Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

1A

 
All Fotoen an dëser Serie:
4858 Thumbnail
4859 Thumbnail
4860 Thumbnail
4861 Thumbnail
1A
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.02.2010
  • Gekuckt:
    48805
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    29
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    G11 an 400D
  • Objektiv:
    intern an 100ter macro
Kategorie: Déieren »» Reptiler
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:
eng Packung Pammpers !

Fir anzesetzen: [pg_img=42974]
Kommentar vum Fotograf:
1Ae um Display an eent um Modell !

méin gëftechst an zickeschst Modell, dat ech bis
elo ofgeliicht hun *lol*. Et wärt och dorbéi bleiwen.

Enger Kinnekskobra get nogesot, se hätt eng gewessen Intelligenz,
des hei as wahrscheinlech d'Ausnahm. Sie huet sech d'Nues dorno
am Terrarium mat hieren Attacken bluddech geschloen.

(gif ech de Shooting nach emol esou machen? ...)
Maimonides 20.02.2010 - 15:14
Flotte Reportage, Ed.
Spillt bei eech kee Flute ?
An di éischt ass eng super Foto.
suraki 20.02.2010 - 15:19
ech si nach emmer op der sich no engem, dén sech roueg do virdrun setzt a spillt ... ech selver nët !!
Méin eichte Shooting dén hallef an der Dier geknippst gin as,
... wollt zum Schluss nët emol vum Modell gekeest ginbigsmile
Maimonides 20.02.2010 - 15:22
De Modell och nët vun dir ?
suraki 20.02.2010 - 15:53
né Charel, ech wéilt desen Modell hei, wierklech nët geschenkt !!! ...
wëll d'Léit vun eiser Veterinärinspektion jo nët provozéieren closed_eye
mé och wann et erlabt wär, né merci !

fir esou eppes ze haalen, as d'Konditioun, an enger Serumkartei ze sin,
... déi hun "all méigelech" Géigegëfter, a brëngen der bei engem Virfall, fir
Zéit ze spuren, de Serum mam Hélikopter (innerhalb vun 2 Stonnen)

Wann en Privatmann esou Déieren hei huet, huet a kritt en bestëmmt an zurecht këng Genehmegung vun eisen Autoritéiten. Ges de vun enger Kinnekskobra gebass, sin d'Chancen relativ klëng dat et gut aus geht. Sie as nët déi gëftechst, mé duerch déi grouss d'Kantitéit vum Gëft eng mat de geféierlechte Schlangen.

Déi héiten gin elo an d'Schweiz an en Zoo smile smile

nb: eng Kinnekskobra fresst nemmen aaner Schlangen, an as dodurch relativ schwéier ze halen, ... et gin awer déi eng oder aner Tricken fir se ze fidderen closed_eye


Maimonides 21.02.2010 - 00:06
o mammelikanner.
closed_eye
Laurent76 20.02.2010 - 15:18
Boääääääh, waat hues du Nerven.

Wei heich war dann dein Bolz bei der 2ter Foto wei dein Model esou ob dech duer komm ass?

Dei 4. fannen ech einfach den Hummer, do brauchs te kengem ze erklären daß Schlang gefeierlech an respektafleißend ass, daat mecht sie hei ganz alleng.
Schued weinst der Hand am hannergrond, evtl mam Weichzeichner driwwer an dann den hannergrond ob 50 oder 75% S-W.
Dei eischt fannene ch net gudd, dei geseit esou harmlos an irgendwei gemolt aus....
suraki 20.02.2010 - 15:28
@ wei heich...
zimlech héich closed_eye
déi aner dräi Biller, och déi mat der Hand, sin nëmmen Doku, ech wollt do neicht drun änneren. Déi éicht , ... as den Blëck ... just ier se an attackéiert, dé mech faszinéiert huet. Dat awer wahrscheinlech just méin perséinlechen Androck ... dén total beaflosst gin as.
Laurent76 20.02.2010 - 15:33
Ech sin anch nie vun esou enger Attakeiert gin, dofir kennen ech deen Bleck dann och net bigsmile
Ech gesin deen Bleck awer dann leiwer ob denger Foto wei an der Realiteit.....
suraki 20.02.2010 - 19:46
hanner Glas as et och ok smile
m-otiv 20.02.2010 - 15:41
sin schon en Déiere Frënn...zemools exoteg....
Schléissen mech dem Maimonides un...déi éischt as s@u gudd (hätt awer éichter als zweet Katégorie Digital Art gewiellt)...an huelen un dass Du keen ordentlechen Hannergronn haas an dofir am PS détouréiert an gepinselt hues
suraki 20.02.2010 - 15:57
jo irgendwou huet emmer eppes gehennert smile merci
xaph32 20.02.2010 - 16:16
he he, sëcherheet geet fir, richteg cool closed_eye
suraki 20.02.2010 - 19:45
smile
gtaddei1 20.02.2010 - 17:37
Méin gott ... waat Nerven ... ech geif se all gewackelt maachen well ech dei Beischten e bessi Fàrten ... well ech neischt dofuunen kennen .
Zur Foto: Super den effet de volume mamm Hals den als hannergrond zielt.

Maach awer och eppes mat der foto matt der oppener Schness .. dei ass der Wàrt ... daat brengst du awer doudsecher fàrdesch
suraki 20.02.2010 - 18:12
merci Genarro,
gewackelt jo, hei war immens fill Schrott drenner, si frou en hallef Dosen gudder ze hun. Ech weisen nach fléit, déi eng oder aner smile
NikonD80 20.02.2010 - 20:40
déi wollt nemmen spillen....."closed_eye",
Nr.1 gefällt mir
suraki 20.02.2010 - 20:50
@déi wollt...
ech oh ...closed_eye
merci Nikon !
Kilroy1313 20.02.2010 - 20:44
OK, d'accord, ech wëll nët méi bei Dir laanschtkommen. Um Ufank wor ët jo nëmmen däi Frënd d'Chamäleon, wat heiansdo e Béier drënkt, kann ech jo verstoen. - Duerno e ganzen Zoo vu Spannen, etc. - an elo dat: Schlaangen !
1. Tipp: Foto vergréisseren an iergendwou um Entrëes-Beräich ophänken: "Bellt nicht, aber beißt - Warnung! besitze exotische Tiere" - da komme jhust nach Zoologen abriechen - Garantéiert ! bigsmile
2. Tipp: Déi schwaarz-wäiss Foto eegent sëch onbedéngt als Cover fir e Grujhel- /S-F- / oder Fantasy-Roman...
War virun 10 Joer bei esou engem Exoten-Fan doheem, konnt 1 Schlaang heemelen (=eigentlech ganz cool), sin nach nët erëm hannëscht zënterhier! cool
suraki 20.02.2010 - 20:52
oh schued, lo wëll ké mei kommen ... obschon se nët bei mer wunnt !
Kilroy1313 20.02.2010 - 20:55
Bleiwe jo nach ëmmer Tonne vu Spannen an déi sëlleche Chamäleo'ner, déi engem ni riit an'd Aë wëlle kucken, sondern ëmmer mam rietsen A an d'lënks Boxentäsch... closed_eye
suraki 20.02.2010 - 20:59
frittéiert sollen d'Spannen awer ganz gud sin,
e klènge Miseler derbei ...bigsmile
Kilroy1313 20.02.2010 - 21:01
Gudden Appetit!
Hunn déi Doku iwwert Spannen och doheem: lecker, lecker !
Mä hei si mer awer nët am Vietnam... Hei deet ee meeschtens Fritten an d'Fritür...
suraki 20.02.2010 - 21:02
smile
Jeanny 21.02.2010 - 06:59
Oh Edy, du beweegst dech op gefäierlechem Gebiet, a frei war se och nach.
suraki 21.02.2010 - 10:20
Jeanny, ech hat een derbéi, dén se heiansdo mam Schwanz zezunn huet closed_eye
merci !
Metalbambi 21.02.2010 - 15:53
Di ass richteg gudd gin, gefaellt mer am beschten vun deenen wous de bis lo gewissen hues. Hg an Textur sin hai och super agesaat.
Respekt daats de dech bei sou en Deier traus, dei meecht geifen eichter fortlaafen.
suraki 21.02.2010 - 16:07
merci fir déi Komment smile
De Respekt an e Meter Ofstand war (bal) emmer do !
Metalbambi 21.02.2010 - 16:27
Ouni Respekt geet et bei sou Deiren schief. smile Huet se d'Druesen nach?
suraki 21.02.2010 - 16:56
lies mol ennert dem Charel :
@De Modell och nët vun dir ?

sie geht, (d'Koppel) d'nächst Woch, mat hieren Zänn an Drüsen an en schwéizer Zoo. Se sin schwéier ze halen, wëll se nëmmen Schlangen friessen, an se brauchen hier d'Gëft fir ze verdauen. Mat erausoperéierten Drüsen an ofgebrachen Zänn, sin se dauernd krank ... friessen schlecht a gin nët aal.

kurzbeschreiwung wann et interesséiert


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 405 Gäscht online