Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Promised is promised

 
Promised is promised
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.02.2006
  • Gekuckt:
    34575
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    36
  • Beliichtungszäit:
    1/750
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    575x800
  • Späicherplaz:
    136 KB
  • Originaldatum:
    2006:02:11 13:13:39
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=3640]
Kommentar vum Fotograf:
yoshi 11.02.2006 - 20:30
Haha! Jo ehm... genial closed_eye
yoshi 11.02.2006 - 20:31
Kriss eng 10 wéinst der Idee, mee Fotoqualitéit ass net super an dofir gett et dann 9 smile
CANON 11.02.2006 - 20:32
Geeeeenial Idee TOP belicht an nach viel an der Fleschdaat ass mir eng 10 Wärt
Lilia 11.02.2006 - 20:32
.
CANON 11.02.2006 - 20:34
Also yoshi dee1 Pung häss de och nach kennte gin ,en houet jo richtegen Champagner geholl bigsmile
yoshi 11.02.2006 - 20:39
se kéint awer besser sin, an wann en eng keier eng besser roplued kann ech net mei gin wann ech lo 10 gin haett
Kleent 11.02.2006 - 20:38
uahh cool smile... vlaicht awa bessen iwwerbeliicht? (lenks sait vun der fläsch an ennen vum glas)
CANON 11.02.2006 - 21:10
NEE Kleent..............Dann kans de och soen ronderem den Desch...me et geet net anscht do bausen et ass jo keng studio opnahm.....Nee si ass TIP TOP
scoty 11.02.2006 - 22:00
och bausen muss een d foto net iwerbelichten
et kann een nach emmer irgent eppes dohinn stellen fir schied ze werfen

mee d idee ass awer genial, wor daat zoufall oder sou geplangt??
Syacelion 11.02.2006 - 22:10
@Scoty: Kuck dir d'Glas mol méi genee un, an säin Inhalt. À moins dass de Focus do ganz speziell Drénkgewunnechten hätt déi nët emol d'Ierren biswell erwonnt hun, huelen ech dach staark un, dass daat geplangt war. smile
Wierklech super ausgefouert, Focus! Fir d'Iddi alleng mengen ech och dass du eng TOP Bewäertung verdéngt hues, géif dir gären 9,5 gin, fir dass du nach minimal Sput hues fir daat final Resultat nach kënnen ropzekréien eng Kéier.
All Respekt!

(Häss du eng bestëmmten däitsch Béiermark geholl, wär d'Foto zwar net sou edel, mee du häss se kënnen deier verkaafen. tongue )
Dave 11.02.2006 - 22:10
super idee, super foto ,super cadrag=tooooop foto,,just schuet dass t qualiteit net besser asssmile)
MarcGerard 12.02.2006 - 00:12
SUPER! wou woar dat dann? einfach immens!
Kleent 12.02.2006 - 00:25
CANON: ech well mech fir mech bloedheet entschellegen sceptical
yoshi 12.02.2006 - 02:21
gin dem scoty an dem kleent zwar hei recht: ass wierklech e bessen iwwerbeliicht, an daat kann een och dobaussen oofdonkelen. daat ass usech och den halwen grond wisou ech hei keng 10 gevote hun.
Focus 12.02.2006 - 10:05
ech hun hei missen ech Beliichtungskorrektur vun +0,7 maachen wäll sos den Vugel ze donkel as.
Lali 12.02.2006 - 10:52
gefaellt ma... de vuggel as schéin scharf, glas an schampes sin tiptop gestallt an de moment ass super...smilesmile
just schued dat se effektiv bessi iwwabeliicht ass... mee de grond dofia hues de jo scho gin...smilesmile
top foto!!
amBesch 13.02.2006 - 20:45
Super flott Motiv an en excellenten Moment erwëscht! Fir mech mat dat beschten vun dénger ganzer Fillechers-Serie. Allerdéngs muss ech soen dass ech se och liicht iwerbeliicht fannen. Och wann dat war fir de Villchen méi hell ze kréien.
Perséinlech fannen ech ët iwregens schued dass de souvill ähnlech Photoen dropsetz. Ech hätt mer déi 3 bescht erausgesicht an déi dropgesat, awer nët méi. Du hues eng Rei wiirklech immens schéin Photoen gemaach, mee da kommen der ëmmer nees dertëschend wou ech denken: déi passe nët bei déi aner flott Photoen wou de Focus soss mëscht (lo nët nëmmen op déi Villercher bezun). Naischt fir ongudd, mee ech wees eben dass du immens flott Photoe maache kanns, a wanns du dann vun engem Motiv der eng hallef Dozen ähnlech Photoen online setz, da verléieren déi eenzel Biller fir mech iergendwéi un hirer Exclusivitéit. Ass nët béiss gemengt, ka jo jiddereen maache wéi e wëllt, ass just méng egen Meenong.
Focus 13.02.2006 - 21:44
Merci, ech fannen do as eppes drun. Schaffen emmer zimlech intensief un engem Thema; hun zwar bei den Bussarten gefroot ob sech schons nerven...do war t' Aentfert e puer mol nee. Mä deelweis hues du bestëmmt Recht.

Muss zwar soen das ech sälwer Schwiregkeeten hun vir ze estiméieren wat fir eng am Beschten, oder iwwerhapt gut ukënt.
LuxRescue 06.03.2006 - 11:53
ei deen weilt ech lo bei mir (also net den villchen smile

super foto smile
coolpix 15.03.2006 - 22:01
Io, wollt nach emmer soen daat ech d'Iddi einfach genial fannen mee wei et och schon gesoot ginn ass schued daat d'Glas ennen iwwerbeliicht ass an d'Flaesch op der lenkster Säit vum Scheld och. Haess de net kinnten RAW fotografeieren, an duerno eng eenzel Foto vum Desch mat der Flaesch a Glas maachen, an dei zwou Fotoen dann am Photoshop iwwerteneenléen?
macorix 21.03.2006 - 23:29
wow, im richtigen moment erwischt! klasse die Bilder mit den Vögeln. g Andre
Olivier 11.04.2006 - 15:17
Wei schon gesoot fannen ech d'idee genial... mee mir gefällt et an den faarwen guer net... bon... et wor schlecht wieder, an den hannergrond hätt ech vllt net ausgewielt... ass mir dann do o bessi zevill Blur dran...
mmphotos 11.04.2006 - 18:59
Daat as deiftenschaerft, kennt duerch blend an duerch den Teleclosed_eye
Olivier 12.04.2006 - 23:02
Ech hun daat gefill du muss mech emmer als dommen doohin stellen :'(

Ech wees daat... mee mee et ass rotzdeem denselweschten effekt deen een am photoshop maan kann,oder ieren ech mech dodran?
mmphotos 12.04.2006 - 23:44
Well dech net emmer als dommen dohinstellen mee et sin saachen dei een einfach net aanescht maachen kann...an am Ps geseit et emmer mei onnatirlech aus
Radu 14.04.2006 - 17:40
Gefällt mir gar nicht. Die Flügel sen ja ganz verwaklt. Und ausserdem ist Schleichwerbung
mmphotos 15.04.2006 - 13:03
Fannen dei verwackelt Flilleken brengen dach grad eps besonneges an d'Bild, dei brengen vitess ran...nee?
Vince_M 05.05.2006 - 12:48
EXZELLENT......an witzeg....photo
Jury 06.05.2006 - 17:40
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
Rabicop 21.09.2006 - 06:53
sou stellen ech mer eng gelongen reklamm fir!
Jaycee 07.01.2007 - 00:16
Schued dass et én "demi-sec" ass, mais daat det der Photo kén Ofbroch. Tip top!
Focus 07.01.2007 - 20:04
Fir mech den lekersten Champes deen um Maart as... Brut as net ménges!
Ricky 09.05.2008 - 17:14
Ganz gudd gemaach,mä et et fehlen ebéssen Detailler an den hellen Beraicher.
jegas 15.05.2008 - 10:15
Super Bild, wier ideal als Reklammebild.
Matine 19.05.2008 - 20:45
gin dei well och alkoholiker closed_eye
awa ganz gudd iddee
gtaddei1 19.02.2010 - 19:37
Coup de coupe... super

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 259 Gäscht online