Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Le Boulanger

 
Le Boulanger
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.10.2009
  • Gekuckt:
    48558
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/40 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    48 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    Sëlwer Prabbeli vun uewen lénks
  • Beliichtung:
    Manual
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    139 KB
  • Originaldatum:
    2009:08:11 23:51:37
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
580EX als Master
430EX als Slave mat Westcott sëlwer Prabelli
Manfrotto 005B Nano Stänner

Fir anzesetzen: [pg_img=39758]
Kommentar vum Fotograf:
't war bessi lusch sou kuerz virun Mëtternuecht en Fotoshooting mat engem hallefplakege Bäcker ze man :)
Dat hei as eng vun den Fotoen déi et bis an den Vernissage um Enn vum Workshop mam Serge Picard zu Arles gepackt huet. Méng Impressiounen vum Workshop, an déi aner Fotoen vun der Ausstellung 'Arrêt de Travail' sin op méngem Site:
http://gloda.net/20091004-arles

Le Chef

L'Ouvrier Naval

La Fleuriste


Grinskichelchen 05.10.2009 - 13:58
Dei Foto gefällt mir immens gudd!
Just schued datt die eng Fousspetzt bessen ofgeschnidden ass.
gloda 09.10.2009 - 14:50
Jop do hun ech mer och dono an den Arsch gebass dowéinst... nuje. Ech kéint et nach am Photoshop an d'Rei setzen mee dat dauert dann rëm eng hallef Stonn déi ech net hun.
Poly 05.10.2009 - 15:05
bouah, de geséit jo eischter aus wéi en" rauschmeisser", ass dat virun der contrôle sanitaire(ken t-shirt)closed_eye, oder war dei nach net do,
fannen d'iddi awer gutt well se emol de Bäcker aneschtes weist wei en dat gewinnt ass.............
gloda 09.10.2009 - 14:51
Boah ech mengen dat as méi relax do. Ech hun zwa och besse geluust wéi ech rakomm sin.
deendo 05.10.2009 - 15:45
Déi Foto hätt ech jo éischter dem Marc zougetraut. Du häss vlaicht kéinten am Hannergrond déi Këschten um Buedem verstoppen kéinten. Eventuell hätt och eng Broutschéiss hei gudd gemach, oder nach méi vun den Miehlsäck. Vlaicht Cliché, awer esou kéint en eventuell och nach als Gipser duerchgoen.
gloda 09.10.2009 - 14:53
Merci fir d'Kritik! Méng Reaktioun dann: Ech hun net fonnt dass d'Keschten oflenken, éischter weisen se dass do geschafft get. D'Broutschéiss hat ech ee Moment dru geduecht, oder och eng Baguette. Mee dat wier dann wierklech vill zevill Cliché gin. Ech hun probéiert déi an der ganzer Série z'évitéieren, an grad genuch Info ze gin dass ee gesäit wéiee Beruf et as.
An wann dann een dat do als Gipser mësserkennt dann huet en zum engen net gudd gekuckt an zum aneren wier dat och nach egal smile
deendo 09.10.2009 - 15:09
Ok, gudd Argumenter smile Ech hätt awer am Hannergrond geraumt. Bei mir ass et och nët emmer geraumt waat awer net heescht dass bei mir extra vill an haard geschafft gëtt closed_eye))
ChLo 05.10.2009 - 18:04
Flotte Portrait.

Dem sein Brout muss awer gudd sin...
gloda 09.10.2009 - 14:54
Hat keent geschmaacht... ech gouf zwar invitéiert mee huch! et wuar schon sou fuerchtbar spéit an si haten jo bestëmmt nach souvill Aarbescht an ech misst dun och schon zréck an den Hotel an sou an merci an eddi smile
rom 05.10.2009 - 21:29
Mmh, lecker Bréidercher kann ech do nëmmen soen devil

Zur Foto: déi as wirklech gutt gin smile
gloda 09.10.2009 - 14:55
Merci.
Jeanny 06.10.2009 - 07:44
Herrlech
waat en düstere Bleck ,
huet deen sech fir Foto hallefplakeg gemaat smile ich hoffen netsmile
gloda 09.10.2009 - 14:55
Nö deen war sou wéi ech komm sin. Ech sot just en soll eemol d'Hänn an d'Miel zappen.
Shantideva 06.10.2009 - 22:46
Ech well net wessen waat an sengen Bréidecher sou dran ass wann et him mol ze warm get an déi natierlech Kierperflëssegkeeten hieren Wee vun den Achselhielen bis zu den Fangerspëtzen fannen. tongue Den Portrait ass dir awer gudd gelongen, an och den aaneren Portrait vum Chef fannen ech ganz interessant.
gloda 09.10.2009 - 14:56
Freet mech. Et war effektiv zimmlech wuarm dobannen. Bääh tongue

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 299 Gäscht online