Just nach eng kleng Iwerléung dozou... Ët ass jo haut esou dass näischt méi muss, an dass vill Konventiounen iwer Bord geworf gin, waat am Prinzip kée Fehler ass, soss géiw ët jo keng Evolutioun. Wann éen allerdëngs eng Foto "Vintage" nennt, da soll d'Technik daat och iergendwéi reflektéieren. Zu "Vintage"-Zäiten ass eng Ausliichtung wéi hei mat duebelem Schiëd einfach als Fehler betruecht gin. Ob daat engem nun haut gefällt oder nët ass wéi de pfoto gesoot huet eng a.d.g.
Déi duebel Luucht war scho gewollt. Mee wats de am zweeten Kommentar sees fannen ech immens interessant. D'Luucht wierkt den éischten Moment effektiv net wéi eppes aus der Zäit. Ech muss mech emol e bëssen méi doran verdéiwen, vläicht fannen ech jo e puer Fotografen wou sech do e bësse méi géint d'Regele gestäipt hun.
schein beliicht. du meschs haard an soft luucht gefaellt mer gudd mais bei den schiedter sin ech mer nach net ganz secher. op allefall eng super foto wei emmer...
ech fannen daat Spill mat den Schieter super, mech stéiert just deen op der lénkser Hand, do wier fiir mech eischter de "ganz oder guer net" - Prinzip gudd gewiecht, fiir de Recht, dito!
Hues de schéin angefaangen!
Ganz klengen "Tip" vun mir, well jo schons daat meescht gesoot gouf:
ëch hätt déi kleng frai Plaatz bei den Hoer mam Stempeltool fortgemaach. Ass awer ADG