Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

wén sabotéiert ...

 
wén sabotéiert ...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (10.04.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.04.2010
  • Gekuckt:
    69033
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    31
  • Beliichtungszäit:
    1/1 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    6.1 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    1.66666666667 EV
  • Gréisst:
    950x948
  • Späicherplaz:
    577 KB
  • Originaldatum:
    2010:04:10 08:34:26
  • Fotoapparat:
    Canon PowerShot G11
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44406]
Kommentar vum Fotograf:
... dén stierwt

ech stong vidrun, an hun an d'Luucht gekuckt ewei ech un dé Satz do hu missen dënken. An ech hun u méi Papp, dén démols nach e Bouw (esou aal ewéi mei Jong haut) war, geducht. Méi ewéi eenmol huet hien mer erzielt, ewei "Se", eis Gielemännercher an hir Matléefer, hien als Kand, huel a blo geschloen hun, well en aus Protest, nët mat "heil ..." geruf huet.



An elo stinn ech virun esou engem Krop, dén 1942 d'Sirene op der Schëfflenger Schmelz zum jëtzen bruecht, a dén démols zum Generalstreik obgeruf huet.Eisem démolegen Noper, den Här Biren vu Schëffleng as dat mat aneren 20 Jongen a Päpp zum Verhängnis gin. Wëngst déer Aktioun sin se vun den Nazien erschoss gin.



ewei gesot, ech stung virdrun, hun nodenklech an d'Luucht gekuckt... an un méi Papp geduecht... e war och e Schëfflenger Schmelzarbechter a stolz drop.
Shantideva 10.04.2010 - 13:28
Hei steht wuel nach neischt well dein Kommentar méi bewegt wéi d'Foto, obwuel déi X-Förmeg Linienféierung mir gudd gefällt. Awer grad bei deser Foto geseit een wéi wichteg den Kommentar vum Fotograf ass. Merci dass du eis dorun deel huelen geloss hues, waats du deen Moment empfonnen hues. Daat ass fir mech richteg Konscht!
suraki 10.04.2010 - 20:10
Jean-Claude, ech brauch nët vill ze schreiwen,
du wés och esou ... smile merci !
Zampano 10.04.2010 - 14:29
puhhh, ich habe jetzt Gänsehaut bekommen. Ich muss das erstmal auf mich wirken lassen...

Das Foto mit dieser Geschichte hat für mich nicht nur einen Wochenpreis verdient!!
suraki 10.04.2010 - 20:08
ja Andi, das Foto ist nur interessant durch die Geschichte
danke !
Gaga 10.04.2010 - 15:25
Ed, bei sou enger Geschicht kann een net vill soen.
Merci dats de daat hei weiss an erziells !
Et gin Sachen dei sollen nie an vergiessenheet gerooden !
Leider gin et geschwenn keng Aanzeien mei aus der Zeit dei eis nach kennen berichten waat deemols alles geschitt as, dofier as et wichteg dat elo nach mei wert drop geluecht get des Geschichten net ze vergiessen !
suraki 10.04.2010 - 20:07
MArco , hei och e groussen merci smile
Maimonides 10.04.2010 - 15:47
Stell dir elo mol vir, Ed, mir hätte just di Foto do gësin. Dann hätte mir gesoot: "exzellent kadréiert, super Grotéin, etc".
Stell dir awer och elo mol vir mir hätte just däin Text gëlies. Da wäre mir emotional bëréiert gëwiescht an déck vuerwitzig gin.
An dësem Fall gëhéieren di 2 zesummen, an dat Eent ass esou wichtig wi dat Aanert. Zesummen sin di do 2 Saachen mat dat Schéinst wat ech hei op PG gëlies a gëkuckt hun.
suraki 10.04.2010 - 20:07
elo gin (sin) ech rout
en dëcken merci ouni vill Wierder Charel smile
suraki 10.04.2010 - 15:49
merci Dir @all !! , besonneg hei sin ech frou iwert en Kommentar, nët wengst mengem Bild, mé wengst der Saach vun démols.

ech hun e besse gegoogelt, an immens vill, as lëder net ze fannen

iwert den Adam's Henri get jo dat eent oder anert geschriwen, leider sin déi aner Léit, ewi den Biren's Ugéne, dén (dat wées och kéen) ... anscheinend "fir" en aneren Papp vun drai Kanner an den Doud gangen as, e bessen a vergiess geroden.

Maimonides 10.04.2010 - 16:15
A wa mir da schonn am Gaang sin:

"...DAX Michel, Eisenbahnarbeiter, Ettelbrück
SCMIT Alfons, Professor Dr.math, Echternach
THULL Johann, Eisenbahnanstreicher, Ettelbrück
HEIDERSCHEID Emil, Dachdecker, Diekirch

...die Todesurteile wurden heute um 6 Uhr durch Erschiessen vollstreckt.
Luxemburg, den 5.September 1942.
Der Vorsitzer des Standgerichts."
suraki 10.04.2010 - 16:53
an elo Charel, ... fannen et "och" derwärt se nach emol All opzezielen an hier Nimm hei ze veréiwegen.

MICHEL WORRÉ
NICOLS MÜLLER
NICOLAS KONTZ
CHARLES MEIERS
JOSEPH EWEN
ALFRED BRÜCK
CELESTIN LOMMEL
ALPHONSE WEETS
J.P. SCHNEIDER
ERNEST TOUSSAINT
NICOLAS BETZ
LÉON ZEIMES
ROBERT MISCHO
JEAN SCHROEDER
MICHEL DAX
ALPHONSE SCHMIT
JEAN THULL
EMILE HEIDERSCHEID
RENE ANGELSBERG
EUGENE BIREN
HENRI ADAM

Se hun de Kapp vir Eis all hingehalen.

Dat as elo vir vill Jonker hei op PG fléicht e bëssen ze vill Gedéssems doriwer, (ech wées et nët). et war mer awer perséinlech wichteg genuch, dat hei ernimmt ze hun.
Maimonides 11.04.2010 - 11:00
Ech haat just d "Bekanntmachung vum Standgericht" oofgeschriwen. Di Leit aus deenen aanere Geigenden geheieren selbstverstaendlich och derzou, an sie hun et all verdengt dass sie mol erem 1 Keier ernimmt gin.
suraki 11.04.2010 - 18:53
smile
Yatsch 10.04.2010 - 16:31
Daat erennert mech un meng Kanndheet, wou mier mein Bop emmer Geschichten, dei hien am Krich erliewt huet, erzielt huet. Ennert anerem och vill iwert dei, dei sech getraut hun fir daat anzestoen un daat se geglewt hun, mat all den Konsekuenzen.

Wann ech elo daat Bild do Kucken, dein Kommentar liesen an un dei Geschichten vun mengem Bop denken, leeft et mier kaal den Reck erof.
suraki 10.04.2010 - 20:06
merci Yatsch !
Jeanny 10.04.2010 - 16:57
Dat war eng schrecklech Zäit, a si soll ni vergiess ginn.
Méi Papp hat seng Krich-Erliefnesser neier geschriwwen, hunn se schonns oft geliest, et war keng schéin Zäit, an et gouf vill Leed an de Famillen.
suraki 10.04.2010 - 17:04
merci Jeanny, dann hues de eng grouss Chance gehat, versuerg Se ewéi Gold wëll geschwenn as alles vergiess, an dat soll et nët, ... vergiess gin !
dentom 11.04.2010 - 23:52
Hei gett effektif d' Foto duerch dei Kommentar, zu eppes ganz besonnegem.
Gaga 11.04.2010 - 23:58
an 3 minuten gesin mer, wei besonneg ... nee, pardon, mier gesin, weifill leit et ze schätzen wessen ... !
dentom 11.04.2010 - 23:59
ech hoffen genugsmile
Gaga 12.04.2010 - 00:00
nee, mais bon, ech sin mer secher se wuar fier bei !
trotzdem Ed, eng super foto !
suraki 12.04.2010 - 19:58
thx der Zwee !
gtaddei1 12.04.2010 - 01:21
Et sinn Jongen dei un ier Fräithéét gegléwt hunn , dei de Buedem vun irhren Pappen nett dem Auslänneschen Envahisseur wollten iwerloossen, an dei dann matt irhem Liewen d'fräihét vun ihre Kanner verteidescht hunn... et ass richtesch dénen Jonken daat als Erennerung ze waisen , ewei Letzbuerger gesturwen sinn fir daat sie haut stolzen sinn kennen an engem Fräien Land ze liewn...

Et woar och en Aalen Mann, dén 100 Mool hätt keinten wärend den Krih festgehaalen ginn.. an vun den Praisen erschoss ginn... Hien woar en Italiener aus Udine dén 1934 op Letzbuerg koum . Dén Hä huet baal all Daag eng Bomb op Praiseschen Postatiounen geluecht dei zu Rodange, Deifferdeng an op Lonkesch stationeiert woaren ... Hien huet owes matt sengen Letzbuergesch Frënn d'bomben konfektioneiert an an der Nuecht hunn sie um Numm vun de Letzbuergesche Resistenz sech geint den Envahisseur gekämpft.

Seng Frënn sinn embruecht ginn an hien ass dén enzeschen dén do Iwerliewt huet.

En aaneren Italiener , dén och zu Rodange , ech mengen hien misst esouguer nach liewen, well hien Deitsch an Itlienesch konnt ass hien an eng Art kontroll Statioun komm an vun do huet hien eng Aart Privatspionnage geméét an Infoen waider ginn un Partisaanen ... hien ass dann awer erwescht ginn an détongueorteirt ginn an huet iwerliewt , nach eng keier well hien Sproochen konnt. Noom Krisch ass hien erem komm an hue fir laang Zäit sein statuut als Letzbuerger refuseiert kritt ----

Vergiesst nett daat dei Jongen do och zu de Letzbuerger gehaalen hunn an fir d'Land gesturwen sinn dei hinnen erlaabt huet al Daach Brout un Dësch ze hunn...



suraki 12.04.2010 - 19:47
a genau dén doten Message as wërt dat en och hei kann gelies gin, an ech sin frou dat dat hei steht. Ouni dech wär dat sos ewéi esou villes an Vergiessenheet geroden. Wann ech esou iwerléen wat ech, ech hun et jo gottseidank nët missen erlierwen, gezielt krit hun, hat eist klengt Ländchen jo vill Verbündeter vun allen Nationalitéiten smile
merci Gennaro !
gtaddei1 12.04.2010 - 23:27
Merci och
suraki 12.04.2010 - 19:56
an elo nach emol un all déi sech d'Méi gemach hun eppes hei hin ze schreiwen, en richteg dëckeche merci !!! Besonnech ier Umierkungen bei desem Bild hu mech dëckech gefréet smile smile
Fir d'Bild vun der Woch, merci un dén dén et virgeschloen hat smile ...war et awer einfach nët gud genuch, hat et éichter als interessant Dokubild angesat ;)


Gaga 12.04.2010 - 20:06
Foto fun der Woch huet och eng Foto verdenkt, dei mei wei nemmen t'Thema "Fotographie" behandelt !
Doduerch wier des secher ganz gut gewiercht !
Ech erenneren mech un eng Rei fotoen fum Militärkierfeg, dei woren genau sou stark an hierer ausso !
Et deet mier deck leet dat ech nach net esou bewanndert an der fotographie wor, wei ech an der bretagne um US kierfeg wor ...
suraki 12.04.2010 - 20:47
an d'Bretagne an d'Nomandie kenns de bestëmmt mach emol hin,
an dann Marc(o) wëll ech eppes hei gesin closed_eye
Gaga 12.04.2010 - 23:04
as ennerwee !
(mann hun ech do schlecht fotoen gemach !!! sceptical
suraki 12.04.2010 - 23:16
ok ech sichen och dé eng oder aner vun dohannen, douewen oder doennen ?
Gaga 12.04.2010 - 23:49
!Dës Foto ass net méi am System!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 287 Gäscht online