Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

armoured vehicle

 
armoured vehicle
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.03.2010
  • Gekuckt:
    41870
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    66
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    715x477
  • Späicherplaz:
    73 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Iphone 3G
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=43500]
Kommentar vum Fotograf:
och mam Iphone kann een Photo'en maan
Laurent76 08.03.2010 - 19:56
an "dèi wou keng ahnung hun vun militärmaterial sollen de baack haalen" gell!
Als eischten Kommentar no 13 Minuten um Site jo super genial onpassend!

...AiRcRaFt...


dog2 08.03.2010 - 20:07
"Als eischten Kommentar no 13 Minuten um Site jo super genial onpassend!"

...no 13 minuten...gesais de mol waat Kluuten ausmaan smile


Laurent76 08.03.2010 - 20:16
Fir onmaneierlech an frech Kommentarer ofzegin brauch een ganz secher keng Kluuten!
dog2 08.03.2010 - 20:29
du bass jo awer deen wou den leit hir foto'en schlecht maan geet matt "fake" "schnappschoss" asw a wann een daer dann op dein kommentar aenwert, da fänks de un matt kraischen "tongueaack dech a watt an"
Laurent76 08.03.2010 - 20:58
Wanns te ganz genau kucks war ech daat a) net mat "fake" an b) huet keen Mensch dei Foto mam Flieger schlecht gemaat.
Desweideren ass hei een Site wou een drob ass fir eppes iwwert Fotoen baizeleieren, an Kritik geheiert nun eben emol do derbai.
An deen deen vun eis zwei keng Kritik iwwert seng Fotoen verdreit bas du. An wanns te keng Kritik wells bas te hei Falsch. Dann hänk der deng Fotoen doheem an deng Kummer an bewonner an luew se selwer.
Punkt an fäerdeg!
dog2 08.03.2010 - 21:12
1) voila smile du wars daat net - ma firwaat fills du dech dann ugesprach?
2) merci fir d'belèiheren
3) deng ausso, meng foto waer jo èischter een "Schnappschoss": ass daat deng manèier fir d'leit esou ze kritisèiren, datt se och eppes "bailèiren"
4) ech verdroen kritik
5) meng kummer geet dech absolut naischt un
6) net jidfereen huet esou een technescht arsenal doheem stoen wèi's du, dofir wonner dech net wann verschidden foto'en wèi bellegt "schnappschess" riwer kommen

.

Laurent76 08.03.2010 - 21:16
7) dèi wou keng ahnung hun vun militärmaterial sollen de baack haalen

Haas te daat net nach vergies....?
dog2 08.03.2010 - 21:22
wèi virdrun well dem "gunman" geschriwen, du kanns dech gaeren bei engem admin beschwèiren, ech bleiwen bei menger ausso
Gaga 09.03.2010 - 10:33
Ey ey ey ... ween bass du dann ?
Ech wor daat mam FAKE ! an wei den Laurent schon richteg bemierkt huet, bass de weit eweg derfun ze verstoen waat hei lass as !
Also zei deng Kluuten mol e bessen bei, an setz en aaneren Toun op, soss werts de net fill Spaass hei um Site hun, engem Kluutenmänchen Kommentarer ze schreiwen mecht nämlech keen Spaass !

Lo, zu menger Ausso, daat wor IRONECH, kloer, et muss een schon als eicht den Geescht aktiveieren fier esou sachen ze verstoen ... mei Gott, villeicht leiers de daat nach !

Mei oh mei .... an ech hun schon gemengt ech wier stark am "an t'Fettnätonguefchen treppelen !"!



dog2 09.03.2010 - 11:04
"Also zei deng Kluuten mol e bessen bei, an setz en aaneren Toun op, soss werts de net fill Spaass hei um Site hun"

ass daat eng drohung?

also biswell amüsèiren ech mech köstlëch hei,
vun 2 photo'en woubei eng als "schnappschoss" bezeechent, ass et graad dèi wou am meeschten vun iech ugeklickt gett smile
mengen ech verstin ganz gudd waat hei leeft smile
Gaga 09.03.2010 - 11:09
jo, mam verstoen hues de et nach net esou !
lauschter ... dat all mensch deng foto uklick leit secher net un der super opnahm deis de do gemach hues ! oder huet schon een epes zur foto gesoot?
nee, keen wuert !
dann, ech drohen der net ... wei keintn ech ! mais ech soen der just wei et wert sin !
wanns de dech elo brüsten wells mam fait, dats de wahrscheinlech den schlechtesten start op pG gemach hues deen et bis elo gin as, dann erfree dech nach schnell un denger Leeschtung !
Bis elo hues de jo nemmen gut gemenkten Rodschlei kritt, probeier mol driwer no ze denken !
Filleicht klickt et jo !
dog2 09.03.2010 - 11:17
ech hun wuel ganz gudd verstaanen, maach daer do mol keng suergen - stell du daer mol èischter d'fro firwaat esou eng "schlecht" foto a relativ kuerzer zait esou oft ugklickt gett am gèigendeel vun menger 2.foto wou opmannst matt engem "richtegen" fotoapparat gemeet gin ass
schlechten start? Views soen eppes aanescht, op se elo wèint de kommentaren oder wèint der "schlechter" foto klicken sief dohin gestallt - wann een net eenz gett matt deem waat ech schreiwen huet hien jo selwer de choix, fills de dech persèinlech ugegraff kanns du dech jo bei engem admin beschwèiren oder loss et einfach sin an haal op holz an d'feier ze leen well wèi gesoot amüsèiren mech köstlech hei! smile
Gaga 09.03.2010 - 11:21
jo ech och, deng Kluuten sin einfach de glanz, hun selten sou fill "iwerhieflechkeet" an enger persoun begeinnt !
Du bass speziel ! an daat bewonneren ech !
Ech sin dein eichten Fan an wert deng Carrière hei gären verfolgen ! Ech freen mech schon op all dei Witzeg Diskusiounen dei werten kommen ! An dobei as moies net fill lass hei !
Sou leit wei dech missten et der honnert gin !



leider gin et der dausend !
unhappy
Laurent76 09.03.2010 - 11:28
"Sou leit wei dech missten et der honnert gin !
leider gin et der dausend !"

Excellent, deen muß ech mir verhaalen....
Laurent76 09.03.2010 - 12:48
Impressionant, ech hun deem Spillchen elo mol ebessen nogekuckt, an 1 Minute sin ganz genau 17 Klicken beim Bild beikomm.
Um 11:30 waren mir bei 213 klicken an elo schon bei..., moment 648!

Eisen klengen Kolege wärt sech amuseieren an mat engem anern Numm hei angeloggt hun oder ouni ageloggt ze sin an permanent ob seng Foto klicken, deen huet definiitf keng 15 Joer...!

Déer mißt en et der wirklech 100 gin, mee et gin der 1000!
dog2 09.03.2010 - 13:21
Daat kann een jo mettels ip iwerprèiwen oder nët? An dann waert een gesin datt un dengen behaaptungen naischt drun ass. Kommen graad vum
chinese, souvill zu thema "eisen klengen kolleeg" amüsèiert sech - soen iech awer villmols merci fir aeren onfraiwellegen support smile
Laurent76 09.03.2010 - 13:35
945, wers glaubt wird seelig!

An waat fir een "onfraiwellegen" Support.

Et ass ganz secher eppes oberfaul dodrunner wann een Bild an 2 Stonnen 700 Klicken krit, an ech sin iwwerzeecht dei klicken kommen vun enger IP Adresse, oder weivill och emmer mee daß et ganz dachs dei selwegt ass...
Laurent76 09.03.2010 - 12:52
700....

Elo geif et effektiv Zait gin daß een Admin hei eppes mecht.

Wann deen doten den ganzen Metten zait huet ass et den Owend dei Foto mat deenen meeschten Klicken
dog2 09.03.2010 - 13:38
mer d'leit liesen jo just kommentaren wou daer hei ofgidd, waat reechs de dech dann sou op? Gèifs du mol ophaalen all stonn 20mol meng foto unzeklicken fir ze kucken op ech na net geaentwert hun, waeren maer bei 400 klicks also haal weg op maer saachen ze ennerstellen mam ziel mech beim admin schlecht ze maan well daat kann mol een schoss nohannen gin, besonneg ouni beweiser dèi deng these stezen kinnten smile
Laurent76 09.03.2010 - 13:43
Wanns te et nach net solls erausfond hun, du kris eng Nooricht wann een ob een Kommentar vun dir äntwert, zumindest dann wanns te daat angestallt hues, an dann brauchs te net kucken ze gin ob eng Antwert do ass mee du kris et ungewissen falls eng do ass!
Ausserdem kann een och gesin ween alles online ass, an et waren den metteg keng 500 Leit online dei alleguer ob dein Bild geklickt hun, mee wei ech gesin mißt en et der jo an deenen leschten 2 Stonnen schon 800 Leit gewierscht sin, Wahrscheinlechkeet geingt Null
dog2 09.03.2010 - 13:49
Nee serieux? Merci fir d'belèirung - an awer klicks de smile merci
dog2 09.03.2010 - 13:47
Beweis et an haal endlech op behaaptungen an den raum ze werfen wou onhaltbar sin wann een daat dann iwerprèift - sot daer jo, haal op mèin bild ze klicken, dann sin maer schon bei vill manner views an nach eemol merci fir den onfraiwellegen support! smile
Laurent76 09.03.2010 - 13:52
Ech loosen dei Seit vun denger Foto obstoen, dann kris te vun mir keen Klick wann ech dir ob deng Remarquen äntweren.
An fir Klicken ze kucken ouni drop ze klicken, daat geet hei...
http://www.photogen.lu/?page=view&tongueagetype=newest
dog2 09.03.2010 - 13:57
Schèin geschicht...

ech soot daer jo, beweis et bevirs du esou behaaptungen vun daer gess, well ech hun zeihen falls et hard op hard kennt, doriwer raus ass maer eng manipulatioun, sou wèi vun daer ennerstallt (!) technesch guer net mèiglech well schaffen mam iphone. Hoffen maer hun eis elo verstaan, well kommentaren vun maer kritisèiren ass dèi eng, manipulatioun ennerstellen dèi aaner saach! smile
dog2 09.03.2010 - 14:29
"hellëf" unhappy
mmphotos 09.03.2010 - 15:02
Waat soll daat gestreits hei? Et as dach zimlech egal weivill klicken een huet oder net. An deenen 3/4 Joer wou ech hei ob Photogen sin hun ech nach keng 10 mol no den Klicks vun enger Foto gekukt. Et get neicht waat manner ausseet wei daat!

AN daat gestreits hei as einfach nemmen läscherlech. Haalt dach einfach ob an notzt dei energie fier KONSTRUKTIV Kommentarer ob aaneren PLaatzen ze schreiwen!
dog2 09.03.2010 - 15:39
Genee meng meenung, merci!
Gaga 09.03.2010 - 15:53
do as epes drun, mais et muss och mol kloertext geschwaat gin, meir wellen dem jong jo just erklären dat en den start e bessen verfehlt huet, mei net !
ech hun et och missen duerchmachen !
smile
Laurent76 09.03.2010 - 11:20
Genau aus dem Grond wou den Gaga geschriwwen huet hues te dei vill Klicken. Ganz sehcer net aus dem Grond vun der Super Foto. Well bis dato hun hei dei weinegst Kommentarer eppes mat Foto ze din.

Gei emol dem Gaga seng Antwert ob dein "Kommentar" bei daat Bild mam Flieger kucken, deen seet ALLES!!!! ...AiRcRaFt...
Chrissie 09.03.2010 - 15:41
Kluuten? oO misst een daat wuert kennen? smile
dog2 09.03.2010 - 15:44
smile
Chrissie 09.03.2010 - 15:45
ass awer schon een komescht wuert closed_eye
dog2 09.03.2010 - 15:50
komësch - eben graad dowèint geschriwwen, mengen jicken hèiert sech bessi eekleg un closed_eye
Chrissie 09.03.2010 - 15:55
aah ok lo hun ech et verstaanen bigsmile
Chrissie 09.03.2010 - 15:40
6) ech hun vllt och net sou een techneschen arsenal doheem stoen mee dofier gett et io natur closed_eye an et keint een sech na alles selwer bauen zum noutfall, wann een kreativ genuch ass
dog2 09.03.2010 - 15:48
Eben - also ech hun dèin ween gesin an hun se einfach missten knippsen, haat eben naischt aanescht dobai wèi deen "bellegen" iphone, nikkon, canon, minolta asw haat ech deen moment a mengem porsche leien gelos closed_eye
Laurent76 08.03.2010 - 20:01
.
dog2 08.03.2010 - 20:09
ma wann deem sou ass, firwaat kucks de meng foto iwerhaapt a gess nach e kommentar of?
gunman 08.03.2010 - 21:13
W.e.g. wéini erbaarmt sech dann en Admin...??
Daat do ass net daat waat ech an desem Forum gewinnt sinn.
dog2 08.03.2010 - 21:18
ok a firwaat schreiws du maer elo? da schreiw engem admin eng mail an dann beschwèiers de dech, ass daat do de wee? du provozèirs jo elo nemmen? also weg bleift bessi um buedem, well daat do kann et jo awer elo och net sin!
dog2 08.03.2010 - 21:29
an iwerhaapt fir den forum muss de zwouschaanescht klicken smile
gunman 09.03.2010 - 08:45
Ech gesinn, Du hues et awer verstaanen.
_MiAmI_ 09.03.2010 - 09:17
...waat as dann hei lass????
Gaga 09.03.2010 - 10:34
lol !
t'Kluuten sin lass ....
Miau 10.03.2010 - 09:37
entschëllech Gaga, waat si "Kluuten"
Gaga 10.03.2010 - 09:38
den Dog2 mengt daat wieren seng "testiculen" !
Miau 10.03.2010 - 12:19
hat ech och so geduecht, mais war es net secher "bigsmile"
dog2 09.03.2010 - 11:07
Zalit zäme smile
_MiAmI_ 09.03.2010 - 14:16
what da hell...
iwer 1000 klicks vir dei iphone foto!?
fannen ger zwar besen iwerdriwen hei, weinst neischt an guer neischt....
geing ech mol soen.
Selwer kann een seng Klicks jo net erheischen ?!
Laurent76 09.03.2010 - 14:42
Wei ech schon uewen geschriwwen hun, egal wei ass deen Wert net realistesch!
Um halwer 12 waren mir bei 213 Klicken, 3 Stonnen mei speit bei 1280, wei soll daat goen??
Daat ass an mengen Aen een Schlag an Gesiicht fir dei wirklech gudd Fotoen...
gloda 09.03.2010 - 14:36
Ech géif et ouni den Gielstach besser fannen. D'Gefierer stieche jo vu sech aus schon genuch als giel eraus, d'Repetitiouns-Symmetrie hëlleft do och. Natierlech hëlleft déi Verarbeschtung fir e bëssen vum Standard Look vum iPhone ewech ze kommen, vun do hier mecht et scho Sënn wéi s de et gemaach hues.
Kenns de dem Chase Jarvis säi Buch "The Best Camera"? Wann s de vill mam iPhone schaffs kéint dat dech interesséieren.
dog2 09.03.2010 - 14:52
merci gloda fir dèin tipp!
xaph32 09.03.2010 - 15:19

et gin leit déi maan alles fir statistiken ze friséiren, zimlëch null, wem wëlls de hei eppes beweisen? an en plus an de wochenofstëmmung...

zu der foto: op iphone oder nët, den giel-stëch ass einfach onpassend, wann een matt effekter spillt muss een sëch gedanken driwwer maan wat een wëll a virwat, soss brëngt et naischt. am groussen ganzen einfach eng ganz schlecht foto, egal an wéi enger kategorie se lo wier an och onofhängech vum filter
dog2 09.03.2010 - 15:36
Merci fir deng kritik - mee deng udeitung ech gèif manipulatioun bedrèiwen ass genee wèi deem aaneren seng iwerflesseg wanns du daat net beweisen kanns, ech fir mèin deel kann beweisen datt un deenen beschellegungen mam ziel mech als fälscher duerzestellen absolut naischt drun ass, also weg daer leet iech wait aus der fenster matt sou behaaptungen - merci
xaph32 09.03.2010 - 15:47
dach, dat kann een ganz einfach beweisen, dann geess de bei den shantideva an d'galerie an dann kucks de dem sengklicks an d'zait déi en gebraucht huet fir se ze kréien, oder du kucks déi aktuell foto vun der woch (déi lait am moment beit 300 klicks) an dann kënns de op meng conclusioun, iergenteen huet manipuléiert, dat ass kloer, du kanns dech jo och bei en admin bekloen goen, me och ech änneren och naischt un dem wat ech gesot hun devil
Gaga 09.03.2010 - 15:42
wow, et geet erem em daat wesentlecht !
wei ween waat fälscht as dach egal, t'klicken zielen hei net, t'bewertung an t'resultat an der wochenoofstemmung !
Eng Foto dei sou bewegt an t'gemüter opreegt huet et an mengen Aan verdingt an t'wochenoofstemmung ze kommen, et as jo net "Dei scheinsten Foto fun der Woch" mais einfach dei ... "interessantst" oder "opfällegst" dofier setzen ech oft esou Fotoen an t'oofstemmung, och wann t'Stemmen net no menger usicht verdeelt gin !!!
xaph32 09.03.2010 - 15:48
du peacemaker op der buddismus-schinnbigsmile
Gaga 09.03.2010 - 15:52
bigsmile
nee, ech fannen daat einfach logesch !
Ech setzen och fotoen an t'Ooftemmung dei mech alleng duerch hier uwesenheet hei erstaunen ... à la "ween as do bestach gin dat dei eropgelueden gin ass????" (soll elo keng uspillung un iergendwepes sin !!!!!!!!!!!!!!)
aanerer fannen ech kreien guer keng klicks oder kommentarer, an sin super fotoen, oder weinstens interessant !
An der Wochenoofstemmung kreien se eng 2t chance bemierkt ze sin !

xaph32 09.03.2010 - 15:57
sorry gaga, an d'wochenofstëmmung gehéiren déi fotoen déi et verdingt hun, an zuguer dat ass nach keng garantie...
do sin ech nët d'accord, well et wier schons e groussen mérite wann dat ëmmer géif klappen, wann déi hei drangehéiert, dann brauche mer den button "an d'wochenofstëmmung" nët méi, me dann kënne mer prinzipiell um enn vun der woch iwwer all d'fotoen ofstëmmen an nët nëmmen iwwer d'selektioun.
Gaga 09.03.2010 - 16:09
deelweis fannen ech daat jo och !
(dein läschten saatz !
Also ech fannen eng "Foto fun der Woch" muss net einfach dei bescht, perfeksten Foto sin, se kann och zb einfach den nerf fun der Zeit getraff hun, ausergeweinlech sin, een statement hun !
Daat muss net eng gut foto sin !
bei z.b. Picture of the Year, sin oft Schnappschess gewenner, well se mat fill Chance an zoufall, een immens wichtegen oder spektakulären moment festgehaal hun !
op elo eng Foto dei verwonenrung an erstaunen erwächt och derzou geheiert sief a fro gestallt !
wanns de sou wells, heescht den knätonguechen : erennert ierch e sonnden nach eng keier waat haut hei lass wor !
xaph32 09.03.2010 - 16:14
ech weess wat's de mengs, dat sin fotoen déi e ganz starken (vlait och e liewensgeféierlëchen) Androck hannerloossen souwéi dëst joer d'foto aus dem Iran, dat ass hei nët de Fall, an ech mengen och nët sou fotoen hei schons gesin ze hun
Gaga 09.03.2010 - 16:17
Metalbambi 09.03.2010 - 22:33
Mier sin eis jo schon des oefteren an d'Hoer komm, mee hai muss ech der Rescht gin. smile
xaph32 10.03.2010 - 07:43
zumindenst eng kéier méi hefteg, me dat ass de facto geschicht closed_eye
Gaga 10.03.2010 - 08:33
mat engem mensch mat deem een guer an glaat keng gemeinsamkeet huet,
kann een net streiden !
(mann ech sin erem philosophesch drop haut)
Gaga 09.03.2010 - 15:47
sou, dajee allt, ech soen och epes !
Wann den eichten auto an der rei ganz drop wier, dann eng schein diagonal aus der repetitoun geif kommen, dann wier se super !
ech perseinlech hun schon meng problemer dermat wann eng foto mam smart-phone oder waat och emmer gemach as! wann, dann geht et wierklech an daat künstlerecht, wou farwen, qualiteit an verarbeschtung keng roll spillen (epes waat hei um site nach emmer ze kuerz kennt fannen ech, den künstlerechen deel) ...
waat ech genial fannen as deen "schnei" op den Fensteren ?!? deen widdersproch an der foto as interessant !
am endeffekt eng duerchschnettlech foto fun engem interessanten motif, et hätt een kennen mei draus machen !
Deng aaner foto gefällt mer besser !


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 335 Gäscht online