Méi vun ménger Visite zu Gréiwemaacher, an e puer Erklärungen wéi dat technesch virun allem mam Blëtz ofleeft, op méngem Site: http://gloda.net/20100130-pimpampel
Ganz flott méé ech hunnse engem Frend gewisen déén Macro am Blut huet esou och ewei d'Blimmercher an Spatzen ... déén soot daat de Pimpampel super ass an de Fuerwen an an der Schärft méé den Hannergrond misst e bessen méi deischter sinn ... Hien nennt daat " les points de lumières qui dérangent l'équilibre visuel"
Ech haat daat net esou mat kritt
Flott
Mmm jo en halfen Stop hätt een dat nach kënnen ofdonkelen. Wéis de un den EXIF gesäis hun ech express méi laang wéi néideg beliicht fir net nëmmen Blëtzliicht mee och ambient Liicht dran ze kréien an den Hannergrond hell ze kréien.
Haat daat gesinn , méé do sinn e puer Luuchtpunkten (zonen plutot) dei keinten de regard e bessen désorienteieren.
Misste villeicht nemmen e bessen ofdonkelen matt engem Harris Layer... (Level curve; Highlights ofdonkelen op 64, an de 1/4 lenke carré op 14 an dann am Softlight blenden an duerchsichtegkéét anstellen, de Layer am Ctr I (inverteieren ) an dann dohinner pinselen fir ze donkelen ; de Pinsel progressiv emmer mei opaque maachen an matt evtl 15-25 durchsichtegkéét ufanken)
Freck do hues de mech zwar lo verluer. Fir den Hannergrond ofzedonkelen gin ech schon eenz mee ech sin bei déngen Erklärungen net ganz nokomm. Sou oder sou, et stéiert mech u sech net weider, ech denken de Faarwkontrast geet duer.
Esou chinesesch muss daat nett sinn
D'Kurve: de allerrietse Wutz riescht eroof zeien bis du ennen d'Zuel 64 ereschst
Dann kuckste ganz lenks, (deiftein), gééste op déén eiscte carré no riets an an der intersektioun vun der Waagerecht an Senkrecht , déé Punkt do zisste eroof op 14 ... dann hueste e ganz donkle layer asw ... de gett geblend matt Softlight an dann inverteiert fir daat e néés verschwennt an dann dohinner pinselen wou an weivill du wells of donkelen.
D'farw kontrast brengt dir hechstwaarscheinlech dei Hell nach mei hell eraus an daat donkelt nach mei donkel ... Mat der doter Method gééste net un furwen méé donkels einfach selektiv dei Zonen dei ze Hell sinn
Uff
Daat ass komplizeirt ze schreiwen méé Idiotesecher an der Aplikatioun