Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mr.Pepper

 
All Fotoen an dëser Serie:
4251 Thumbnail
4252 Thumbnail
Mr.Pepper
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.01.2010
  • Gekuckt:
    50965
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    9
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    *203FE
  • Objektiv:
    80mm 2.8
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
2. Kategorie: Just for fun »» Fotoen vun Photogen User
Extras:
Bletz

Fir anzesetzen: [pg_img=41939]
Kommentar vum Fotograf:
SpontanFotoen, géif mech iwwert e Kommentar freen...
MrPepper thanks!
dr_kim_veis 15.01.2010 - 20:19
gefaellt mer immens vum stil hier. d'faarwen an den lockeren cadrage. alles zimmlech wait fier an modern. (hun an der lescht lauter kataloger gesin dei deen stil benotzen) Hues de d'faarwen nach veraennert oder as se direkt vum scan?

PS.: fannen daat net fair dass de lo emmer sou flott MF fotoen posts wou ech grad fierun der entscheedung stinn... closed_eye (ps. kucken rem mei an richtung rollei...)

PPS: Light modifier? nach eng fro: den bletz huet den sujet e bessen en kaalen toun gin. as daat daagesliicht film ?
Och nach. hues de gemooss fierum bletzen? huet d'fe203 en beliichtungs miesser? Froen iwwer froen...sorry.
klex 16.01.2010 - 02:42
Vill vu mengen läschte SW fotoen, am 24x36film sin sou mat direktem Bletz, wann ech se gescannt hun setzen ech se mol online!

D'Fuarwen hun ech awer na a gudd stéckschen geännert am Photoshop... sin och ganz éierlech am moment nach immens um piddelen fir dat ech dat aus dem scanner kréien wat ech well bigsmile sin och net sou super zefridden mat dem FujiFilm (jo dagesfilm). Hu sait haut Kodak Portra 400NC fir mol ze probéiren, dee hat ech scho puermol geroode kritt...

De Bletz ass ouni opsatz benotzt, d'ass en Metz CT45.
D'FE203 huet e Belichtungsmiesser, och mat Zäitautomatik, mee beim Bletzen Owes oder am däischteren sin ech awer emmer ganz am Manuellen, och am Digitalen.
Anescht geet et bei der Hasselblad och schwéier well dan bréicht een schon e Systembletz extra fir Hasselblad fir dat TTL funktionéiert... an esou wi elo mat normalem synchrokabel gin ech eigentlech gudd eenz.

Merci och fir de Kommentar dats de d'Foto flott fens an de Favorit smile
Wou hues de d'Rollei dan font wan ech froen därf?
dr_kim_veis 16.01.2010 - 05:05
Wanns de manuell bletz muss de jo awer wessen ob d'beliichtung an der rei as, oder? Ech bletzen och oft manuell mee mat digital as et mei einfach ze gesin ob een no drun as oder net. Ech sin nach e bessen zreckhaalend fier daat och mat der filmkamera ze probeieren well ech dann misst moossen an ech faerten ze vill film ze verschaissen. Ech muss et wahrscheinlech einfach eng keier probeieren.

Ech hun am moment den portra VC (awer an menger 35 mm). sin schon op d'resultater gespaant. Ech kann leider net selwer scannen an loossen et am labo maachen. Ech hoffen dei gin sech e bessen mei.

D'foto gefaellt mer vierun allem well et erfreschend aanescht as. Gudd gemaach mee trotzdem locker cadreiert. Ausserdeem gefaellt mer am moment einfach dei film teinung. Hun daat och e bessen probeiert, allerdengs digital hei:
!Dës Foto ass net méi am System!

Mier gefaalen och dei saach vum Nikola tamindzic immens. deen huet och esou eppes fresches an freches...




D'Rollei hun ech hei fonnt. Ech hun se nach net kaaft well ech et net well iwwerstierzen. Ech hoffen se as dann nach emmer do wann ech mech bis entscheed hun. Et gett der e puer wann een e bessen kuckt.
klex 19.01.2010 - 17:43
Also de Bletz net Manuell, mee Automatesch.
Gin e Beispill. Ass e 400'er Film dran, stellen Blend 11 an 1/90 an. Dann regelen ech de Bletz op Blend 11 an 400 ISO an gesin dan d'Distanz di ech ka Bletzen. De Bletz hält op mat Bletzen wann genuch Luucht op der Zell vum Bletz ass. Also wann et mi no ass bletzt e manner Stark a wann et mi wäit weg ass bletzt en mi laang, also mei stark. Ass ähnlech wi TTL usech, just dats de den Apparat op Manuell Benotz an di 2 Onoofhängen vuneneen Funktionéieren well d'intensitéit vum Bletz um Bletz selwer gemooss gett a net duerch d'Lens.
Wans de do op d'Astellungen oppass kans de usech naischt falsch maachen, geet also och gudd am Analogen.
De Labo mecht et normalerweis awer gudd, an relativ neutral an de Fuarwen.

Sin zwar mega Fotoen bei dem Link wus de do gin hues!
flait kenns de hien och, mee fannen seng Fotoen och gudd: http://www.terryrichardson.com

Majo ass scho gudd wann een sech gedanken driwwer mecht, an d'Firfreed ass jo och di schéinsde Freed closed_eye
dr_kim_veis 20.01.2010 - 02:45
daat klengt jo no engem coolen system. ech haat nach net dovunner heieren. as d'zell am bletz selwer dran oder separat? Geet daat och mat modernen speedlights (z.b. sb-600)?
Ech hun grad meng eischt scannen zreck kritt. mool kucken vlaicht posten ech haerno eppes.
Den Richardson hun ech kannt awer ech haat nach nie seng websait gekuckt. Zimmlech witzeg an cool. As e bessen wei en amerikaneschen Martin Parr (weinst dem humor an den biller).
klex 20.01.2010 - 21:35
Den SB600 misst et normalerweis hun, oder den SB800, mee ee vun deenen 2 secher.
D'Zell ass am Bletz dran. Usech ass et eng relativ aal Technik, wees net genau, mee mei wi 30 Joer all bestemmt... Funktionéiert awer och haut nach gudd smile
dr_kim_veis 20.01.2010 - 21:51
ouaah. sou cool. muss ech direkt testen... closed_eye
grimmel 15.01.2010 - 21:02
speziel,opfälleg an dofier gudd !
flott aalmoudech fuerwen.se passen zesummen, eenzel gefällt mer besonnech déi 1t.
klex 16.01.2010 - 02:44
Probéiren bessen neies, kent flait na mei an déi richtung an Zukunft smile
Merci!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 290 Gäscht online