Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Dancing in the Moonlight

 
All Fotoen an dëser Serie:
4359 Thumbnail
4360 Thumbnail
4361 Thumbnail
4362 Thumbnail
4373 Thumbnail
Dancing in the Moonlight
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.01.2010
  • Gekuckt:
    52051
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
    18.01.2010
  • Fotoapparat:
    5dmk2
  • Objektiv:
    Zeiss ZF
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen
2. Kategorie: Bewegung »» Owes / Nuets
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=42031]
Kommentar vum Fotograf:
Dës Photo'en goufen an enger spontan Aktioun mam Lilou Miri, Olivier Koos a mam Serge Benassutti realiséiert.

Equipement wor 5dmk2, Zeiss ZF, 1.2k ARRI Fresnel HMI
xaph32 19.01.2010 - 09:28
déi 2 éischt, fannen ganz schéin ëmgesat closed_eye
gloda 19.01.2010 - 12:29
Supert Stëmmungsbild do dran. D'Athmosphär an d'Technik spillen gudd Hand an Hand. Déi lescht Foto schéngt mer awer net sou richteg an d'Série ze passen. Dass eng dobäi as op der et net reent as net den Problem, 't as éischter dass d'Luucht, d'Faarwen an d'Stëmmung net méi do sin.
Nach eng Fro, wat as HMI? Eng Mark vun Luuchten?
Olik 19.01.2010 - 12:50
Salut,

villmools Merci! Ech hat nach eng ganz rëtsch Fotoe wei déi lescht, mäe wor ebe limitéiert op déi 5 Photoen.

Ech kommen eigentlech aus dem Film an hunn säit menger Lycée Zéit kee Fotoshooting méi gemaach. Dofir gouf bei dësem Shoot keng Blitzer benotzt (ech hunn keng closed_eye ). Fir awer de Punsh ze kréien deen ech wollt, hunn ech ganz staark Luuchte gebraucht. Déi HMI (Hydrargyrum medium-arc iodide) ass een Dagesliicht mat 2500Watt bei 92 Lume pro Watt (géint Haloge ca 18Lume pro Watt) ass se also en gutt Stéck méi hell wei eng 10 000 Watt Halogen closed_eye.

Oli


gloda 19.01.2010 - 12:56
Merci fir d'Info! (Iwwregens wanns de via den 'Äntweren' Knätonguepchen eppes schreifs krit deen aneren dat matgedeelt.)
xaph32 19.01.2010 - 13:10
dat ass interessant, wat hues de fir eng blend/zait kombinatioun benotzt?
Olik 19.01.2010 - 13:49
Ech hun zimlech fill op f2 geschafft mat 1/100.
Chrissie 19.01.2010 - 12:59
Wow bigsmile den eischten ass main Favorit smile
Olik 19.01.2010 - 13:51
Ahh... ech mengen ech kicken dei lescht Photo an uploaden eng nei Serie.
ApplEric 19.01.2010 - 13:55
Fantastësch Serie!

Sen begeeschtert vun der Serie, dei 2. gefällt mer am beschten, dei 1. ass zwar och gudd, ma et steiert bessen d'ass d'Reendreppsen virun den Aan sen.
Olik 19.01.2010 - 14:01
Dat mat den Drëtonguese wor Päsch, ech froe mech op een d'Aen ka rëm rekonstruéiere mat PS... hmm
ApplEric 20.01.2010 - 03:25
Dach dat, geht, matt vill Gekniwwels an en Aan fier d'Detail, well bei Retuschen sen dei kleng Detailer emmer dei dei am meeschten obfällen. closed_eye
Olik 20.01.2010 - 04:03
Majo, wien daat engkeier probeieren well, kritt vun mir Original file smile
ApplEric 21.01.2010 - 12:47
Hätt ech d'Zait giff ech et probeiren, mee leider muss ech nach suvill fier d'Schoul maan, dat gett naischt mei virun Mäerz. closed_eye
klex 19.01.2010 - 17:55
Cool smile Mee mi grouss wär net schlecht!
Gudde start op PG
Minaa 19.01.2010 - 19:18
Wow, schéin! smile Mäi Favorit ass déi drett Foto, déi zweet gefällt mer awer och ganz gutt! Déi éischt Foto géing mer usech och gefaalen wann d'Aan e bessen besser ze erkennen wieren (ouni déi Dreppsen) an wann d'Hoer uewen net sou iwwerbeliicht wieren. Trotz allem awer eng immens flott Serie, wierklech schéin ze kucken! smile
MrPepper 20.01.2010 - 01:18
oh I love the third one
dei aner sin awer och ganz gut.. wierklech super arbechten do awer gema

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 293 Gäscht online