Ett wonnert mech just, datts du dobanne konz Photoe mache. Ech war mat enge Jungesellenabschied am Auchan, do kruut ech gesoot: "Banne keng Photoen!!!".
An der Galerie, war keen Probleem.
gefaellt mer gudd. Wier och frou fier d'GRD II eng keier ze testen. Daat staarkt rauschen an den staarken kontrast sin secher vun der BEA an gewollt, oder?
Gefaellt mer zimmlech gudd. froen mech just ops de vlaicht nach e bessen mei detail am scwaarzen haess kennen loossen...
Ma wans de mech engkéier solls gesin kans de mech unhaalen, d'chance ass grouss dat ech se dabäi hun Jo, d'Rauschen ass gewollt, well verschiddener sin mat ISO100, och dobannen, an aanerer mat 800, a sou gesinn se mei d'nemmlecht aus. Hat probéiert dat schwarzt net ganz auslaafen ze loosen, hun och deelweis sain plower nach opgehellt, mee kéint wirklech bessen mei sin!
Merci
ech war kuerz vierdrun mer eng ze kaafen, hun mech dun awer fier d'gx100 decideiert... an denken nach haut driwwer no ob daat richteg war.
heiansdo as och einfach net mei dran. besonnesch bei den schieter weinst der linearer sensibiliteit vun den sensoren (also dass vill mei spaicher fier highlights wei fier schieter benotzt get...)
Mess du se dann am RAW wans de SW mess? Mech nervt do nemlech dat se dann dono um computer rem a Fuarw sin... Fannen fir sou e klenge Sensor huet se zwar nach relativ vill Dynamik. Hun mech fir déi entscheed well ech léiwer eng fix Brennwäit hun an en optesche Sucher, mengen oofgesinn dovun sin d'Ennerscheeder och minimal tescht deene 2... Hun meng réicht säit läschte Freiden, sin immens frou domat zwar
jo, emmer raw, 12-bit vs. 8-bit - keng fro, fannen ech grad bei sw wichteg. Ech fannen just bloed dass den raw sou laang braucht fier se ze spaicheren. ech hun och leiwer fix mee ech hun mech dun net getraut. GRDII haett den vierdeel dass se nach en bessen mei kleng as an den mechanismus vun der lens as e bessen wackleg. mee mam sensor sin ech total zefridden - besonnesch wann d'luucht eenegermoossen an der rei as.
Jo, aus fuarw kans de mei raushuelen wans de dono SW mess, wi direkt SW, secher, mee fannen et trotzdem schued dat den Aperture oder Photoshop d'SW astellung aus dem RAW net iwwerhelt :/ dan kans de d'emwandlung emmer nach emol fresch maachen...
Wolt am Ufank d'GRD I mee do hun ech gelies dat se 9sekonne brauch fir de RAW ze späicheren an ee währenddeems keng Foto ka machen, fannen dat et bei der GRD II elo awer net ze laang dauert, geet awer nach féx, kann een der och puer hannerdeneen machen, just fir ze kucken muss ee besse wuarden.
Wert och an zukunft mengen ech mei Fotoen domat roplueden, fir ennerwee ass se secher mei praktesch an handlech wi spighelreflex