Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Underground Station 103

 
Underground Station 103
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.11.2009
  • Gekuckt:
    27209
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    2,5sek
  • Blend:
    f22
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x756
  • Späicherplaz:
    650 KB
  • Originaldatum:
    11.11.2009
  • Fotoapparat:
    D700
  • Programm:
  • Objektiv:
    nikon 24-70mm
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=40992]
Kommentar vum Fotograf:
Ennert dem Hotel an um Wee Downtown.

Ech wees Cadrage ass net mega mee wollt iergentwei neicht ewechschneiden.

suraki 23.11.2009 - 21:13
dat doten as och erem Street pur !

2,5s an da nach déi scharf ! Léit a Kombinatioun mat de Gëschter hannendrun,
en hërrlecht Bild smile

déi vun dèngem Virgänger, as grad esou gut ...
mat iech zesummen a wéist eng Série closed_eye
Keup 23.11.2009 - 21:15
Merci Suraki.

Jo den Metro ass wierklech mega schnell.

Jo dem Dr seng fannen ech mega. Hun se bei den Favoriten. closed_eye

Gaga 23.11.2009 - 22:53
daat do as zwar gut 5m mei deiff ewei street !
enner aller sau !
daat as voll metro-fotographie !
an och nach der ganz guder eng !
super beweegungsonschärft, dat dei leit do nach sou kloer sin bei 2,5sec !
super !
Keup 24.11.2009 - 09:25
Wann ech alleng do gewiercht wier dann haett ech der mei gemeet well den nexten Metro war emmer onsen an do konnt ech mol net en Stativ benotzen. Hat d D700 missen op sou eng Zeitungskescht stellen an dofir war ech beim Cadrage net ganz flexibel. Mee egal muss een emmer daat bescht draus man. closed_eye
dr_kim_veis 23.11.2009 - 21:23
wees guer net waats de mam cadrage hues, fannen daat zimmlech cool hei!
Keup 23.11.2009 - 21:24
Den Poteau steet zimmlech metteg mee bon....

TY Dr.
dr_kim_veis 23.11.2009 - 21:27
ah ech hun daer lauter...fannen daat gudd besonnech well sou staarken ennerscheed tescht daer lenker an rietser sait vun der foto as...
suraki 23.11.2009 - 21:40
mëttech ?
... quatschbigsmile .... d'as Street , keng Architektur smile
an se as gut smile)
Keup 23.11.2009 - 21:42
ok. relax freet mech
Gaga 23.11.2009 - 22:54
wanns du weist waat hautzudaags alles architejtur genannt get ! merd, lo hun ech awer epes gesoot !
Keup 24.11.2009 - 09:18
Oh ech gesin duerch dei puer Joer Studium och iwwerall Architectur, Linnen an Schnettpunkter. closed_eye
xaph32 24.11.2009 - 10:58
closed_eye ech och...
Poly 23.11.2009 - 21:33
ebenfalls eng Hummerfoto, déi richteg d'Atmosphère underground erëmgëtt;; Fortsetzung weg.......
Keup 23.11.2009 - 21:35
Mengen des Woch kennt keng mei. Next Woch kommen der nees 2. Wees net weivill der na dobei sin dei dowert sin ze verschaffen. Mol kucken
Poly 23.11.2009 - 21:39
hmm da kuck emol gutt, dass bestëmmt nach eppes dobäi
Keup 23.11.2009 - 21:46
Checken daat mol den Weekend. closed_eye
krautheim 23.11.2009 - 23:39
Déi rockt! Dat wierkt genial well do Leit sin déi net a Bewegung sin.
Keup 24.11.2009 - 09:15
Merci, ech wollt onbedingt d Beweegung vun Leit an Metro anfaenken an sin frou daess puer Leit Roueg bliwwen sin.
mOnsterbUg 24.11.2009 - 14:05
Gott sei dank hues de naischt dru geschidden! d'Foto hätt bestëmmt sein Charakter verluer. Flott Impressioun!
Keup 24.11.2009 - 16:04
Ty mOnsterbUg.

closed_eye
marker 24.11.2009 - 21:12
riets Mouvement, lenks statesch, an d'Sail mattendrann als Juge,
S/W mat där Téinung passt super..
fir mech exzellent..!!
Keup 24.11.2009 - 22:59
Merci Marker, sin frouh wann eng Foto sou betruecht gett wei ech mir daat viirgestallt hun.
marker 25.11.2009 - 00:07
awer genau esou.. closed_eye
rom 30.11.2009 - 10:37
Also mir gefällt se. Ofgesin vun deem waat schon gesot gouf, gefalen mir virun allem di Detailer vun der anerer Säit vum Quai, déi een duech deen duechsichtegen Zuch och gesäit, an déi engem nët direkt opfalen.
Keup 30.11.2009 - 12:22
Flott daess du daat gemierkt hues. Ech mengen du bass deen eenzegen. Ech hat mer extra mei gin fir daess daat esou soll eraustiechen.

Merci rom
rom 30.11.2009 - 13:43
Hun et och réicht op den zweeten Bléck gemierkt. Op jidfer Fall e coolen Effekt
Keup 30.11.2009 - 19:16
Ass na besser well dei dei bessen mei intensiv kucken sollen jo belount gin closed_eye)))

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 443 Gäscht online