Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Cool

 
Cool
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.11.2009
  • Gekuckt:
    25991
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    40 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    888x1300
  • Späicherplaz:
    671 KB
  • Originaldatum:
    2009:11:01 12:19:18
  • Fotoapparat:
    E-520
  • Programm:
    Program Creative
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=40951]
Kommentar vum Fotograf:
Alt nees vun engem spontanen Fotoshoot mam Anja :)
Hei waren mer an een Rouer geklomm, wou eng Bach doduerch leeft... war net sou einfach fir do net auszerutschen an den Fotoapparat roueg ze haalen...

Hei geing mech interesseieren wei den Cadrage, Farwen an sou sin...
Wat kann een besser machen?
Alko 21.11.2009 - 16:04
Fannen den bleck net schlecht mee kann mech trotzdeem net sou richteg mat der foto ufrennen! Zum engen ass et haltung, dei ech net fier fierdeelhaft fannen (lait vlaicht dodrunner dass der an engem rouer wart) an och pose ass "komesch", resp. onnatiirlesch. Des weider gefällt mer den cadrage och net sou richteg, fannen se ennen ongensteg oofgeschnidden an lenks keint och mei loft sin!
Dark-Rose 21.11.2009 - 23:26
Lenks as se sou kuerz well ech do bessen ofgeschnidden hun...well do as well nees d`Enn vun dem Rouer an do as et mega hell gewiescht :S

Wat wier eng pose wier dann do besser gewiescht? An wei hess du se dann ennen gemach?
Alko 22.11.2009 - 10:19
Also ech sin keen expert vun posen, kann der am prinzip nemmen soen waat mir net sou gefällt mee net soen weiste et besser solls maachen! Jojo am kritiseiaren sin ech stark! smile Nee am eecht, wees wirklesch net wei se besser wier, well ech och platz net gesin hun! Froen mech op et net gudd gewiecht wier, enn vum tunel mat anzebauen!?
Dark-Rose 22.11.2009 - 10:22
Ahsou och gudd closed_eye
Hm...wees net, kann Foto mol online setzen sou wei se war, mee do as se zevill iwerbeliicht, wat och rem oflenkt vum Anja...
gloda 21.11.2009 - 17:45
Et fällt mer virun allem op dass d'Foto iwwerbeliicht as. Probéier mol 1/2 bis 1 Blend méi däischter.
Dark-Rose 21.11.2009 - 23:28
Jo stemmt schon! Hun mer daat cohw ell firdrun geduecht. Mee mir hat se gefall an hun geduecht keint se trotzdeem online setzen, dann kreien ech nach Kommentarer dozou, nemmen sou kann een sech jo verbesseren smile
Mat Blend an Zeit hun ech nach sou meng Problemer
gloda 21.11.2009 - 23:34
Déi bescht Manéier fir déi ze léieren as fir Manuell ze schaffen amplatz an Automatik, da kriss de méi séier en Gefill dofir.
Dark-Rose 22.11.2009 - 10:22
Jo muss daat bessen testen smile Wann ech mol rem eng Keier um Tuer sin mat him, man ech daat smile
pol9000 21.11.2009 - 17:51
Eventuel wier et och gudd mat manner Haut un de Been an Aerm ze weisen, daat lenkt de Bleck vill vum Gesiicht of
Dark-Rose 21.11.2009 - 23:27
d.h. Ärm vun der jacket rof an eng lang box? smile
pol9000 22.11.2009 - 10:21
ech denken daat geif de bleck secher mei richtung leeden,

als lecture vlaischt daat hei: http://www.lumitouch.com/benstudiotutorial/rules.html do fennt ee ganz vill zum thema portrait....
Dark-Rose 22.11.2009 - 10:28
ok dann gett daat nexten Keier och probeiert...
Hat haat eigentlech Botinnen un, wat am ganzen vun der Kleedung super gepasst huet...mee des Foto hat ech dei awer net drop geholl.

Villmols merci, ech liesen mer daat mol duerch smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 417 Gäscht online