Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Verloossent Gebai

 
Verloossent Gebai
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.04.2010
  • Gekuckt:
    19884
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/20
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1333x2000
  • Späicherplaz:
    442 KB
  • Originaldatum:
    2010:04:04 22:57:01
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44252]
Kommentar vum Fotograf:
Iwwerreschter aus der Zait fun der Stoolindustie
m-otiv 05.04.2010 - 10:53
intressant..fannen se e bessi zevill giel...
Laurent76 06.04.2010 - 08:47
WB ass e bessen ze warm, wanns te deen mei kaal mes get den Himmel och mei blo....

Foto mam Cadrage gefällt mir awer ganz gudd.

Wees du waat daat doten fir een Gebei ass/war?
petz65 06.04.2010 - 09:34
Jo dir 2 hut recht mat der Faarf.
Hun iwwer de Weissofgleich dat Resultat kritt.
Hätt eigentlech bessen nobesseren missen.
Mam Cadrage sich ech selver awer och zefridden.
Dat gebei huet mam Schinnennetz fun der Arbed ze din. Hun ugeholl dass do Weichen gestallt gi sin. Bannen ass naischt mei do.
Shantideva 06.04.2010 - 10:06
Jo, daat war daat war e klengt Stellwierk vun der ARBED. Ech mengen an dem do sin d'Weichen gestallt gin fir den Torpedo den zweschend Scheffleng an Belval zirkuléiert ass. Deen ass vun Scheffleng iwert d'Boubreck, den Gaalgebierg an durch den Tunnel op der Grenz bis dohin gefuer an dann sin d'Weichen emgestallt gin, an en ass vun do aus am Reckgang iwert d'Breck op den Belval gefuer.
Laurent76 06.04.2010 - 10:19
Schued daß esou Saachen esou verfaalen geloos gin.
Leien Schinnen dann nach? Am Fall wou wär daat dach emol sennvoll daat touristesch auszebauen an esou engem den Wee vum Stohl mei no ze brengen....
Shantideva 06.04.2010 - 10:25
Nee, d'Schinen, wéi och daat ganzt Schinnennetz an der Hiel bei den Gallerien (an och déi bannen an den Gallerien) sin alleguerten am Elektrohéiguewen geland. Daat waat eis Noperen färdeg bruecht hun brengen mir mol net um Belval färdeg. Zu Völklingen hun se färdeg bruecht eppes fir d'Zukunft ze erhaalen, zu Duisburg och mam Industriepark an zu Uckange steht och nach den Heiguewen 4 mat allem drun. Do kann een och touristesch Führungen kréien. Hei um Belval hun mir just bewisen waat ons eis eegen Urspreng haut nach selwer wärt sin. Ech fannen daat schued.
Laurent76 06.04.2010 - 10:35
Do kann ech dir nemmen recht gin. Bei eis get alles zu Geld gemaat waat een nemmen zu Geld maachen kann, esou guer eisen Patrimoine!

Wei ech schon dem gtaddei1 bei seng Foto vum Keller geschriwwen hun:
"Tradition ist die Weitergabe des Feuers, nicht Anbetung der Asche."
dentom 07.04.2010 - 17:48
Haut war am Tageblatt en Artikel zu dem Thema:
http://tageblatt.editpress.lu/luxembourg/39832.html?print
Shantideva 09.04.2010 - 21:39
Daat war vun Ukank un alles warm Loft waat se do iwert den Belval vun sech gin hun. Ech kennen vill Leit déi dofir gekämpft hun an batter entäuscht sin. Si hun et mol net färdeg bruecht soss eppes anständeges dohin ze bauen. Alles een groussen Reinfall menger Meenung no.
An wann se dann färdeg sin mat bauen (an 10 Joer, wann deen eischten Deel schon erem auserneenfällt) mussen déi Leit feststellen déi do eng Wunning kaaf hun dass se direkt niewend der Walzstross vum Belval sin. Den Kaméidi (24/24h) gin se do nie lass.
dentom 10.04.2010 - 13:34
Jop, ass Schued ze gesinn wei do rücksichtslos dei ganz Industriekulur zersteiert get. ech sinn vill zu Hattingen an Duisburg ennerwee. Do kruuten se et hinn daat alt ze erhaalen an neies ze schaafen an deems se en Kulturprogramm do laafen hunn, een tauchen a klooteren goen kann... (a sie hunn zu Duisburg souguer en Klettersteig)
_MiAmI_ 09.04.2010 - 21:17
fannen sou verloosen Plaatzen emmer gud an spannend, keint mech deen ganzen ob sou plaatze erem lungeren!
petz65 09.04.2010 - 21:39
Jo richteg huet alles eng gewesse Spannung a Reitz - doniewt si keng Störfaktoren wei Leit an Autoen op sou Platzen
_MiAmI_ 10.04.2010 - 11:34
Wou ech vir lescht do war, waren zwar der richteg puer domm Jugendlecher do, der halwer Starker!!!
Nuje, Gesllschaft get net besser.
As awa flott trotzdem do.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 382 Gäscht online