lol hei kann een ganz gudd eng optesch täuschung gesin . du muss de gielen schaf ukucken, mee deen rouden lenks am aae-wenkel behaalen. da amüseiers de dech permanent tescht dem s/w an dem fuerwegen hin an hier ze sprangen. da gesäis de wei den rouden schaf op eemol am s/w bild fir eng mini-zäit gring gett (as mär lo mol virdrun hei sou opgefall)
Also mir gefällt di farweg an desem Fall besser ... mais vläicht sin ech nach just net grad aal genuch, och wann ech virun 11 Deeg ee cran méi ropgeklomme sin...
Mais am Print géif ech dann awer di s/w léiwer ophänken.
Ech wollt awer nach eppes zu méngem Déngen hei soen:
Farweg um Computerschirm, well do d'Luucht vun Hanne kënnt an deemno d'Farwen richteg liichten.
A s/w geprint, well dee Barytpabeier, wéi et e mëttlerweilen och fir Inkjetprinter get, der s/w-Versioun gerecht get an et bestëmmt een edelt Bild gëtt. (Ed-el muss et jo bal gi bei dir, gedu?!)
Bei der faarweger Foto hues du zwou Sachen déi opfaalen, déi bei der SW net sou zum virschein kommen. Riets ass den eischten Schaaf giel, an déi aaner greng. Daat erkennt een net méi an der SW, awer den gielen Schaf ass och nach grad am gellenen Schnett. Op der lenker Seit verléiert och den rouden Schaf e bessi un impakt wann en SW ass. Also hei tendéieren ech ganz kloer zur faarweger Versioun well d'Faarwen aktiv zu der Kompositioun beidroen.
du lach's elo Willy, mé eng kleng Grëtz domadden huet et bestëmmt ze dinn.
e besselchen Nostalgie, Erennerungen ewéi mer mat Hänn a Féiss am Entwëckler an Fixéirer gepuddelt hun. Ech, an Du och, mer wesse nach ewéi e gericht huet, an obwuel ech dach's geflucht hun .... vermessen ech dé Geroch beim schaffen am Photoshop heiansdo