ech fannen deng Serie richteg gutt gin, an den Kader ass och ganz gutt passend
(ech kennen den Kontext elo nët ganz, well hun nët méi esouvill englesch Kenntnisser fir deng HP ze verstoen :-(((( ...)
Juuust ) ...
(ben, jooo ... Détailler, daat ass jo daat eenzegt wou ech eeeeeventuell eppes soen kann, well fir Beliichtung, Brennwäit, Blend etc --> ??? KA )
- deen jonken Här an der Mëtt, fannen ech, passt stylesch nët esou zu deenen aaneren "dandy'en (?)", weder vum Outfit an Koiffür, nach vun der Pose hier (hien ass ze strikt/streng an nët classy-relax wéi déi aaner) ... an en huet een halwen Hellegenschäin deen him duerch den Kapp geet
- deen Jonken lénks, deem geet een Potteau duerch den Kapp
- Schung oofgeschnidden fir een Moude-shoot --> pas bien
- deen Boy deen sëtzt matt schwaarzer Krawatt an Hiem ... deen Schied am Gesiicht deen bei der Stier ophällt (an seng Coupe ass och nët bei déi aaner passend, ech wees awer och nët op daat huet missten passen?)
Merci fir d'Kritik.
Deen an der Mëtt steet jo dofir an der Mëtt well en gro an net schwaarz as. D'Auer hannendrun gefällt mer, ADG schätzen ech.
Deen lénks huet un sech kee Poteau duerch den Kapp mee en Stéck vun der Mauer, dat ännert awer näischt drun dass et stéiert, du hues Recht.
Dat mat den Schung huet mech och genervt! Do war sou een Dësch virdrun deen ech réckelen wollt mee dann wier en gebrach :/
Bei déngem leschten Punkt verstin ech net wat s de soen wëlls.
zu deem an der Mëtt hun ech mir daat schon geduecht (matt Mëtt etc) mee trotzdem, fannen ech, passt ët nët, ass awer wahrscheinlech ADG wéi's du sees ... oder wann Kontrast, dann awer richteg Kontrast ))
zum leschten Punkt:
ma ech mengen, dass seng Stier zevill Luucht oofkritt huet am Verglach zu sengem Gesiicht, oder ëmgedréint (bon bei deem ganz lénks ass deen Schied och esou ähnlech schued gefall, just vertikal)
déi Auer fannen ech och ganz flott, just ech kucken nëmmen nach drop well se him duerch den Kapp geet
ech wees deng Aarbecht immens ze schätzen (ass nët nëmmen op dëss Foto bezunn), ech hoffen du wees daat, an natierlech hun ech ët einfach fir im Nachhinein op engem (1) Bild/enger Momentopnahm alles ze beurdeelen
sur place, an als deen deen d'Opnahm mëcht, ass daat esouvill manner einfach (zB den Schung hei), och wann een zu e puer ass ... ech wees, ech wees ...
also ech kann ët sëcher nët
Dat as jo kloer dass et dono méi einfach as, dat as jo den Sënn vun PG; do brauchs de dech net ze rechtfertegen.
D'Schieter falen sou wéi ech dat wollt, ech fannen déi flott esou. Mat der Auer géif ech et dann warscheinlech net nach eemol sou maachen.
Pff
Déi Saachen wous de gesot haas waren awer un sech richteg an hun mengen ech den Fanger op dat geluegt wat d'Jade schon déi ganzen Zäit gesot huet, nämlech dass ech d'Luucht zevill komplizéiert gemaach hun.
Du soos eppes vun den Lächer tëscht den Leit. Wéi kann ech se zoumaachen?
nee, nee ... also daat mam komplizéiert ass mir nët angefall, well ech jo och nix dovunner verstin, mee ech gin dem Shogun Recht, komplizéiert wor daat richtegt Wuert , respektiv ass bessi "Luucht-Onrou" am Bild