Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

den aale Mann an d'Stadt

 
den aale Mann an d'Stadt
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.03.2009
  • Gekuckt:
    48611
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1150x881
  • Späicherplaz:
    540 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    M6
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=34316]
Kommentar vum Fotograf:
well ech e bessen festgenéelt sin, weisen ech einfach déi eng oder aner Biller aus mengen aale Négativen. Fresch gescannt a néi verschafft.

aus der Hémecht vum Cartier-Bresson
dr_kim_veis 09.03.2009 - 14:45
deck gudd. erzielt eng story...
suraki 09.03.2009 - 18:10
merci ! (-:
Nicon07 09.03.2009 - 14:53
Quelle bonne idée...!! smile

Dat do gefällt mir gudd, dee Bléck, an di fra mam ugeschniddenen Fouss. An dee reen-naassen Macadam. An den s/w hei as super.
suraki 09.03.2009 - 18:10
och un dech en decke merci (-:
Miau 09.03.2009 - 16:19
Dee Bléck has formidabel, (so voller Sehnsucht!) gefällt mir gudd, mais ech si net d'accord mam ugeschniddenen Fouss.
suraki 09.03.2009 - 17:54
merci Miau,
ech hat eng aner Versioun wou d'Bild hannert der Fra geschnidde war, also nemmen de Mann quadratesch.
Hien huet en do esou richtech ugekuckt. Des Versioun mat der Fra, déer hiere Fouss an d'Bagette ugeschnidden sin, an déi ais dem Bild eraus geht, gefällt mer awer besser.
Fir mèch !! (perséinlech) zielt bei enger Street net d'Kompositioun alleng, ob Fouss oder Bagette ugeschnidden as oder net, as net wichtech, de Mann op dén et jo unkennt mecht d'Foto aus.
Dat zielt natierlech fier Streetfotoen, am Studio as esou eppes onverzeilech. ((-:
Nicon07 09.03.2009 - 19:53
Ech fannen zwar, datt s du do recht hues, Suraki, an awer spillt esou eppes dach eng Roll, wann och éischter onbewosst. Am Géigesaatz zum Miau fannen ech nämléch, datt deen ugeschniddenen Fouss hei grad d'Bild no lénks opmécht, an dofir d'Fra aus dem Bild eraus geet, an da gëtt se Niewesaach (ouni et lo awer eigentléch ze sin) an dat geheit dem Betruechter säi Bléck dann automatesch no riets op de Mann. Sou liesen ech dat mol. Mais, à chacun son point de vue. Ech ka méch och an di aaner Interpretatioun versetzen.
suraki 09.03.2009 - 20:20
natierlech spillt e sou eppes eng Roll ((-: an de Miau huet net onrecht !

Ech selwer sin awer der Ménung datt Streetfotoen anecht gekuckt gin,
fir mech perséinlech muss do net alles perfekt bis an de lechten Déteil sin.

dat heiten liest sech lo fleicht, wei wann ech net domadder doccord wär,
wat awer net wouer as ! Ech mengen hei am Allgemengen d'Streetfotografie
Poly 09.03.2009 - 17:42
béi der Foto kënnt mat dem Bléck, Traueregkeet an Erënnerung u vergaangen Zéiten, super eriwwer, do kann é gären den ugeschniddenen Fouss vergiessen, deen ass hei Niewesaach
suraki 09.03.2009 - 17:57
merci Poly,
ech gesin dat och esou, awer net well et mèng Foto as.
Esou en Moment sausen ze lossen fir eng net perfekt
Kompositioun, wär onverzeilech. ((-:
Mochel 09.03.2009 - 19:38
deen aalen Mann kuckt ganz traureg deem jonken Meedchen no.

Mee e kuckt och villaichjt trauereg well Wieder net grad top do wor wann ech den Buedem kucken
suraki 09.03.2009 - 20:23
ech mengen en huet einfach am allgemengen trauereg
gekuckt, fir mech war en nemmen alleng ))-:

merci Mochel
antoine_spautz 09.03.2009 - 19:40
saugud dat doten
suraki 09.03.2009 - 20:24
vun engem Streeter as dat flott
Maimonides 09.03.2009 - 23:15
...bref: une parabole de la vie:
mouvementée à gauche,
à droite figée
et les souvenirs
sous le chapeau !

Fir mech eng vun deene schéinsten, besten an déifgreifensden Fotoën hei um Site.
suraki 10.03.2009 - 09:40
oh , dat heiten klèngt wéi Musik a mèngen Oueren !

du bas de Christo awer mat Wièder, et kann kén esou schéin
mat Wièder apacken wéis du !

merci !
Jean-Jos 09.03.2009 - 23:32
the 'inconvenient truth'?
nee, ech wëll lo nët ze wäit goen, awer daat ass genial am Bild festgehalen!
Kompliment, cadrage ass do Niewesaach...
suraki 10.03.2009 - 09:33
e decke merci un dech.
Severine_ 14.03.2009 - 16:33
Wirklech flott lucht an cadrage. Do kukt een direkt op deen äleren mann, heen huet esou en interessanten gesicht. Wei en ausschnett vun engem film. Haaste dem mann gefrot fir den foto se huelen? sain ausdrock wirkt natiirlech mee baal wei wan heen poséiert haet fir dech.
suraki 14.03.2009 - 17:24
merci Severine ,
et war zu Paräis, wou mer zu e pur Kollegen higange sin, fir eng Ausstellung
vun Streetfotografie réaliséieren ze kennen. Déi mécht Fotoen déi mer gemach hun,
hun mer (ech) d'Léit net gefrot.
Et as net meng Art a wéis, mé do as alles esou annonym dat et kén interesseiert.
Wat ech awer emmer gemach hun, a wann, nach ememmer machen, as dat ech dorno e pour Wuert mat de Leit quatschen.
Dann get dat ganzt geknippst erem positiv obgeholl, an heiansdo kommen flott
Gespricher op (((-:

De Mann hei as awer aus der Hèft eraus geknippst gin, an hat et net emol gemirkt
op dat elo richtech as oder net .... ?

eppes wés ech awer , ... dat doten as net richtech !!!!!!!!!!

klicken wegl
Nicon07 14.03.2009 - 20:02
Oh je, da loosse mer alt mol hoffen, datt dat do keng Schoul mécht, wat een do op youtube gesäit. Ech fannen, eis Welt as am gaangen ze entgleisen. Sou Typercher wi deen doten, déi erreeche just, datt irgendwann jidereen, dee mat engem Fotoapparat an enger Stad gesi gëtt, riskéiert festgeholl ze gin oder de Fotoapparat iwwert d'Noss gehaaen ze kréien. An da wonnert ee séch, wann alles verbuede get....
suraki 14.03.2009 - 22:03
gelle, lo kann en och verstoen dat eis Stärecher sech heinsdo queschhstellen, a sech onbeléift machen, a nawell net emmer ganz onrecht hun ((-:
rom 14.04.2009 - 13:44
Wirklech flott di do! Deen armen Mann huet mol näsicht ze drénken do stoen. Hien gesäit bëssen traureg aus
suraki 14.04.2009 - 15:09
merci Rom ,
et as eng Foto déi och mech nodenklech gemach huet !
Jeanny 09.08.2010 - 08:14
Waat eng super Streetfoto Edy,
de Bleck, e kuckt esou traureg ( sehnsuchtsvoll) dran,
suraki 09.08.2010 - 18:32
merci fir de léiwe Kommentar Jeanny smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 464 Gäscht online