Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

NeoFontaine

 
NeoFontaine
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.07.2009
  • Gekuckt:
    25897
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    Flash, Auto-Mode, Return light detected
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    531x800
  • Späicherplaz:
    328 KB
  • Originaldatum:
    2009:07:04 21:23:53
  • Fotoapparat:
    NIKON D70
  • Programm:
    Unknown: 0
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Architektur  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=37597]
Kommentar vum Fotograf:
Maimonides 04.07.2009 - 22:03
Wann s du selwer kee Kommentar enner deng Biller schreiws, dann erwaart och net vun eis dass mir dat maachen.
suraki 04.07.2009 - 22:17
mmm ... ech hat mech net getraut dat ze schreiwen,
gin awer och aus Prinzip ké Komment, wann én selver
net emstand as nemmen eng Silb dernner ze kritzelen smile
Maimonides 04.07.2009 - 22:31
Ech hun dat eierlich gemengt a meng Remarque ass net geduecht fir Zoff ze zuenden. Den @biromain keint heizou Villes soen. (Ech war sei Site kucken.)
suraki 04.07.2009 - 22:49
@Maimonides, natierlech war och ech sein Site kucken, an ech hun des Remarque drennergesat dat hien geséit, dat méi ewéi En et gut hécht, wan
eppes ennert e Bild geschriwe get.

Et geht och ouni Titel an ouni Kommentar, mé wan ech selwer ké Wuert zu mengem Bild ze soen hun ...

ok, ech well NET steppelen an och kén Zoff, et as just meng Ménung déi och fir munch anert Bild zielt, an zu déer ech stinn smile

Maimonides 04.07.2009 - 23:01
Mir sin eis an alle Punkten eens.
biromain 05.07.2009 - 11:18
Merci fir dein Kommentar, as geschitt
biromain 05.07.2009 - 11:17
As wiirklech deck einfach haut mat Filteren ze schaffen. As an der Dunkelkammer net esou einfach an et direkt mat der Digitaler hin ze kréien och net.
biromain 05.07.2009 - 11:17
Wat sollste bei esou engem Bild da schons soen, ausser dass esou eppes an der analoger Zeit och schon do war awer méi Zeit an Usproch geholl huet. TheGimp einfach, ouni Pellen (déi si verbueden)
n0brein 06.07.2009 - 17:54
just because you can doesn't mean you should
OK-Photography 06.07.2009 - 23:21
den sproch kent mer bekannt fier.....an JOH sou as et...closed_eye
OK-Photography 06.07.2009 - 23:24
joh...wei schons gesoot: ouni Kommentar an Unhaltspunkt fun waat genausde do welles haas wees ech wierklech guernik waat ech fun souepps haalen soll!

et as fir mech nik mei wei bessi Gemurks mat Filteren an engem Fotoprogramm, dann na bessi verzerrt an gespaichert....
dResultat as nik mei wei eng Mass fun Faarweschen Pixelen....naischt mei waat Konscht oder soss iergendswei -EPPES- duerstellen guff unhappy

net wierklech gudd....mengmeenung closed_eye
biromain 07.07.2009 - 12:19
Hei wéi ee sech kann iiren. As eng Noopnahm vun enger farwescher Kärz déi ech viru Joren op Cibachrome beliicht hun, an elo d'Archivfoto digitaliséiert an nobearbecht hun dass se dem Original no kennt. Kannst du vergiessen, Photoshop a TheGimp kommen mol net an d'Géigend vun engem héichwärteg könschtlereschen Cibachrome aus der Dunkelkammer. Léit awer zu 90% um Medium selwer, also dem Drock dervun. Déi aner 10% as d'Spannung déi fehlt, wells du d'Resultat eréischt no der Entwecklung geséist. Wann dat an den Arsch geet kann et schéin deier gin. Also Filteren gezielt asetzen fir eben dat Resultat ze kréien wat ee well, och am Photoshop. Muss eng Foto Konscht sin. As net och Technik interessant. Wel esou eng Foto keng Konscht as get et abstrakt, wel et as och keng Foto. Et si Nullen (0) an Eenten (1) déi aneschtes berechent gin. Fir e Fotographie interesséierten Mathematikprofessor as esou eng Foto och keng beruflech Héichleeschtung. Eng Dunkelkammer as haut awer bal net méi dran an den Drock get emmer besser. Muss een halt liewen mat deene neie Saachen haut, och wann et méi einfach a méi belleg as e Grains (Pixel) an d'Foto ze kréien.
OK-Photography 07.07.2009 - 12:30
? ? ?

du sees "ouni Pellen"...ech zweiflen :p
biromain 07.07.2009 - 13:41
Fréier hu mir och alt emol vir d'Beliichtung de Negativ verbrannt fir en Effekt op de Pabeier ze kréien. Analogesch fotografesch gesin war LSD erlabt. Mä Pellen as eppes fir de Spaass a net fir Konscht ze machen. Domat, wéi haut och, hätt ee sech éischter d'Fanger verbrannt oder direkt ganz Dunkelkammer a Brand gestacht
OK-Photography 07.07.2009 - 13:47
harhar bigsmile bigsmile

ech gesin just iergendswei nik direkt dVerbindung zwescht dem Feld fun eenten an nullen daatsde eis hei weis an iergendswelchem PABEIER, BELIICHTER, ENTWECKLER oder soss welechen Dunkelkammermethoden! closed_eye

oder welsde mer z verstoen gin dassde se manuel entweckelt hoss an dFaarwen duerch experimenteiren DOBAI komm sin?
an dem Fall verstin ech dEXIF net....
an dReferenz op dMOTIV...souwisus nik, fun dem as joh naischt mei iwrech....closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 472 Gäscht online