Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Em den Hals faalen

 
Em den Hals faalen
cc
Speziell Rechter gëllen fir dës Foto. Se steet ënnert enger Creative Commons Lizenz:
Paternité - Pas d'Utilisation Commerciale - Pas de Modification 3.0 Luxembourg
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (26.02.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.02.2010
  • Gekuckt:
    33966
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    5/1000 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    833x1250
  • Späicherplaz:
    141 KB
  • Originaldatum:
    2010:02:25 22:43:-100663296
  • Fotoapparat:
    NIKON D300S
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Nikon 105mm f2,8 Micro
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio  
Extras:
2x Softbox
Funkausleiser
Reflektor

Fir anzesetzen: [pg_img=43177]
Kommentar vum Fotograf:
Sorry, e besseren Titel wollt mir net afaalen

Klicken w.e.gl.!
Shantideva 26.02.2010 - 08:51
Ech sin keen Expert an sou Sachen an hun mech grad gefroot wéis du daat gemeet hues. Gefällt mir gudd an ech gief mech och iwert eng kleng Erklärung freen. smile
mmphotos 26.02.2010 - 09:01
D'Glas an d'Fläsch ob eng plaque gepescht an dann eng Ramp roofrutschen geloos. An ennen dann widder eppes schloen geloos? Leien ech do richteg?

D'Foto selwer, den cadrage an d'idee gefällt mer. Just vun den Faarwen hier fannen ech dass eppes net klappt. Se wierkt sou fade...
Shantideva 26.02.2010 - 09:31
Sou kéint ech mir daat och schon virstellen. Daat schengt dann jo awer méi komplizéiert ze sin wéi et ausgeseit. Merci!
Shogun 26.02.2010 - 09:47
mm : wars du daat den mer dee Video fierun e puer Deeg gewisen hat? wees daat lo nemmei, mee hat den effektif d'lescht Woch och iergendwou gesin closed_eye ...
okok.. offtopic.. pardon. ech stemmen dem mm och zou smile
mmphotos 26.02.2010 - 10:19
Eh..ech wees net mei waat ech der alles gewiss haat, en video kann sin, mee wees awer net mei weieen...wanns de mer sees em waat et geet erenneren ech mech fleitsmile
Shogun 26.02.2010 - 10:29
du Paté ... ma den wou se weise wei daat hei gemaach get an zwar sou weis de sohs .. ;P
mmphotos 26.02.2010 - 10:35
Ah nee deen hun ech der net gewisssmile Ech wees et, oder denken mer et, well den Fern et sou fier seng gemaach haat. Dei dei am Dezember ob der Expo houngen.
Laurent76 26.02.2010 - 13:14
Stemmt mat den Farwen, Moment, ech probeieren emol daat besser ze maachen...
Laurent76 26.02.2010 - 14:08
Ech hun Foto ersaat....
xda 26.02.2010 - 09:25
Gesait gudd aus smile
Froen mech weivill Wein verdeelt gouf bis die Foto sou geklappt huet ...
Wei den mmphotos schon soot fannen ech se och e bessen düster an net sou knackeg an de Faarwen ...
Super Idee an gudd emgesaat smile
Laurent76 26.02.2010 - 13:15
Wein gouf net vill verdeelt, mam Wein hues te nemmen 1 Vesuch, duerno geseit Etiquette vun der Fläsch net mei richteg gudd aus...!

Ech probeieren nach e ebssen mat den Farwen ze verbesseren...
m-otiv 26.02.2010 - 11:58
Do hätt Ech décke Butték doheem smile ....gudd Foto, Hätt mir méi Schärft am Wäin"splash" gewënscht...méi eng kleng Blend hëlleft do ganz vill (bei mir emol)
Laurent76 26.02.2010 - 13:19
Ech mengen net daß et Blend ass, ech war nähmlech ronn 250cm wait eweg waat mat enger 8 Blend eng Deiftenschärft vun ronn 17 cm sin, daat geet duer.

Hei ass dei wou den Splash am Schärfsten ass, ech haat nach eng Probeiert mat enger anerer Fläsch dei besser do steet, wou et dann ausgeseit wei wann den Wein nees zereck an Fläsch weillt mee do ass den Splast nach manner scharf.
Ech mengen hei scheitert et un der Beliichtungszait.
Ech probeieren elo nach eng keier ouni Bletz mee just mat den Luuten vum Bletz dei ech ob ganz stark stellen....
Laurent76 26.02.2010 - 13:13
Zur Erklärung:
wei den mm schon seet ass richteg, Glas an Fläsch stin ob engem Bried, resp sin do festgepecht.
Ennert daat Bried hun ech Rieder geschrauwt an dann daat ganzt eng Ramp erofrullen geloos wou ech ennen een "Stop"-Holz drungeschrauwt hun.
Un daat Stopholz hun ech mein Funkausleiser geluert, (mat enger Fieder um Knätonguepchen) an een Steck Holz ennert dem "Weenchen" huet deen ausgeleist!
Voilà, daat ass et!

Fir deen deen et well probeieren, am Ufank geet et emol drem dei richteg Positioun fir Steck Holz ze fannen daat den Funk ausleist.
Dann fir ze testen mat Waasser an ouni Fläsch probeieren bis een deen richtegen Punkt ob der Ramp fond huet an dei richteg Füllhöhe.

Voilà....!
Shantideva 26.02.2010 - 13:44
Ganz interessant. Ech kéint mir elo virstellen dass een dann nach zousätzlech kéint Wein an der Fläsch lossen an deen mat Gelatine verfestegen. Daat wier den Tëtonguepelchen um i. Déi eng Seit den Wein deen aus dem Glas sprengt, an op der aanerer Seit, de Rescht Wein schéin roueg an der Fläsch.
Laurent76 26.02.2010 - 13:50
Yep, ech hun Idee vun Foto TV an do maachen se et och esou....!
Ech probeieren et nach eng Keier an dann wärt daat doten och mat dran sin....
Laurent76 26.02.2010 - 13:57
Ech hun Foto elo durch eng aner ersaat, wou Farwen evtl besser sin.
Mei geet net well ech elo mat mengem Latein um enn sin...(a Saachen Fotoen tunen)
ludiol 26.02.2010 - 14:24
Et läit un der Beliichtungszäit, ech haat och mol eng Kéier eng Serie gemaach mat Campari, an do hun ech mat Dauerliicht geaschafft, well d'Blëtzsynchronisatioun net duer gaang ass. Zu der Foto, flott Iddi, gudd emgesaat ausser effektiv d'Onschärft vum Splash. Ech hätt vläicht den Fleck op der Etiquette nach wegretouchéiert

Laurent76 26.02.2010 - 14:28
Ech probeieren och nach eng keier mat dauerliicht.

Den Fleck ob der Etiquette krut ech jo fir fre..en net eweg....
ludiol 26.02.2010 - 14:29
vill gepiddels tongue
Laurent76 27.02.2010 - 00:13
Ech hun den OWend dei selwegt Foto nach eng keier gemaat mat Dauerliicht vun den Bletzer, daat geet awer leider net duer mat der Luut.....!
An wann ech mam ISO ze heich fueren an duerno obhellen daß ass lauter Rauschen dran. Mee just als Info, 1/500 geet nach net duer fir den "Schwapp" anzefreieren....
m-otiv 27.02.2010 - 01:29
Laurent....wéi knipps Du? matt der "Rafalle"? matt oder ouni autofocus? Kuck dir dës série un Drop Tungsten 2
, bei 1/100 mam selwechten objektif waar mein splash méi schaarf
Ech haat manuel mam Focus an manuel um richtege Moment geknippst...den Autofocus ass do einfach nët schnell genug...Du wées jo onge4 wou dein splash hikënnt. Dann maach e Bleistëfft (zb) am Glass an focus dorober, an dann "timing"
Laurent76 27.02.2010 - 13:17
Waat ass Rafalle?

Ouni Autofocus kloer, esou weis te sees, ech stellen scharf an dann den AF eraus an ob MF, sos ass den Risiko och ze grouß daß en egal waat fokuseiert....!
Mam Timing hun ech un sech keen Problem, esou guer wann den "Wännchen" net ausleist..., mee scharf war et nees net....!
Schued daß ech dei Saachen neierens kann hinstellen sos keinns te dir et ukucken....!
alex 02.08.2010 - 11:53
Flott gemaach, gefällt mer. Huet en geschmaacht, d'Fläsch ass eidel? Oder ass daat vum Foto probéieren closed_eye
Laurent76 02.08.2010 - 13:35
Nee, nee, deen doten haat ech schon gedronk.....!
Mat Wäin huet de eh nëmmen eng Chance, duerno ass Etiquette besaut..., dat huet rouden Wäin esou un sech tongue

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 428 Gäscht online