Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kuddelfleck.

 
Kuddelfleck.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.11.2009
  • Gekuckt:
    28070
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    45
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    708x900
  • Späicherplaz:
    567 KB
  • Originaldatum:
    31 octobre 2009
  • Fotoapparat:
    LUMIX-LX3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:
Keng.

Fir anzesetzen: [pg_img=40451]
Kommentar vum Fotograf:
Dat originalt Rezept kennt vun Dikrich.
Gaga 01.11.2009 - 02:07
kuddelfleck panneiert ? mann oh mann dei dikerecher, nee nee ! daat geht net !
deBaemm 01.11.2009 - 02:32
oh dach das wuel gudd bigsmile
Gaga 01.11.2009 - 02:41
ech gesin et dauert nach bis ech mech hei owen agelieft hunbigsmile !
arwa 01.11.2009 - 10:04
géet am beschten, wann éen sëch iwwerall - inviteiere - leist, wou -original - gekacht gët closed_eye
Gaga 01.11.2009 - 23:56
as daat elo eng invitatioun arwa ?
arwa 02.11.2009 - 07:42
hun zwar schon Kuddelfleck - gewässert - , mais nach nie selwer gekacht .
Hun en awer iiiiiiiiiiiiimens !

waart nach e besselchen, dann hun se en rëm op hiere
Menuskaarten zu Dikkerech smile
Gaga 02.11.2009 - 08:29
ech warden leiwer bis et doheem erem dei gut italienesch versioun mat polenta get !
mais an italien hun mer epes besseres wei kuddelfleck :
Sepia in humido, oder och à la veniziana !

gesait nach besser aus wei kuddelfleck, an schmacht och besser !
[url=http://nuke.alpontepesce.it/Portals/0/Piatti/piatto9g.jpg]Seppie a la veniziana[/URL] Quel : alpontepesce.it

geait daat net lecker aus ?
arwa 02.11.2009 - 08:39
geseit aus wei Ying-Yang (oder wei och ëmmer daat héescht)

ech geif natürellemang direkt - testen smile
Gaga 02.11.2009 - 09:13
et as meeeega ! et sin kleng tentefesch mat enger schwarzer zoos de iaus hierer tent gemach get , mat gudder polenta !
naischt fier t'a, mais saulecker !
eben änlech wei kuddelfleck, mais dofier panneiert dier àren jo ... fier dat et besser ausgesait ! closed_eye
arwa 02.11.2009 - 11:17
awer net nëmmen paneiert
à la mode de Caën zB. as gaaaaanz aanescht.

iwwregens, där Tëntefësch incl. hierer Tëntenzoss hun ëch scho giess , zwar nët bei Italiener (hun där an der Famill)
mais an engem Resto an Beljikistan smile
Maimonides 02.11.2009 - 23:27
arwa, du weess mol vu waats de schwätz: "tripes à la mode de Caën". Dat ass awer bal eng Zopp.
arwa 03.11.2009 - 08:16
Zopp, jo an ?
as awer och lecka closed_eye
Maimonides 03.11.2009 - 21:38
Stemmt.
Maimonides 02.11.2009 - 23:23
"Gewässert" jo, mais och an d'Mëllig gëtessëlt, ë puer Stonnen. Da "geet ën op".
Dark-Rose 01.11.2009 - 02:30
Glaass weg an Hannen en klengt Steck mei lang weiss wier flott gewiescht, mech steiert dass den Teller hannen daat eent Steck an schwarzt geet...

Flott Idee! smile
suraki 01.11.2009 - 09:10
mech stéiert et, dat do én souts dén léiwer dat Minetter Rezept gehat hätt ...
an och dat ech selwer nët do war smile
Poly 01.11.2009 - 10:07
hihi, sëtz emol d'Rezept drop wéi hei am Süden gemaach get bigsmile,
arwa 01.11.2009 - 10:08
Original vun Dikrech ?

also, dat Dikrech fir sei Kuddelfleck (niewt sengen Ieselen ) bekannt as , daat stëmmt, ob awer daat original Rezept och vun
do kënt, as mir nei (dei Veiner an dei Dikrecher stinn ëmmer e besselchen op - Kriegsfuss - closed_eye... )
suraki 01.11.2009 - 10:09
@niewt sengen Ieselen
lol ... dat hues du awer elo geschriw !bigsmile
arwa 01.11.2009 - 10:12
ah jo, hun de Beier vergiess (déen seit e puer Joer och nët mei daat as, wat e war ((schmacht gleich sou wei BBBB unhappy(..)))
suraki 01.11.2009 - 10:24
eise Béier as gud ... sot d'Sau,
do huet se 10 Fierkele kritt.
arwa 01.11.2009 - 10:26
merci fir dée -Schmunzler am Morgen - smile smile
Maimonides 01.11.2009 - 22:26
Den dikricher Eesel heescht iwrigens "LOUIS". Hee kann esou guer op der Uergel gespillt gin:
Orgue de barbarie ?

closed_eye
arwa 02.11.2009 - 10:49
Louis

wou daat wuel hier kënt ? closed_eye
Maimonides 02.11.2009 - 23:46
Lo haal dich mol un. Dat war de Virnumm vun engem ganz feine Mann, dee mam Familjenumm MINETTE geheescht huet.
closed_eye
Maimonides 01.11.2009 - 22:33
Mir hun jo och bal deen naemlichten Alter: Veianen 700 Jahr, an Dikrich kritt der 2010: 750. Net wi Ettelbreck: just 100 closed_eye
2010 waert eng weider lass sin zu Dikrich, an et keint och mol sin dass et 1 Concours geif gin: wee mescht dee beste Kuddelfleck...
arwa 02.11.2009 - 10:50
Dikrich 750, fräck, daat hät ëch awer lo nët geduecht
(gin daat souweisou nach nokucken, nët dat's du eis eng kréckels ! closed_eye..)
Maimonides 02.11.2009 - 23:51
Hues du dann och nogekuckt wéi aal ETTELBRECK ass?
arwa 03.11.2009 - 08:13
oooooooooooch wées de, mat Ettelbréck hun ëch ët nët sou unhappy
arwa 02.11.2009 - 11:00
sou, hun daat lo kontrolleiert closed_eye

also, do gi jo nach -Lätt- (wei dei Dikrecher soën) gesicht, avis aux amateurs smile

hei den Artikel wei en an der Stadzeitong stoung:

D'Historiker kënne beleeën, dass d'Stad
Dikrich tëschent 1255 an 1266 hire Fräiheetsbréif
kritt huet: 1260 ass als
Gebuertsjar vun der Stad Dikrich festgehal
gin. Duerfir feiert d'Stad Dikrich
am Jar 2010 hire 750. Anniversaire.
Jiddereen, deen wëllt eng Hand upaken,
fir déi Gebuertsdagsfeier ze plangen, soll
sich am Service culturel vun der Stad
Dikrich mellen (paul.keltesch@diekirch.lu).
________________

do sin best. och - Kuddelfléck-Spezialisten gefroot closed_eye
Maimonides 02.11.2009 - 23:39
Hei da mol dat originalst (!) Rezept vun dër Zooss. Dë Rest kenns du jo. Dëst Rezept ass vum HOURT's Metty aus dëm "Hôtel Beau Sïte". An dee war do wou elo d'Gëméng ass.
"50 g Botter,
50 g Mehl,
400 cc Consommé,
100 cc Rivaner
100 cc rudde Wäin
fir eng brong Zooss ze maachen.
Peffer, Salz, Tomaten kleng geschnidden: kache loossen.
1 Cognac,
1 Madère
Champignons, Önnen, sauer Cornichonën a Kaaperen.
A wann néidig, nach ë bësse fécule".
Ech war dorëmmer kucken, bei d'Ketty THULL a bäi dën Pol TOUSCH (Le livre de la cuisine luxembourgeoise). Gidfereen huet ën aanert Rezept.
arwa 03.11.2009 - 08:15
merci dir, hun ëch noteiert smile

wärt da mol eng keier matten am Wanter Kuddelfleck maachen ! cool
Poly 01.11.2009 - 10:08
dass eng flott "foodfoto"kann en e gutt richen, just giff ech uewen den Bord vum Dësch ewechmaachen
arwa 01.11.2009 - 10:14
hei, grad op enger Seit bei der -Dresdner Bank.lu - gelies:

Die kosmopolitischen Kochtötonguefe:

Zu übertriebenem Patriotismus gibt die luxemburgische Gastronomie demnach keinen Anlaß.
Kein einziges einheimisches Gericht kann nämlich guten Gewissens als typisch und ausschließlich
luxemburgisch bezeichnet werden,wie Nachforschungen in diesem Bereich eindeutig ergeben haben.
____ Der häufig zitierte Kuddelfleck etwa, das offizielle Luxemburger Wörterbuch definiert ihn
als ein Luxemburger Nationalgericht aus gargekochten, panierten und in Fett oder Öl gebratenen Kutteln oder Rindermagen wird in diversen Varianten ebenfalls von Italienern, Engländern und Schotten geschätzt. In der Normandie kocht man die Kutteln mit Möhren und Zwiebeln inCidre,
die Einwohner der portugiesischen Stadt Porto schließlich wurden einst als Kuttelfresser gebrandmarkt, weil Heinrich der Seefahrer um 1415 alle Rinderschlachten ließ, um seine Matrosen mit Proviant_________

ech denken, dei sin dach nëmme jalous op eis Kichen smile smile
Jeanny 03.11.2009 - 06:08
Tëntefësch, Kuddelfleck, do, do dir mech lafen smile))
hunn es scho mat Tomatensauce gemat, awer iesse giff ech et ni.
Gaga 03.11.2009 - 08:50
laafen as relativ, an weieng richtung een leeft jeanny, ech laafen och fier meng sepie !
Jeanny 03.11.2009 - 17:23
ech laafe bei de Chinees, den Inder an Mesa Verde mmmmmmmmm
Gaga 03.11.2009 - 20:36
mesa verde ??? do sin ech MINIMUM 1x woch lo ! beim cindy !
an muer metten as et erem sou weit !
Jeanny 03.11.2009 - 21:05
Da looss dir et gutt schmaachen, mir gi meeschtens Owes dohin
Gaga 03.11.2009 - 20:37
an chinese get et nemmen een :
den "Cuisine de Zheng" zu Simmern !
huet neiderdengs och zu .... opgemach ! wees net wou, junglenster oder esou !
Jeanny 03.11.2009 - 21:10
De kennen ech net,
mir ginn ëmmer op Réimech bei de Jong, den organiséiert och Reese fir a China, hier fiert selwer matt, an ass ëmmer bei der Grupp derbäi,
Maimonides 03.11.2009 - 21:43
Vum Kuddelfleck bis a China, Jeanny.
Eng schei Rees.
Maimonides 03.11.2009 - 21:42
Calamares ?
Jeanny 04.11.2009 - 06:32
dat ass fir de Marco
Gaga 04.11.2009 - 08:29
legger !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 481 Gäscht online