Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Intime

 
Intime
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.01.2010
  • Gekuckt:
    22069
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/30 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    40 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    Compulsory Flash, Return light not detected
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    534x800
  • Späicherplaz:
    54 KB
  • Originaldatum:
    2010:01:19 17:19:36
  • Fotoapparat:
    NIKON D90
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=42267]
Kommentar vum Fotograf:
Hun emol fir d'éischt en *nu* probéiert, sin zefridden, hoffen dass ech e puer Kommentaren kréien fir är Mehnung ze kennen. Merci ;-)
Laurent76 26.01.2010 - 11:37
First: ech hun an deem Thema keng Erfahrung. (hun also gudd schwetzen closed_eye)
Vergleichen emol einfach mam Table Top!
Luut vun rieds gefällt mer ganz gudd me eech geif lenks een Reflektor hinstellen, deen Konturen vun Kapp an Kierper siichtbar mecht. Esou wei een zb dem Model sein riedsen Arm gesin kann geif ech daat och schein bei Kapp an Taille fannen.
Oder wann een sos sollt zevill gesin geif ech een Reflektor/Bletz hannert den Model setzen, deen Moment bleiwt alles daischter waat evtl soll daischter bleiwen mee Kontouren gin siichtbar.
Hoer virum lenken An resp Schieter dei se geheien steieren mech och e bessen.
Wei gesot 2 Detailer, sos gefällt Photo mer awer ganz gudd
sgurel 27.01.2010 - 07:53
Die Idée mam Reflektor probéieren ech... merci
smile
Laurent76 27.01.2010 - 09:26
Wanns te keen Reflektor hues, een waiss Steck Karton vun 1x1 Meter mecht et och, an fir mei Effet een anert Steck Karton wous te Alufolie drop pechs.
Ganz einfach an belleg also!
sgurel 27.01.2010 - 09:54
Cool! Hun zwar een mais merci fir den Tip! Dass einfach flott kënnen tipps auzetauschen!!!! closed_eye
Laurent76 27.01.2010 - 13:06
Stemmt!

Ech hun och een, mee beim Table Top ass een meeschtens ze grouß an leist sech net emmer esou placeieren wei ech well. (Ze klobeg geifen Teutonen soen)
Ausserdem ass mer schon obgefall daß ech emmer een mei brauch wei ech hun.
Dofir hun ech mettlerweil een ganzen Koup deer Cartongen.
Iwwregens lossen dei sech och ganz einfach mat enger matter Farw ustreichen, daat gin super Effekter....
Gaga 26.01.2010 - 11:39
also ech kann der bestemm net fill weiderhellefen !
mais ech fannen et super dat endlech mol erem een sech un dei sach eruntraut !
dat nu'en nach emmer sou een problem sin as traureg hei op PG !
Hoffen dat daat sech eng keier ännert !
mier gefällt deen du ganz gut, fier mein gout hätt ech e bessen probeiert t'haut mei douce ze kreien an den lenken deel fum kierper entweder mei hell oder guer net duergestallt !
mat weienger luucht hues de daat gemach ?
resp. kanns de e bessen den opbau beschreiwen, geng mech interesseieren ! merci ! smile
sgurel 27.01.2010 - 08:01
Also D'Haut méi douce kréien... ech hun am fong e puer aaner photoen vun der Série die e bessi méi douce wierken, mee hun mech net getraut se ze publizéieren, well e bessi méi Haut ze gesinn as an wollt den Model net zevill "à nue" setzen... ech hun effectiv e bessi zevill Kontrast dranbuech beim verschaffen vun der photo... soll ech mech net awer trauen eng aaner ze weisen...hihi...

also fir d'Beschréiwung vun der Luud, kéind den Ludiol et nach besser erklaeren... hien huet mir daat naehmlech beibruegt... mat engem ferngestéierten ganz Normalen Bletz.... Ludiol ... huet méi Erfahrung an hien kann daat villaischt besser erklaeren... smile
an merci fir dein Kommentar.
Gaga 27.01.2010 - 08:11
also ech geiff direkt soen jo, mais bon, du kenns jo wahrscheinlech t'regelen, waats de därfs weisen an waat net !
iergendwann villeicht ...
ludiol 27.01.2010 - 22:37
hues de di dooten just mam SB-600 am Remote gemaach ?
ludiol 26.01.2010 - 19:09
gefällt mer ganz gudd, schléissen mech dem Gaga an dem Laurent un. Probéier effektiv den Schied manner haart ze maachen.
sgurel 27.01.2010 - 08:04
ech wéisen geschwenn eng 2. an dann sees mir wat's du dovunner haells...
kanns du villaischt dem Gaga erklaeren mat méi technechen explicatiounen, mat der Beliichtung??
closed_eye

merci Oli
Gaga 27.01.2010 - 11:02
jo, also mam Bletz hun ech bis elo nach guer keng gut resultater kritt, ech hun awer nemmen een externen bletz mat diffusor, keen reflektor, just eng weiss fläch fier ze reflekteieren ...
als luucht kann ech just en baustellenstrahler benotzen !
get et do evtl nach tricker, zb, weifill watt, verschidden bieren dei een besseren farftoun hun, as evtl. eng buroslucht besser wei een halogenspot ?
vill froen hun ech .... speitsdens den 11ten hoffen ech eng äntwert ze kreien !
an dofier well ech mei studioportrai'en gesin heibigsmile !
Laurent76 27.01.2010 - 13:19
Ech gesin du hues ongefeier daat selwegt Problem och waat ech haat.
Konnt mech och net decideieren ob ech mer soll Studiobletzer kaafen oder net, hun dann och mat Luuten probeiert, mee, alles kaalen Kaffi, huet zumindest bei mir net oder nie richteg funktioneiert.
Dunn hun ech mer bei engem Kolege een 2ten SB 800 geleint an den SU 800 kaaft, an dunn, jo, dun war schon ganz villes mei einfach, mei meiglechkeeten, ganz aner Meiglechkeeten, mei Effekter, riesen Fortschret well keen Bletz mei iwwert der lens war, etc etc. Leider war deen 2ten SB 800 nemmen geleint an wei ech mer wollt een 2ten Bletz kaafen gouf ech bei mengem Fotosgeschäft gudd beroden, deen mir dann emol e puer Devis fir Studiobletzer gemaat huet.
Ech hun mech letzendlech fir den Elinchrom D-Lite 4 to go Set fir 699€ entscheed.
An ech kann nemmen soen WOW!
Daat wärt ech niiiiiie mei hiergin.
Esou guer einfach an der Stuff obgestallt mat IR fir een kannergebuertsdaag an du kanns dein SB 800 vergiesen. 1/200sec , Iso 100 an 11ter Blend an go an Bletzer um Minimum vun der Leeschtung.
Gaga 27.01.2010 - 14:04
hmmm klengt interessant !
Mais wei emmer eng investitioun dei een sech iwerleen muss !
merci mol fier deng ideen an rootschlei !

smile
ludiol 27.01.2010 - 22:33
Natirlech kriss de mat Studiobletzer vill méi Luucht, me wanns de mobil wells sin muss de bei Studioblëtzer deier Generatoren kaafen, an dann ass oft den Kompromiss 2-3 kleng Flashen. Kuck der mol un waat en Joe McNally oder en David Hobby mat klengen Bletzer mecht.

Ech hun 4 kleng Bletzer di zum Deel iwwer Ebay kaaf gi sin (50-70 EUR d'Stéck) an mat engem Hong-Kong Funk Trigger bedriwwen gin. Funktionnéiert impeccabel, a fir d'Häert aus den Flashen ze kréien muss de just en wäissen Prabbeli virdrun hänken.

Bei linkdelight.com kriss de daat alles, dauert zwar 2-3 Wochen Liwwerzäit.

Triggerset (1 Sender 3 Receiver 3 Prabbelishalter ) 100 USD
3 Prabbelien 18 USD

an dann nach 3 Stänner

Alternativ kriss de och vun Lastolite eng Softbox fir kleng Flashen (Ezybox) toptransportabel, a wierklech gudd.

Baustrahler sin net gudd, well se d'Faarwtemperatur net haalen.

Wanns de 700 EUR hues ass Elinchrom eng gudd Investitioun, daat wärt bei mir och nach iergendwann kommen....
Gaga 27.01.2010 - 23:01
haha, ech hun 300'000€ schold op der bank, mei net ! closed_eye
mol kucken, nom 1/1.3 Objectiv, dem 2.8 100mm macro, der D700, den intervalometer, den iMac, den hannergronn-rouleauen, an ech wees net waat nach, schreiwen ech et op t'Lescht !

closed_eye

mais ech iwerleen wierklech wou ech dei nächst investitioun soll machen ! t'mobiliteit bei 2-3 bletzer as natierlech een kloren plus, well ech jo lo keen festen studio hun, mais eichter op verschiddenen plaatzen schaffen !
leider sin dei bescht allternativen emmer dei deierst, komesch ...
bertan 29.01.2010 - 11:43
Ech kann do nemmen zoustemmen, hun 3 canon Bletzer, Prabellien an eng Ezybox... Dei gess de nie mei hier, mee beim Fotorade an der Staat kriss de dei selwecht, fir 60 eur... also manner wei halschend. Wanns de Nikon hues, ass et e steck mei belleg, well dei aal bletzer op ebay wirklech gudd ze kreien sin. Canon ass do e beschen mei bloed, well hieren st-e2 nemmen mat der neier Generation Ex kompatibel ass, an daat kascht dann direckt...

Den Ufank ass relativ einfach an och belleg ze realiseieren. Wei den Ludiol schon soot , ebay ass alles ze kreien.
DenShadoW 09.09.2010 - 22:29
wow gefällt maer super am S/W
sgurel 12.09.2010 - 14:04
Merci villmolls!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 335 Gäscht online