Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bullet For My Valentine

 
Bullet For My Valentine
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.04.2009
  • Gekuckt:
    29997
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    2000
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    177 KB
  • Originaldatum:
    2009:04:18 20:37:04
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Concerten  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=35625]
Kommentar vum Fotograf:
Bullet For My Valentine, den 18.4.09 am Atelier!
Mech interesséiert wat dir vun der Foto haalt, besonnesch well ech a leschter Zäit jo e bëssen Sträit mat mengem neien Apparat hat...
OK-Photography 21.04.2009 - 22:03
yay!blo an giel an ... alles bigsmile
baal perfekt kadreiert (den ugeschniddnen Schung steiert eng winzech Grimmel) mee dEnergie kent (wei bei denen anren och) gudd riwer!
gefellt mer gudd smile
Shantideva 22.04.2009 - 18:55
Den Cadrage as dir hei wirklech flott gelongen, an vun de Faarwen gefällt se mir och ganz gudd. Bas du dann elo zefridden mam Apparat?
Dan 22.04.2009 - 23:41
Merci iech 2 fir de Kommentar!
Mech stéiert d'Rauschen bei nëmmen!!!ISO 2000 nach ëmmer immens!!!
Ass daat da kengem opgefall? Oder spannen ech?
Shantideva 24.04.2009 - 14:01
Et ass jo normal dass eng Kamera bei ISO 2000 rauscht. Daat machen se alleguerten. No desem Post sin ech mol e bessi um Internet sichen gangen an hun och e puer Seiten font déi di nei Modeler vun denen zwou groussen Marken Canon an Nikon verglach hun, an do ass d'Resultat ongeféier gleich. Ech hun elo d'Original vun der Foto net an Originalgréisst gesin, awer ech gin mol dovun aus dass daat een ganz normalen Grain ass wéi en bei sou enger ISO-Zuel och z.B. bei der Nikon D700 ze gesin ass.
Kuck mol hei:
http://www.nikon-fotografie.de/vbulletin/showthread.php?t=73953
Dan 25.04.2009 - 09:25
Dass all Kamera ab engem gewëssen ISO Beräich rauscht ass effektiv normal.
Dass ech vun der Leeschtung vu menger 5DMKII am Rauschverhalen enttäuscht sinn ass am Veglach mat der "aler" 5D gemengt. Ech hat mer do eben e bëssen manner Rauschen erward...
Merci awer och emol fir däi Link!
arwa 26.04.2009 - 13:36
also, den Dynamikëmfang vun der MKII fannen ëch mol em - Klassen besser , an nët nëmmen déen !
mam Rauschen sin ëch och ganz zefridden,
ët duerf éen keng Wonner erwaarden, rauschen dinn së all, mei oder manner.
Du duerfs nët vergiessen, dat deng - aal - 5D , wat Rauschen ubelaangt, schon eng Klass fir sëch war, sie as ëmmerhin schon e puer Joer um Maart !
arwa 26.04.2009 - 13:37
gefällt mir - gudd - sou !!
de Schong steiert mëch hei nët, de Bléck gët souweisou ëmmer no uewen op d'Gesiicht/Gitarre gezunn !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 242 Gäscht online