Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Vintage

 
Vintage
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.04.2010
  • Gekuckt:
    42859
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    48 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    108 KB
  • Originaldatum:
    2010:03:10
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Blëtzer, Pocketwizards, Westcott reflective, Magic Arm, Honl snoot

Fir anzesetzen: [pg_img=44862]
Kommentar vum Fotograf:
Vum 50s Photoshoot op der Uni.
http://gloda.net/20100427-vintage
Jaycee 27.04.2010 - 21:48
Zwée Schiëter um background lënks a riëts vun engem sujet ass fiir mech a nono a verwonnert mech e bëssen bei engem Perfektionist ewéi dir...
pfoto 28.04.2010 - 10:26
Fir mëch maachen genau d'Schieter hei den Reiz aus. mäis as jo wéi ëmmer aff. de gôut ! smile
Jaycee 28.04.2010 - 20:35
... wéi ëmmer effektiv... closed_eye

Just nach eng kleng Iwerléung dozou... Ët ass jo haut esou dass näischt méi muss, an dass vill Konventiounen iwer Bord geworf gin, waat am Prinzip kée Fehler ass, soss géiw ët jo keng Evolutioun. Wann éen allerdëngs eng Foto "Vintage" nennt, da soll d'Technik daat och iergendwéi reflektéieren. Zu "Vintage"-Zäiten ass eng Ausliichtung wéi hei mat duebelem Schiëd einfach als Fehler betruecht gin. Ob daat engem nun haut gefällt oder nët ass wéi de pfoto gesoot huet eng a.d.g.
gloda 08.05.2010 - 21:22
Déi duebel Luucht war scho gewollt. Mee wats de am zweeten Kommentar sees fannen ech immens interessant. D'Luucht wierkt den éischten Moment effektiv net wéi eppes aus der Zäit. Ech muss mech emol e bëssen méi doran verdéiwen, vläicht fannen ech jo e puer Fotografen wou sech do e bësse méi géint d'Regele gestäipt hun.
Jaycee 10.05.2010 - 21:23
... a wanns de déen éen oder aanere solls fannen dann deels de mer daat w.e.g. mat, ech géif déi och gaer kenne léiere... closed_eye
dr_kim_veis 28.04.2010 - 16:07
schein beliicht. du meschs haard an soft luucht closed_eye gefaellt mer gudd mais bei den schiedter sin ech mer nach net ganz secher. op allefall eng super foto wei emmer... closed_eye
deBaemm 28.04.2010 - 16:34
ech fannen daat Spill mat den Schieter super, mech stéiert just deen op der lénkser Hand, do wier fiir mech eischter de "ganz oder guer net" - Prinzip gudd gewiecht, fiir de Recht, dito!
gloda 08.05.2010 - 21:22
Gudd gesin, do passt et wierklech net gudd. Merci.
gtaddei1 28.04.2010 - 19:35
Excellent fir mech
McQueen 29.04.2010 - 12:06
Gudd Foto....mais
och en schéinen Model closed_eye
DiGGi 08.12.2011 - 19:36
Hues de schéin angefaangen!
Ganz klengen "Tip" vun mir, well jo schons daat meescht gesoot gouf:
ëch hätt déi kleng frai Plaatz bei den Hoer mam Stempeltool fortgemaach. Ass awer ADG
gloda 08.12.2011 - 19:54
Gutt gesinn, déi war mir nach ni opgefall.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 295 Gäscht online