Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Similan Encounters

 
All Fotoen an dëser Serie:
6076 Thumbnail
6077 Thumbnail
6078 Thumbnail
6079 Thumbnail
6080 Thumbnail
Similan Encounters
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.04.2010
  • Gekuckt:
    38735
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    31
  • Originaldatum:
    04/2010
  • Fotoapparat:
    Olympus C5060 WZ
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44724]
Kommentar vum Fotograf:
Jo jo, de Nemo as rem duerch d'Ozeaner gezunn...

Hei en klengen Baitrag aus dem Similan National Park an der Andamanensee an Thailand.

Alles schéin fuerweg nee? ;-)
Laurent76 21.04.2010 - 14:15
Stark Serie.

Gefällt mir ganz gudd, idem fir Rum dei hei super paßt....
Nemo 21.04.2010 - 15:18
Merci smile

Jo hu mer geduet dass ech den Tutorial aus Photogen mol geiff an Praxis emsetzen a mat de Rummen geiff probeieren. smile
Ramondella 21.04.2010 - 14:20
ass Nr.2 en autoportrait??? bigsmile
Genial Serie daat do. Sou eppes gesait ee jo net all Dag an da sin se och noch flott!
Nemo 21.04.2010 - 15:20
Thanks. closed_eye

Jo naja, mengen bei mengem Nick wier et jo en Hohn wann ech net geiff sou en Clownfësch dobai setzen. smile
McQueen 21.04.2010 - 14:24
Ganz flott.ech beneiden dech e bessi doweinst....
wann ech daat doten gesin, dann giff ech och gären an d'mier goen...
Nemo 21.04.2010 - 15:21
Messi. closed_eye

Ma wat sprëcht dann dogéint an d'Mier ze goen?

Wanns de wëlls kënnen de locke an ech dech eng Keier mathuelen. Wann deen dat gepackt huet da ka bei dir och naischt schief goen....bigsmile
Locke 21.04.2010 - 15:26
oh ma geffe hei nette tongue ech erfannen emmerhin nei zeechen enner waasser, op dei wiers du mol nie komm bigsmile an außerdeem verfluchen ech dech na emer dass de den Fotoapparat net mat a Zeeland haas fir Discokugel-Quallen cool
Nemo 21.04.2010 - 15:32
Jo stëmmt, do wieren wuel och extrem gudd Fotoen dobai erauskomm...unhappy

Mee mir fuere jo wahrscheinlech virum Summer nach eng Keier dohin, da gëtt dat mol alles nogeholl. bigsmile
Locke 21.04.2010 - 15:32
yay!!! bigsmile hun ech erwähnt dass daat wärt gudd gin? cool
Nemo 21.04.2010 - 15:34
Ja sicher doch...closed_eye
McQueen 21.04.2010 - 15:35
Ech hun d'mier net gären.

Nemo 21.04.2010 - 15:36
Ok dat as en trëfftegt Argument...closed_eye
McQueen 21.04.2010 - 15:40
Nee gin och nie an der Vakanz an d'mier schwammen. Gin eigentlech och ni op d'plage..fierwaat och, gin net schwammen an le'en mech net an d'sonn. smile
Wees net fierwaat, mais ech fillen mech net wuel am mier, mais an den pool gin ech...komesch
Nemo 21.04.2010 - 15:55
Ok, nee, dann huet et och kee Weart sech ze forcéieren...

Meng Frendin hun ech reicht no 7 Joer sou wait kritt dass et mol de Kapp ennerwaaser gestach huet fir ze schnorchlen...Mee saitdeem ët dunn an Ägypten sou 12 Delphiner ronderemm sech schwammen haat as et net mei ze bremsen. Huet halt eben einfach "klick" gemach bei him obwuel hatt sech am Ufank den A****" aus der Box gefaart huet...

Mee bon, deemno wous de an der Vakanz bass a weivill Vollerten a Ballermann-Touristen bei der Poolbar setzen, kéinnt sou en Ënnerwaassershooting deemno wéi och ganz witzeg gin. bigsmile
McQueen 21.04.2010 - 16:11
hun an thailand geschnorchelt an et war knéidéif...an, an der Lagune mat tausend Fesch dei en fidderen konnt sin ech seier erem eraus.
Ballerman war ech eng keier, do war ech de Vollert, mais do war ech nach jonk. an elo gin ech net mei dohinsmile
Wann Vakanz, dann nie en "Bunker" wou se mat den Handdicher em en stuhl kämpfen...Horror !!!
Meng Fra an ech rennen gären ronderem, Plage ass eng Strof fir ons
pfoto 21.04.2010 - 14:29
Schéin fuerweg schon, awer och geféierlech ! unhappy
Nemo 21.04.2010 - 15:26
Fir d'Fuerwen suergt méng Liichtkanoun smile

Jo schon irgendwei ënner Emmstänn geféierlech...mee d'gëlle Reegel enner Waasser seet : DON'T TOUCH ANYTHING !!

Ween sech drun hällt weart och nie verletzt gin. Hat op de Similan Islands eng Seekobra (--> einfach googlen fir Detailer) en halwen Meter virun menger Lens. Wann een se net nerven geet (wei leider vill Leit et awer mengen mussen ze machen...) as do keng Gefohr. Si lo schon mat vill Fiicher getaucht a si nach emmer do. bigsmile
Locke 21.04.2010 - 14:43
Muss de rem rondremprollen?closed_eye wart wann ech däin Apparat hun, da kriss de Konkurrenz tongue
Nemo 21.04.2010 - 15:27
Wat heescht hei ronderemprollen...smile

Schéck dech, wëll soss iwerleen ech mer 2 Mol op ech der main Apparat verkaafen wann ech endlech méng SLR mat op Tauchstatioun huelen closed_eye

Wee wees, deemno wei hues de se schon fir mat an Ägypten am November...bigsmile
Locke 21.04.2010 - 15:29
huet de Monni sech gemellt?cool
Nemo 21.04.2010 - 15:30
Ah jop....bigsmile

Muss just warden bis en Besched wees weini sain neit Geheis ukënnt. Sin op alle Fall deen eischten op der Lëscht, wat jo scho mol ganz positiv as closed_eye
Locke 21.04.2010 - 15:32
Penner!! bigsmile
Nemo 21.04.2010 - 15:33
Wei wisou "Penner" ??

As dach eng gudd Noricht fir dech...bigsmile
Locke 21.04.2010 - 15:34
et läit un deenen 2 Bodies deis de kriss tongue
gloda 21.04.2010 - 16:30
Ganz flott Série, gudd geschafft.
TheGuitarist 21.04.2010 - 16:54
gefällt mer och ganz gutt!!
schéin serie!!
gogo 21.04.2010 - 17:36
Perfekt Serie,
härrlech Biller
Maimonides 21.04.2010 - 20:42
Ërfrëschend aanescht, deng Série.
Exzellent, Nemo.
Jeanny 22.04.2010 - 07:11
eng wonnerbar Serie, an herrlecht Faarwespill
Gaga 30.04.2010 - 23:46
ganz flott daat doten !
Nemo 01.05.2010 - 10:27
Villmols Merci alleguer!! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 405 Gäscht online