Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
HK
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.03.2010
  • Gekuckt:
    26733
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    102 KB
  • Originaldatum:
    2009:10:26
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 100 2.8 Macro USM
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:
3x Pocketwizard, 2x Canon Speedlight.
Den Hannergrond as en Teppech.

Fir anzesetzen: [pg_img=43516]
Kommentar vum Fotograf:
PAD 299/365
Mäin neit Messer fir an de Scouten. (Heckler & Koch 14300S) Ech sin net sou ganz zefridden mat der Foto well ech et net hikrut ze weisen wéi schaarf et as zur gläicher Zäit wéi d'Form vum Messer ze weisen. Iddien?
Geko 09.03.2010 - 14:50
Eng spontan Iddi ouni dat schon mol probéiert ze hun: vläicht kanns du d'Schneid vum Messer vun ënnen zousätzlich sou beliichten, dat do Reflexiounen entstinn, mat enger Täscheluucht zum Beispill. Dat géif d'Schäerft ënnersträichen...
Gaga 09.03.2010 - 16:19
genau daat wollt ech och soen, mais den stol gesait iergendwei matt aus ?!?

Geko 09.03.2010 - 21:19
Ouni d'Messer ze kennen, géif ech mengen, d'Kléng wir ge(sand)strahlt an dofir matt. Dat gëtt bei bësse méi "martialische" Messeren vill gemeet. Dat gëlt awer sécher nët fir d'Schneid, déi misst blénken, wann Luucht drop fällt.
gloda 13.03.2010 - 12:20
Merci, dat wier eng Iddi. Ech géif en Blëtz huelen éischter wéi eng Luucht, mee dat as egal.
D'Säit vun der Kléng as effektiv matt.
dr_kim_veis 09.03.2010 - 14:54
ech mengen och, vlaicht eng luucht vun ennen oder vun hannen. oder du keins eng foto probeieren wou d'messer op enger glaasplak lait oder soss eppes waat reflekteiert fier mei dimensiounen ze weisen mat der reflektioun.
ob alle fall gefaellt mer dei kaal atmosphere...
gloda 13.03.2010 - 12:21
Dat wier eng Iddi. Ech hun nämlech gestruewelt fir zum engen genuch Däifteschärft ze kréien, an zum aneren net eng Vue ze hun déi einfach senkrecht zum Verlaf vum Messer as. Dat géif dann awer e bësse Perspektiv dran bréngen.
dentom 09.03.2010 - 15:02
Gefällt mer ganz gut vun der schärft hier an och den Hannergrond passt hei spuer. Ech mengen och, wei den Dr, datts de et mol mat enger Spiegelung keins probeiren mee da geet deen Hannergrond natierlech verluer.
gloda 13.03.2010 - 12:21
Net onbedingt, wann ech d'Reflektioun drënner setzen kann den Hannergrond nach ëmmer hannendru sin.
JohnJ 09.03.2010 - 16:57
Daat mat der Lucht vun Ennen geif ech och probeieren
gloda 13.03.2010 - 12:22
Okay, ech wärt dat wuel eemol probéieren.
Laurent76 09.03.2010 - 19:35
Irgend eng staark awer punktuell Luut dei vun hannen dropliicht an dei just ennen liicht détongueasseiert, daß eng art Hellegenschein ob dei ennescht seit kennt, evtl och just ob engem Deel...
Dodranner evtl nach een * gesaat, mee deen net gemoolt wirkt...

Daat wär meng Idee...
gloda 13.03.2010 - 12:22
En punktuellen Reflect wier effektiv eng Iddi wou ee kéint mat abauen.
Gaga 10.03.2010 - 08:31
een piment derbai leen ?

bigsmile

gloda 13.03.2010 - 12:22
tongue
Maimonides 10.03.2010 - 21:45
Fir di do bräichs du ë Waffeschein, gloda,
wann iwerhaapt duerfir ee virgesin wär....
closed_eye
gloda 13.03.2010 - 12:23
Ech mengen d'Messer wierkt méi grouss wéi et as. Dat do get zu 90% gebraucht fir Fissellen duerch ze schneiden.
Maimonides 13.03.2010 - 14:58
Ech weess, gloda,
a war och laang an de Scouten:
mir hun déi Zäit dee Problem do
grad esou géréiert well mir wossten
dass daat, éventuell, géif toléréiert gin.
closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 561 Gäscht online