Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Alfa Romeo Giulia

 
Alfa Romeo Giulia
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.11.2009
  • Gekuckt:
    48940
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/5.1
  • Brennwäit:
    215 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1100x754
  • Späicherplaz:
    623 KB
  • Originaldatum:
    2009:11:25 19:41:13
  • Fotoapparat:
    E-520
  • Programm:
    Program Creative
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=41032]
Kommentar vum Fotograf:
Op Wonsch vum Jaycee hun ech des Foto och nach ropgelueden :)

Hei leet sech Giulia herrlech an Keier :)
Hun nach eng Foto wou een vun der Seit Pneuen herrlech platt geseit, mee leider as dei immens ondeitlech gin...
arwa 25.11.2009 - 23:12
mat sou engem coolen Auto sin ëch an der Zeit (mat)-schaffe gefuer !!

dei haaten nach - Classe, nët wei haut

fein erwëscht - hätt nach mei - enk - geschnidden !!
Jaycee 26.11.2009 - 10:26
Armand, du haass awer ëmmer en heissen Uewen fiir schaffen ze fueren... sou wäit mer bekannt ass also eng Guilia, eng Cortina Lotus eng 122S a waat nach esou...?
arwa 26.11.2009 - 11:12
hei sin ëch - matgefuer, wuelgemierkt
mam Cortina och

de Volvo war mein 1.ten Teimer, awer en 121 !!
mei Kolleg hat en 122S
arwa 26.11.2009 - 11:21
de Glanz vun Auto, wou ëch als jonken Leierbouf mat op d'Aarbecht gefuer sin war en
Opel Rekord closed_eye
iwwregens dei selwëscht Faarw wei op der Foto !!


hat lo schon Kapitän geschriwwen, mais daat war falsch

McQueen 26.11.2009 - 14:58
Armand esou een an en P2 stin och an der Belsch am Besch....Schued unhappy
Jaycee 26.11.2009 - 22:07
é Bekannten vun der Famill haat och so éen, allerdengs mat 4 Diëren wann ech mech richteg errënneren... ech hu mech als Bouf ëmmer iwer déi kleng mickreg 13 Zoll Riëder mockéiert an daat huet dem Här guer nët gefall... ech hätt vun Tuten a Blosen keng Ahnung huet ët da gehéscht... closed_eye

Onverkennbar Stylingelementer vum '55er Chevy BelAir...
henridacruz 26.11.2009 - 08:48
Cool, En Alfa Giulia. Gefällt mer ganz, hun och eng Rei Fotoen vun sou Gilulia'en, wann ech mol mat mengem Alfa op Oldtimer-treffen gin.
D'Foto ass der gudd gelong smile
Jaycee 26.11.2009 - 10:28
Merci Dark-Rose... richteg dynamesch déi do...
Dark-Rose 26.11.2009 - 21:54
Hehe freet mech datt se gefällt smile Meng Mamm huet och nach eng Giulia, awa net sou rennmeisseg obgebaut wei dei do smile Mee freen mech all Keier wei een klengt Kand wann ech domat dierf fueren smile
Jaycee 26.11.2009 - 21:58
... ech gesin... daat (klassescht) Bensin am Bludd läit an der Famill... closed_eye
Dark-Rose 27.11.2009 - 10:33
Hehe Bensin am Blut stemmt smile Vun deenen aalen ganz secher, awer och net nemmen smile
Bei mir as allgemeng Bensin am Blutt smile
Jaycee 27.11.2009 - 14:48
Eng explosiv jonk Dam also.. é Fonken geht duer... closed_eye
Dark-Rose 27.11.2009 - 17:35
Du hues et erkannt smile
arwa 26.11.2009 - 11:19
ups, falsch Reih !!


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 545 Gäscht online