Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kevin

 
Kevin
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.02.2010
  • Gekuckt:
    122388
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    63
  • Beliichtungszäit:
    1/180 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    416 KB
  • Originaldatum:
    2010:02:25 23:08:48
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=43172]
Kommentar vum Fotograf:
Flait huet jo deen een oder aaneren den Interview mat him op RTL oder ELDO TV gesinn... ech wuar opschiddefall begeeschtert vun em!
MarcGerard 26.02.2010 - 07:29
Oaaah 't sau! Wat sin ech puermol een iesel!! closed_eye
saugudd dat do!!
klex 26.02.2010 - 16:34
merci gérard closed_eye ....
MarcGerard 26.02.2010 - 16:43

hehe, lool smile
Shantideva 26.02.2010 - 08:42
Perfekten SW! Gefällt mir super mat denen feinen, subtilen Kontraster an Texturen.
klex 26.02.2010 - 16:33
mengen d'läit vill un der lucht (wuar dauerliicht), mat 1 luuchtquell kann een opschiddefall scho vill maachen fannen ech, brauch ee net emmer 3 bletzer. merci smile
gilli 26.02.2010 - 09:40
Geeeeeeeeenial. Wei gäil ass daat dann? Wei bass de dann dorunner komm fier en shoot mat him ze machen? Perfekt SW. Sin begeeschtert.
klex 26.02.2010 - 16:32
Dat wuar nom Interview mat him, op Eldoradio fenns de en, op rtl ass och een, wuar kameramann. Dono hu mer nach puer Fotoen eben gemat, net ganz vill awer leider. merci fir de favorit smile
xda 26.02.2010 - 09:44
Den Opbau gefällt mer gudd .) D'Luucht vu Lenks ass och prima ... doduerch ass sai Gesiicht riets sou "düster". De Schiet vum Kapp op der Mauer steiert dobai kaum ...
SW ass och gudd gewielt.
Schei Foto
klex 26.02.2010 - 16:30
Jop, d'Lucht wuar 1 Softbox vu riets uewen, di hat ech och dohi gestallt während dem Interview. Merci!
ludiol 26.02.2010 - 11:19
Top Portrait, den S/W ass wierklech gelong.Dass sou en Star sech fir en Portrait Zäit hellt fannen ech schons cool
klex 26.02.2010 - 16:30
Vill Zäit huet en sech awer net geholl, d'ass duergang fir /- 6 Fotoen, mee trotzdem, wuar awer fein vum em!
Laurent76 26.02.2010 - 14:29
Super Foto....! Bravo!
klex 26.02.2010 - 16:29
Merci smile
dr_kim_veis 26.02.2010 - 15:20
schein, schein!
klex 26.02.2010 - 16:29
merci!
Metalbambi 26.02.2010 - 15:54
Genialen SW, mei get et hai net ze soen! smile
klex 26.02.2010 - 16:28
merci smile ass en digitalen sw
suraki 26.02.2010 - 17:39
wat ech gud fannen, dat hien sech d'Zéit geholl huet ...
d'Geléigenhét fir en gudden Porträt war also do
klex 26.02.2010 - 22:27
20 sekonnen shooting plusminus, duergang fir d'Kamera lasszeloosen, de Fotoapprat ze huelen, alles ze loose wi et ass puer mol auszeléisen... geht och duer usech, d'Lucht hat ech sws fir den Interview schon gesat. Zäit huet et en also net wirklech kascht, mee d'wuar trotzdem fein vum em dat dat wolt!
suraki 26.02.2010 - 22:31
20s ? ups smile
arwa 02.03.2010 - 07:21
tja, neicht fir eis - aal - Gaggaën,
mir brauchen do scho bessi mei laang smile
shingo 26.02.2010 - 21:09
Wonnerbar!
déi do muss ech méinger Fra weisen... closed_eye
klex 26.02.2010 - 22:27
hehe smile
JohnJ 27.02.2010 - 08:33
Ass schon alles gesoot... Respekt fir enner Drock esou een Bild ze machen
klex 01.03.2010 - 23:28
am ufank wuar ech mei nervös, mee dat do wuar nom interview, do wuar et schon rem besse besser gang smile
grimmel 28.02.2010 - 13:10
absolut e super portrait !!
eng ganz propper arbecht !
klex 01.03.2010 - 23:28
merci smile
gloda 28.02.2010 - 21:13
Einfach, elegant, interessant. Wierklech net schlecht wats de do mat enger Luucht gemaach hues. Gefällt mer.
klex 01.03.2010 - 23:28
hu oft gär nemmen 1 lucht, kann ee scho vill maachen, zumools am sw! merci smile
JADE 01.03.2010 - 00:04
bon, bon, bon ... waat nach soen? smile

majo, ech hun just eng kleng Kritik ...
et ass awer net deng Schold, ech gesin och schlecht wéis du oder iergendeen him haett kéinten soen: "euuuh, Kevin, dain Schaal faellt do e bessi komesch, ne ..."
(villaicht sain/seng PR?)

closed_eye

gutt geschafft, deen Portrait ass wierklech gutt
Maimonides 01.03.2010 - 01:00
Elo wous du et seess......closed_eye
(Ech hu meng Accente nach emmer net eremfonnt)
JADE 01.03.2010 - 01:14
ma an ech kréin keng circonflexen an keng tréma'en méi hin ...

kuck hei:

"Klex, cette photo est inou¨¨ie!
Pourrais-tu faire la mcooleme avec Brad Pitt la prochaine fois? ... hmmm? non, plutcoolot avec Johnny Depp! bigsmile ... "

et ass een Mis¨¨ar :-( ... keen wees wou daat hierkennt ???
klex 01.03.2010 - 23:27
hu mech scho gefroot wini een dat seet closed_eye
stéiert mech och!
d'wuar sou, ech hat e gefroot: ''could you please look at me'' am ufank iert ech déi éicht Foto gemat hat. Seng äntwert: ''why don't you just start taking pictures!'' an dat an engem toun, wu ech mer geduet, ok, sees de mol léiwer guer naischt mei bigsmile dofir ass de schaal och lo leider do...
JADE 01.03.2010 - 23:46
LOLLLLL ...
esou genre "Gluups ... euuh ech mengen ech knippsen einfach emol, ier hien sech et aanescht décidéiert ... "

keen Problem Lex ... closed_eye ... bigsmile ...

kritt hien d'Fotoen dann och ze gesin ? oder seng PR-Leit?
wier flott wann hien dir écho'en géing gin oder iwer seng PR-Leit
mee, hien huet wahrscheinlech d'autres chats à fouetter ... closed_eye


klex 01.03.2010 - 23:49
wär eng iddi, kucken mol dat ech eng mail fannen wu ech se kan hischécken, flait freet en sech jo awer wann en se ze gesi kritt, wees ee nie smile
dentom 01.03.2010 - 00:04
Felicitatiounen fier d' Wochefoto. War mein absoluten Favorit.
klex 01.03.2010 - 23:29
merci! och fir de vote dann huelen ech mol un smile
Olivier 01.03.2010 - 06:38
Net nemmen dat et en gudden fotograf as, mee och dann nach en gudden mann fierun der lens... Waat well een mei! Ech kann mir fierstellen dat deen mann vill ereescht huet, net nemmen finanziel, mee och geeschtleg! Wor bestemmt interessant Lex!!
Et as eng gudd foto, wierklech!

Get et den link zum interview?
klex 01.03.2010 - 23:33
oh jo deen huen vill alierwt! dat mirkt een wann en en héiert schwätzen! wuar mega intressant nozelauschteren. Leider ass net de ganzen interview online, well dat ze lang gi wär, mee hei ass de link: http://www.eldoradio.lu/eldotv/?id=15497
Olivier 02.03.2010 - 07:52
Also, et as schon interessant waat den mann vun sech gett... En huet sech effeltiv mat der welt auserneen gesaat. Wou ech den film "Dance with the wolves" gesin hun, do duecht ech mir, deen mann versteet eppes vum lierwen! Seng interpretatiounen vun "berühmtheet", hun mech fierweltzeg gemaa ! haas eng grouss chance Lex!
Kwitchibo 01.03.2010 - 09:56
iLIKE!
klex 01.03.2010 - 23:33
merci marc smile
Laurent76 01.03.2010 - 10:27
Félicitatioun fir Wochenfoto...!
klex 01.03.2010 - 23:34
merci smile hätt et zwar lo guer net awuard!
MarcGerard 01.03.2010 - 11:58

waor zwar bessi gewosst smile
klex 01.03.2010 - 23:34
ebe net? sad mee sin awer frou smile
_MiAmI_ 01.03.2010 - 12:24
...jo bei sou Gelegenheeten muss een zougreifen!
Flott Foto!
klex 01.03.2010 - 23:35
majo dat hun ech mer och geduet smile an d'schoul kann een all daag goen, hien gesait ee nemmen 1mol am liewen
arwa 02.03.2010 - 07:26
oha, dei hat ech, mol guer nët gesinn (sin zimmlech ënnerwée de Moment)
Tip top geif ëch soën an ënner déenen Ëmstänn souguer mei wei tip top,
de Schal steiert mëch kée Pond ,bien au contraire, kënt vleicht nach dohier von wegen " der mit dem Wolf tanzt " closed_eye

alles gouf gesoot an ech si mir sëcher, d'Foto as BESSER wei seng Musek (affaire de gout, ëch wées !)
klex 02.03.2010 - 18:45
seng musék ass och net wirklech menges, an bis ech gewuer gi sin dat mer en interview mat em hätten wosst ech och net dat en iwwerhapt géng musék maan!
merci smile
arwa 02.03.2010 - 07:27
e kuhlen Fotell iwwregens closed_eye
pol9000 02.03.2010 - 10:31
Wierklech eng Foto wou absolut alles stemmt... bravo
suraki 02.03.2010 - 18:27
ech gratuléieren fir d'Bild vun der Woch, mé dat hei alles stemme soll, déer Ménung sin ech nët, sorry och wann ech elo enger ganz Partie Léit op d'Zéiwen treppelen.
Wär et nët de Kevin Costner, dann wär et en ganzen, wann ewerhapt, duerchschnettleche Porträt. Ech respektéieren awer d'Emstänn ennert dénen d'Bild opgeholl gin as, do soen ech ok ... chapeau.
As elo nët béis gemengt, et get mer awer zevill driwer gejoubelt.
(as, meng perseinlech an éierlech Ménung)
klex 02.03.2010 - 18:44
gleewen der dass et net beis gemengt ass, d'ass och e besse meng meenung!
sin trotzdem frou driwwer dat se gewielt gouf
suraki 02.03.2010 - 18:49
an ech vergonnen der et wierklech vu ganzem Härz smile)
arwa 03.03.2010 - 07:42
du gudde Jong closed_eye
pol9000 03.03.2010 - 16:54
et se wierklech e puer Macken do (dee Schaf, dRido...)

mee waat Luucht ugeet, Kompositioun, de choix vir SW a sou weider

mam Kevin huet daat secher net vill ze dinn, ech fannen seng Filmer eng Zoumuddung an seng Musik ass och nemmen bessen besser...

mee wanns de Schaf a Rideau an eventuel och den Teppesch geifs retoucheieren wier se genial an engem Magazin bai engem Interview (meng meenung closed_eye )
klex 10.03.2010 - 20:14
wat mengsde dann wat ech do retuschéiere soll? vertin net ganz?
pol9000 13.03.2010 - 14:54
Ma nee, hat just geduecht se wier mei perfekt ouni deen ofgeschniddenen Schaf rechts an dei Rido lenks, dei wier wuel bai engem professionellen shoot am PS rausgeholl gin, dann wier den Bleck mei direkt um Costner
klex 15.03.2010 - 18:04
Wann et e ''professionelle shoot'' gewierscht wär an se en unisen hannergrond gewollt hätten da wär se direkt am studio gemat gin an si hätten sech net ameséiert dat rauszeretuschéieren smile ech géif dat perséinlech dann zimlech langweileg fannen bei deser foto, an d'ass och net d'ziel vun on-location fotoen usech, also dat ass mol meng meenung... du hues awer räscht, de bléck wär flait mei um costner, mee d'ass mer méi em dat ganzt bild gang hei.
dawnii 03.03.2010 - 13:11
Top, wann ech Costner wier ging ech déi ophänken. Dat as eng propper 11 vun 10.
JohnJ 04.03.2010 - 19:07
ajo... gratulatioun..
BlueRic 31.03.2010 - 11:33
Hat des Foto jo ganz verpasst. Studenten hun einfach zevill Stress!! smile

Einfach an gutt. Gefällt mer. D'Format passt och super fir desen Cadrage.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 234 Gäscht online