Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Polo Cup Edition (Foto 3)

 
Polo Cup Edition (Foto 3)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.10.2009
  • Gekuckt:
    27764
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    14 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1400x760
  • Späicherplaz:
    626 KB
  • Originaldatum:
    2009:10:31 15:05:32
  • Fotoapparat:
    E-520
  • Programm:
    Program Creative
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=40435]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach eng Foto aus dem spontanen Shooting mat den 2 Polo Cup Edition.

Äer Verbesserungsfirschlei?
ludiol 31.10.2009 - 17:21
Als éischt hätt ech di 2 Autoen genau identesch an d'Axe gesaat (also quasi spiggelverkéiert). An ech hätt di 2 Autoen mat Flash beliicht, well ech fannen se ze däischter. 3. Nummerenschelter weg.

Kuck mol hei http://www.flickr.com/photos/true_lens/3187082603/in/set-72157612209533902/.
Mäin Kolleg huet do mat 1 Flash geschafft

Eventuell wir se och am HDR interessant
Gaga 31.10.2009 - 18:46
dri ... net hdr hahaha closed_eye

eichter länger beliiicht, deen flash effekt bleift an gesait net gut aus fannen ech, och beim a4 !

an dark-rose, ech gesin du hues der t'kommentarer zu härz geholl an daat direkt emgesaat, all respekt !
gut geschaft !
Dark-Rose 01.11.2009 - 02:06
@Ludiol
Fir dei zwee autoen identesch hinzesetzen as guer net sou einfach ;) as jo daat wat mer probeiert hun...
An Wiss war schief smile

Mir gefällt dei foto vum A4 eierlech gesot net... As affaire de gout einfach...

Den Shooting war ganz spontan no der Arbescht an et gouf well deischter, dofir sin Fotoen su deischter... mee fir mech wiekt daat iegentwei flott, an do sin mer rem bei der affaire de gout ;)

Wat as HDR?

Villmols merci fir deng Kritik, ech kann jo emmer mol probeieren ob sech do eps man lisst.

@Gaga
ok wat as dri? cool Mat der Beliichtung hun ech nach sou meng Problemer, iwerhaabt mat den ganzen Astellungen vum Fotoapparat :S

weieen Kommentar hun ech direkt emgesat? smile
ludiol 01.11.2009 - 09:25
@Dark Rose: Ass effektiv eng Affaire de Goût op et gefällt oder net mam Flash. Daat ass jidderengem iwwerlooss.Kuck mol enner : http://www.fotocommunity.de/info/DRI do hues de all Infoen iwwer DRI

@gaga: Sou wi ech daat an Erennerung hun ass DRI en Sammelbegreff fir HDR an Exposure Blending. bigsmile

Dark-Rose 01.11.2009 - 11:41
Villmols merci, ech kuken mer daat mol un smile
Gaga 02.11.2009 - 00:14
nee nee, och wann ech t'Teschnik net zu 100% beherschen, t'wuert seet et jo !
en HDR kanns de net uweisen, een LDR as eng jpg z.b. , an alles wous de eben mat iergendenger technik deng dynamik verbessers as am fong een DRI, also theoretesch och 2 jpg anescht beliicht an just een element zb den mount aus der donkler mat enger mask eraushuelen as een DRI, get awer eichter als pseudo-dri bezeechent !

!Dës Foto ass net méi am System!
Gaga 02.11.2009 - 00:10
emgesaat : den auto an en aaneren kontext ze setzen, an keng botten hannendrun ze hun !

HDR : HIGH DYNAMIK RANGE eng datei mat mei wei 8bit farfdeift, also z.b. een RAW oder NEF ! mais daat kann dein schierm net uweisen
LDR : LOW DYNAMIK RANGE : all t'fotoen dei een pc-schierm kann uweisen z.b. JPG, wei hei !
fier elo mei farfdeiften an hellegkeetstuffen an eng foto ze kreien hells de een oder e puer biller , am beschten HDR, an mechs dorauser erem een LDR, daat ganzt as dann een DRI DYNAMIK RANGE INCREASE !
google emol oder kuck an der galerie enner DRI :

Sunset becomes me 2


Dark-Rose 03.11.2009 - 19:20
uiui muss daat eng Keier probeieren wann ech mei Zeit hun.
Villmols merci awer fir weiderhelef smile
Gaga 31.10.2009 - 18:46
ps: dei spiggelung am rietsen auto fum sonnenennergang as super !
Gaga 03.11.2009 - 20:35
...nee sie as geil !
hues de net zoufälleg eng detailfoto dofunner ???
Dark-Rose 04.11.2009 - 19:23
Sorry kommen grad guer net no cool
Gaga 05.11.2009 - 00:17
den rietsen polo, kuck t'sait, dei reflexiounen fun der sonn sin super!
Dark-Rose 05.11.2009 - 11:38
Ah ok smile D.h. du wells daat eng keier mei no rausgeschnidden? Mengen just Qualiteit as net immens gudd cool
Gaga 05.11.2009 - 22:18
jo, aus deser foto net, mais ech wollt froen ops de deen detail net eng keier fun mei no geknippst hues !
mais ech hun et oft dat een op enger foto duerno sachen gesait dei engem mega ideen gin waat een nach hätt kennen machen, an dann kennt een net mei derzou nach eng keier dei meiglechkeet ze hun ! mais sou as daat eben, mat der zeit winnt een sech dann un sech mei zeit ze huelen an een sujet mei genau ze kucken iert een ausleist an erem anpaackt !
Dark-Rose 07.11.2009 - 15:15
Nee hun deen detail leider net mei no fotografeiert unhappy as wieklech schuet.
Jo wei gesot data hei war en spontanen Shoot wou dei zwee wollten fir hier Autoen eng Keier beieneen ze hun, well een daat jo wieklech seelen begeint, sou en speziellen Auto an dann och nach duebel closed_eye mee mir hun awer schon gesot mir geingen daat gäeren eng Keier widderhuelen...
Muss just mol puer Plaatzen sichen. Fir bis an Staat ze fueren huet een net emmer Zeit. Hei an der Geigend gin et bestemmt och flott Plaatzen muss een se just na fannen. Dei an deen Kontext passen smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 438 Gäscht online