Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Stéphanie & Alain (III)

 
Stéphanie & Alain (III)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.11.2009
  • Gekuckt:
    41599
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1/180 sec
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    78 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    201 KB
  • Originaldatum:
    2009:05:16
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 70-200L 2.8 IS USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc  
Extras:
Blëtz + Prabelli vu lénks.

Fir anzesetzen: [pg_img=40816]
Kommentar vum Fotograf:
Méi Fotoen vun hirer Hochzäit sin op méngem Blog.
D'Koppelsfotoen hu mer zu Péiteng am Park gemaach.
gloda 16.11.2009 - 15:07
Elite (Stéphanie & Alain IV)

Stéphanie & Alain (II)

Stéphanie & Alain (I)
krautheim 20.11.2009 - 20:24
Ech fannen se ganz gudd! Deng ganz Seie vun den Hochzäitsfotoen gefällt mir.
gloda 21.11.2009 - 16:01
Merci. Näischt auszesetzen?
Alko 20.11.2009 - 20:46
Ech hoffen mol dasste elo wirklesch net baiss! Den moment traut een sech jo baal net mei eng eng kritik oofzegin! smile

Ma zur foto, also ass flott mee fier mech huet se elo naicht extras! Haett se zudem ennen event. mei eng cadreiert an lenks den rack ganz drop kommen geloos! An dem Polizist smile seng haltung fannen ech och "komesch" (e besschen weiblesch)!

Also wei gesoot, ennert dem strech fannen ech et eng flott foto, dei mech awer net direckt usprecht!
Metalbambi 20.11.2009 - 21:58
Jo, ech gin dem Alko hai zimmlech Rescht. Ass teschnech gesin neg gudd Foto, mee lo net sou extra ouni den sentimentalen Waert deen se kritt vier dei Betraffen.
gloda 21.11.2009 - 16:04
Ëmmer hei mat der Kritik bei mir. Ech sin hei fir ze léieren. Ech gesin dass dir zwee den selwechten Aspekt uschwätzt. Ech denken der hudd Recht, do fehlt nach eppes fir der Foto déi richteg Kant ze gin. Dass der awer eng Iddi hudd wat mir un der FOto gefällt, 't as d'Kurve, déi sech beim Sté vum Hals erof bis an de Rack schwéngt.
Zum Alain sénger Pose - wann en den lénksen Fouss no hanne geholl hätt, géint den Bam gesat hätt, hätt dat gehollef?
Metalbambi 21.11.2009 - 19:22
Dat wier secher mol mei relax riwwer komm, d'Fro ass ob et awer dan nach elegant genuch ass.
gloda 21.11.2009 - 23:28
Ech iwwerleen mer dat grad, kuck bis wat ech dem Baba geschriwwen hun.
Baba 21.11.2009 - 21:55
Et hätt villäicht net sollen den Baam unhaalen. Oder dach. Fier mech gesäit et aus wei wann hien färt fier den Baam lass zelossen. Daat mam Fouss ... wees net. Ech köint mier déi doten gudd fierstellen wann den Alain den Baam esou unhällt an datt seng Fra hien mat der Hand wou se elo ass widdert den Baam gedreckt hätt.
gloda 21.11.2009 - 23:27
Hmm... ok déi Proposen kann ech mer bildlech virstellen a se géife klappen. Mee: Ech wollt op allefall dass den Alain dem Sté entgéint kënnt. Also dat géint den Bam drécken géif an deem Fall fir mech net klappen. Mee mat den Hänn wéi se lo sin geet och net. Also: Wouhin mat den Hänn?
JADE 22.11.2009 - 11:12
Also: Wouhin mat den Hänn?

virwaat net em den Hals respektiv em d'Genéck vum Sté, awer dann eng méi riicht Positioun fir den Alain

ech sin och deenen aaneren hierer Meenung
an ... deen Kuss do geet bstemmt an den Réck closed_eye, gesait unstrengend aus fir den Alain
an net vill Leit k¨¨essen sech esou, ech mengen esou wait eweg vun eneen, ech wees awer och dass daat eng beléiwten Pose ass fir Hochzaitsfotoen, waat ech awer net esou verstin well natierlech ass se net esou, dh fennt een net esou oft an der "Natur" smile

an soss ... ech fannen dass du een ganz gudden Hochzaitsfotograf bass resp um Wee bass, hues flott Ideen
(ass jo bekannt dass ech een méi speziell Hochzaitsfotoen/-reportagen Fan sin)
gloda 02.12.2009 - 01:01
Ech hu laang gebraucht fir der ze äntweren, mee 't as ukomm! Du hues d'Distanz ugeschwat, ech mengen dat as nach een vun den Elementer dat zur Uspannung bäidréit a wou definitiv hëllefe géif. Mat der Hand um Hals froen ech mech awer: Wéieng? Den rietsen Arm géif den aneren kräizen. Vläit klappt dat, ech ka mer et bildlech net gudd genuch firstellen. Den lénken allerdéngs géif d'Braut deelweis verdecken, dat wëll ech och net.
(Also wann ech och heiansdo net op Zack sin mat den Äntwerten, ech si frou dass de dech mells, du bas een vun méngen seelensten mee beschten Kritiker.)
JADE 02.12.2009 - 01:17
po po po ... po po

ech duecht seng lénks Hand um Hals vum Stétonguehanie, awer esou just mat den Spëtzen vun den Fangeren, an dass een d'Stétonguehanie natierlech nach gesäit ...
dh dann och --> weg vom Baum, also säin Hënneschten dovunner weg
bon, menger erklärung wier ët dann schon baal gestallt daat Ganzt ...
awer baal all Koppelfotoen bei Hochzäiten sin gestallt, nee? ... well d'Koppel déi Fotoen einfach oft "tongueerfekt" wëll hun (fir eng perfekt Hochzäit duerzestellen?), an dobäi ass genau den Kontraire deen den "Nec plus ultra" ass, dh déi nët poséiert Fotoen
ech wollt just bemierken, dass am Fong an der Realitéit wahrscheinlech keen sech esou géing këssen, well ët einfach onkamoud ass, an well d'Leit sech fir d'Këssen meeschtens méi no kommen ...
mee waat wees ech dann dovunner? closed_eye

Baba 02.12.2009 - 07:52
Wéi géifs de dann daat elei fannen.
Also Distanz vum Kuss e bessi méi Grous maachen, net vill, just e puer Zentimeter. Den Hals vum Alain E Bessi mei zum Sté hin, sou dass den Alain mat sengem Kapp een oder zwee Zentimeter bessi mei no fier ricjtung Sté geet. Dem Alain sein rietsen Aarm just enert dem Sté sein un t'Hëftoder e bessi méi heich. An dem Alain sein lenken Aarm ugewenkelt an Richtung Sté seng Scheller . just esou wäit no fier den aarm dat Sté net verdeckt get. An dem Alain sein lenkt Been ugewenkelt un den Baam!
JADE 02.12.2009 - 08:24
Gloda, elo brauchs du och nach een Geometer fir deng Hochzäitsfotoen bigsmile
dr_kim_veis 20.11.2009 - 22:58
ech fannen se am prinzip gudd. e puer klengechkeeten vlaicht: D'gesiichter sin sin am verglach zum kleed relativ daischter. vlaicht haes de kennen den bletz e bessen mei heich setzen. Daat zweet wei den Alko, vlaicht feelt en bessen dynamik am cadrage, et gesait en bessen vill poseiert aus mee wei een et haett kennen besser maan wees ech och net sou direkt.

Mee wei gesoot, daat sin klengechkeeten. insgesammt awer eng gudd foto...
gloda 21.11.2009 - 16:07
Bei den Gesiiter sin ech net d'accord, mee wann ech se hätt wëllen méi hell maachen hätt ech ouni däi Kommentar mol net direkt drun geduecht wéi! Merci also scho mol. Dass et eng Foto as déi dat poséiert erfierhiewt as scho richteg. Ech muss mer nach iwwerleen ob dat mech stéiert. Ech mengen bei der do Foto éischter net.
An jo, et sin vill Klengegkeeten déi dono den Gesamtandrock ausmaachen, also as all ugeschwatent Element wichteg. Merci also.
JohnJ 20.11.2009 - 23:46
Hei also mein Androck, Haltung extrem onnatierlech ann den Rack soll wann meiglech emmer ganz drop sin Dofir gett d'Braut esou vill Geld aus closed_eye (oder muss mei offgeschnidden sin)
gloda 21.11.2009 - 16:08
Déi Räck sin effektiv deier smile Ech mengen éischter wéi den Kadrage ze réckelen hätt ech den Rack anescht kënne leeën. Dee Wutz wierkt op der do Foto iergendwéi zevill.
m-otiv 09.07.2010 - 21:12
Kommen vum forum an du kruss jo kommentaren...
Also ech fannen am grousse ganzen event fotoen net gutt (steet an mengem profil, keng horzaiten!!!)
Dofir sprecht mech dat bild aus viruerdeel net un.
Dei op der schaukel (fouer) di och vun dir ass war d'ausnahm... Di war innovativ, mol eppes aanescht, typesch gloda

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 344 Gäscht online