net gloda'ish .. déck lusch. wat net heescht dass ech et schlecht fanne gell!
mee as einfach net gewinnt vun däer esou "knaschteg" faarwen a strukturen. an deen negativ-cross-radioactivestyle as lusch
luvyalots XD
hehe joah wa o iwerrascht dass et SOU ausgesait!haat ma et mei...propper, kloer sou fiergestallt!
mee fannen et awa sou speziell dass et schon nees gudd as!
gesait aus wei wansde epps mat polariseierter Luucht gemeet hess...kansde bessi op den Makingof agoen? wei kent een op sou eng kuerz Zait?as daat well den BLETZ sou een kuerzen Impuls scheckt?
op allefall eng intressant approche (daat mam Bletz mengen ech)
Jo 't as well den Blëtz op den klengen Stärkten méi séier as wéi d'minimal Verschlosszäit vun der Kamera.
Wous de un polariséiert Luucht kënns weess ech net, ech mengen do geheis de Saachen duercherneen.
dPolariseiert Luucht kent dohier well dFaarwen mech stark un Mikroskopbiller erenneren dei mat sou eppes beliicht guffen (get benotzt fir verschidden Substanzen, zbsp bei Mineralien/Stäng funeen ze trennen dei dann an aneren Faarwen liichten)
ech huelen net un dassde eppes postprocessed hues dofir fannen ech dFaarwen zimlech komech...
-->Faarwfilter op den Bletzer monteiert?
Ahsou. Nee, einfach bessi am Lightroom gespillt, méi as et net. D'Original as blo, ech hun déi verschidden Blotéin alt méi wäit vuneneen ewech geréckelt.
Déng Mineralien liichten verschidden well Polariséiert Luucht net siichtbar as wanns de dann och nach duerch en Polfilter kucks. Metall reflektéiert Luucht onpolariséiert, dofir liicht deen dann anescht. (Mengen ech.)
Ok, einfa mol aner Fro: Waat heescht was 'recorded at about 1/64000 of a second', also mat waat ass do obgeholl gin? xD
An domat komme mer nees ob den MakingOf, schaerf Dreps mat enger Sek geet net, daat wees ech suguer. Ps?