sech op Peinture ... an dei hunn sech op psycologie baseiert.
Wann mir eng Foto knippsen passen mir nett emmer op alles op . Dén d'Foto kuckt mierkt daat ...
Esou eng Foto misst én matt engem Bleck alles mattkreien , an daat ass nett de Fall ... daat hescht daat den Opbau net équilbreiert ass.
Dann mescht én waat én well, ... mé eng gudd Foto ass nett emmer eng schein Foto an emgedreint