Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Arles - Essays

 
All Fotoen an dëser Serie:
2934 Thumbnail
2935 Thumbnail
2936 Thumbnail
2937 Thumbnail
Arles - Essays
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.10.2009
  • Gekuckt:
    29002
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Originaldatum:
    2008:08:11
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5DMkII
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:
D'Fotoen sin all mat engem Blëtz op déi eng oder aner Manéier gemaach gin.

Fir anzesetzen: [pg_img=39939]
Kommentar vum Fotograf:
Outtakes vum Workshop zu Arles.
1. Déi éischt Kéier dass ech mat Studiosluuchte schaffen. Iergendsoueen Blëtzkapp duerch en wäissen Prabelli knätsch vu fir. Ech stin sou hallef vrum Prabelli, an der Spigelung am Aan gesäit ee meng Silhouette.
2. Déi hei an déi zwou dono hun ech an enger 'Ecole désaffectée' gemaach. Den Hadrien hei hun ech an d'Trap gesat, an den Blëtz lénks an d'Mauer geriicht.
3. Den Serge hun ech mer vun der Strooss gepléckt. Salut Monsieur, hudd der Loscht fir 5 Minutten ze poséieren bla bla. As ouni Problemer matkomm an huet sech brav an de Stëps gesat. Relax.
4. Di Dammen waren zu 4 am ganzen ënnerwee. Huet bessi méi Iwwerriedungsaarbescht gebraucht. An dann kommen ech mat deenen an den Haff a lénks a riets leien schon doudeg Dauwen an en zerstéckelten Skelett aus dem Biologiekuer. Déi waren mega nervös >:) Luucht as hei Sonneliicht dat vum Buedem just ausserhalb vum Bild reflektéiert get an en Blëtz vu riets duerch eng Leeder fir puer Interessant Schieter op d'Mauer ze kréien.
Jeanny 12.10.2009 - 07:11
ass net sou einfach, dei drett gefällt mir am beschten.
arwa 12.10.2009 - 08:47
ooooch, sou schweier as es awer och nët,
awer nëmmen, wann's de gedëlleg Modellen hues,
am Studio kann éen narwëll vill rëmspillen
Luuchte réckelen, beisetzen, emdreinen asw asw.......
Jeanny 12.10.2009 - 10:04
Hunn dat nach ni probéiert,
muss mir mol eng Dekopop uschafe fir ze üben ,
E Sonnden, zu Arel um Maart gesinnsmile)
arwa 12.10.2009 - 10:19
an, kaaft ?
Jeanny 12.10.2009 - 19:02
neen, het ee kenne machensmile
arwa 12.10.2009 - 08:46
an, huet dat dir Spass gemach ?
gloda 12.10.2009 - 13:23
Net wierklech, ech hun dann léiwer am Moment méng Kompaktblëtzer mat deenen ech kann am Studio sou zimmlech dat selwecht maachen (an de meeschte Fäll). Den Haaptfirdeel vun den Studiosluuchten as natierlech dass méi Wuppes derhannert as wann een e mol brauch. Mee vu dass ech léiwer 'sur place' wéi am Studio schaffen as mer Portabilitéit an Flexibilitéit am Moment nach méi wichteg.
Maxx 12.10.2009 - 13:28
Flott Portät'en, mat ganz interessanten Beliichtungen.
N°3 ass fir mech top, N°1 gesäit äus wéi eng typesch Foto fir eng Anti-rides-Crème vun LaRoche Posay (also net dass ech fir déi lo well Reklam maachen closed_eye) zumools mat denen bloen Aen. Excellent!
arwa 12.10.2009 - 15:07
dann awer eng - vorher - crème
ouni lo wëllen iergend engem hei op d'Feiss ze treppelen closed_eye

nëmme gudd, dat ëch liicht iwwergewiichteg sin, sou kommen keng Faalen op closed_eye
Gaga 13.10.2009 - 01:08
...soll ech elo soen,
et huet weinstens en daag iwert dem kapp ????

bigsmile
gloda 13.10.2009 - 11:30
Ech mengen ech sëtzen op der Leitung. Wat wëlls de soen?
Gaga 13.10.2009 - 11:45
ech wor gescht erem laang op, an et wor speit !bigsmile !

Roof


hei hun ech geschriwen et geiff een fraamensch aus dem Daag kucken ... an duerno sin ech heihinner komm .... !

tsss .... ech wees ech wees .... et as schlemm .... richteg Gaga !


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 586 Gäscht online