Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Nightshift

 
Nightshift
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (16.07.2009). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.07.2009
  • Gekuckt:
    25883
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/1.4
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    168 KB
  • Originaldatum:
    2009:04:30
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 40D
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 50 1.4 USM
Kategorie: Events »» Concerten  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=37895]
Kommentar vum Fotograf:
PAD 120/365 http://gloda.net/pad
Eng Rei Blues & Jazz Concer'en zu Lasauvage.
Versioun 2, merci fir d'Uregungen.
Mika 16.07.2009 - 01:15
Moment, Pose an Verarbechtung passen, d'Foto mecht Loscht op d'Blues'n'Jazz Rallye dese Weekend. Just daat Geschier op der rechter Säit hennert closed_eye
gloda 16.07.2009 - 17:49
As lo fort, merci.
Mika 16.07.2009 - 17:57
Waat e Service smile
gloda 16.07.2009 - 17:59
Nach e Kaffi oder en Dessert?
OK-Photography 16.07.2009 - 01:50
wow schoin Beliischtung!smile
allerdings steiert mech den Zuutz wou do riets an dBild erakukt...
hm hat keng zait fir den Nightshift dest Joer...mol kukn op na enka souepps as...
gloda 16.07.2009 - 17:49
Jo d'nächst Joer tongue Den Stänner as fort.
OK-Photography 16.07.2009 - 23:21
thanks ;D
deendo 16.07.2009 - 10:25
Sorry Gloda, awer den richtegen Nightshift war schon den 30. Abrëll zu Lasauvage & Fond-de-Gras. Entweder du hues an dengem Archiv gewullt an eis eng aal Kamell gewisen, oder du hues dech mam Titel vertrëtonguepelt a mengs den Blues Express läschten Weekend. An dengen Exif'en fehlt den Datum.

Edit: war op deng HP lussen, tatsach, en Archivfund. Gëllt daat dann iwwerhaapt fir dain Projet "Picture-a-Day"? closed_eye
gloda 16.07.2009 - 10:47
Jo 't as vum 30. Abrëll. Wéi op méngem Site steet, et geet drëm all Dag eng Foto ze maachen, net all Dag eng ropzelueden. Ech war e bëssen hannendran mam roplueden an lo sin ech rëm um updaten bis ech nees un den normalen Zäitplang kommen, nämlech d'Foto ee Mount nodeems se gemach gouf ropzelueden.
(A propos EXIF, de Problem as dass PG den Date-created amplatz den Date-digitized oder sou uweist, also wéini ech se am Photoshop gespäichert hun amplatz wéini se gemaach gouf, also läschen ech dat meeschtens.)
deendo 16.07.2009 - 12:52
Fir daat mam Datum gin et just 2 Méiglechkeeten: entweder du schaffs méi Zaitno (waat net emmer méiglech ass) oder den Johny huet nees eppes weider fir en nächsten "Photogen Update" closed_eye
gloda 16.07.2009 - 17:50
Sou den Datum hun ech och lo dobäi gesat. An et as schon d'Foto vum Dag drop online smile Also lues a lues komme mer rëm méi Zäitno.
deendo 17.07.2009 - 15:01
Excellent smile
dr_kim_veis 16.07.2009 - 17:35
schein situation, schein agefaangen. fannen d'gesiicht immens expressiv.
klengen detail deen mer opfaellt: gesait aus wei wanns de ordentlecgh geburnt haess ennen lenks an riets? sin mer net secher ob et net e bessen zevill as, vierun allem direkt ennert der luucht well dei lo net mei sou natierlech faellt?
gloda 16.07.2009 - 17:36
Jo ech mengen och mëttlerweil et as e bësse vill dees Gudde gin.
[Edit] Sou lo misst et ok sin.
dr_kim_veis 16.07.2009 - 19:01
jo, gesait vill besser aus.
Jeanny 20.07.2009 - 06:37
geseit herrlech aus

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 373 Gäscht online