Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Rokia Traoré

 
Rokia Traoré
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.04.2009
  • Gekuckt:
    28437
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/2.
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    2000
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    123 KB
  • Originaldatum:
    2009:04:01 19:56:04
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Concerten  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=35055]
Kommentar vum Fotograf:
D'Rokia Traoré am Atelier, den 1.4.09.
Nodeems ech zu menge leschte Fotoen net vill geschriwwe krut probéieren ech et dann nach eng Kéier op neiem PG Hannergrond ;)
Freeë mech wéi gesot iwwert all Kommentar!
arwa 05.04.2009 - 21:13
iergendwei féehlt ët mir hei un ätonguepes...
(Schärft / aaneren Schnëtt / dh. net grad dem Mossiö am HG duerch d'Nues ............ as sou)
dei Oder am Hals weist nat. ganz gudd, mat wei engem
Engagement hat sein Job mëcht.
Dan 05.04.2009 - 21:33
Merci Armand dass du eppes schreifs...
Säit ech d'5DMKII hunn fehlt mir och iergendeppes... an ech kann net soen wat et ass...mä ech sinn absolut net zefridden, well bei 1/125 an 70mm hätt ech mir och méi erwaart!
De Focus louch de Moment vun der Opnahm 100% do wou e sollt!!!

Ech denken och net dass de Problem de Mossiö am HG ass, mä ech denken de Problem ass den Haaptsujet!

Mee ech weess net wéi ech de Problem soll lokaliséieren... ech hat mer vill vum neien Apparat versprach a si bis elo just enttäuscht ginn!
Vläicht weess ee vun de PG-Useren Rood...
arwa 06.04.2009 - 07:55
wat hues du dann - nodreiglëch - un där Foto geännert, dh. entrauscht a nogeschärft, un de Faarwen gekniwwelt ......... asw....?

Ech vir mein Déel sin mat menger neier Cam. ganz zefridden, souwuel am Presseasaatz wei och op Concertën (do baussen an der Sonn sin së all gud, bal all closed_eye))....)
daat éenzegt, wat mir nët gefällt, daat as den Autofokus, nët déen Mëttegen, mais déen Aussermëttegen, do hun si, vis à vis vun der aaler 5D neicht geännert an daat as schued. Op Concertën wir ët narwëll gudd, wann dei - aussermëtteg - Fokuspunkten, vu dat éen narwëll dachs den Servo - Fokus ugeschallt huet, och geifen fonktionneieren, mais bon, domadder kann ëch liewen !
Dan 06.04.2009 - 09:11
Majo ech hunn eben net immens vill nodréiglech dru gemaach! Just de Kontrast e bëssen erop gesat a ganz liicht nogeschärft...
arwa 06.04.2009 - 10:52
da kuck hei, liicht entrauscht, mais liicht a ganz bessi nogeschärft
4.000 Iso

“Paul Fox Mannheim Collective”



as nat. SW an do geseit alles gaaaaaanz aanescht aus smile

ps. op denger HP sin besser Fotoën vun him !!

iwwregens, hues du keng Festbrennweit, resp. nach nie doru geduecht, dir sou Lënsen ze kaafen ?
Obwuel, dein 70-200 as scho ganz gudd, mais, dei aaner si nach e gudde Krack besser !
Dan 06.04.2009 - 17:00
Hmmm ech mengen mir mussen eis emol eng Kéier e Concert zesummen virhuelen an duerno eis Fotoen mateneen vergläichen...

Bis elo hunn ech nach keng Festbrennwäit, mee ech hunn schon oft mam Gedanke gespillt mer eng zouzeleeën.
arwa 06.04.2009 - 19:59
gudd Idee

du wärs gesinn, Festbrennweiten as de Glanz !!
Shantideva 05.04.2009 - 22:22
Do hun ech jo een gudde Concert verpasst. Deng Foto war op jiddefall eng Gelegenheet wert fir erem e bessi Musik vun him ze lauschteren an och d'Foto dobei ze genéissen. smile
Dan 06.04.2009 - 16:59
Jo dee Concert war wierklech gutt!
Merci och fir däi Kommentar...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 306 Gäscht online