Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Pussycat Dolls 2

 
Pussycat Dolls 2
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.02.2009
  • Gekuckt:
    44127
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    34
  • Beliichtungszäit:
    1/2500
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    30 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x665
  • Späicherplaz:
    291 KB
  • Originaldatum:
    2009:02:15 21:59:38
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Concerten  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=33760]
Kommentar vum Fotograf:
Hei dann eng zweet Foto vun de Pussycat Dolls...
arwa 17.02.2009 - 14:05
JA

daat kesselt , souguer mat der blöder Fläsch do viir smile))

Dan 17.02.2009 - 14:12
Wat hunn ech déi Fläsch verflucht!
Mee dat ass eben live; do kann ech leider net einfach sou mol bis op d'Bühn klammen fir déi Fläsch ze réckelen closed_eye
arwa 17.02.2009 - 14:14
soën ëch jo, souguer mat där Fläsch smile)

wat ëch mëch ëmmer froën, daat as, dat, wann éen sou iwwer d'Bühn flitzt/hopst/danzt........... asw. dat éen dann iwwerhaapt nach sangen kann ?
nët nëmmen bei hinnne, en général lo geschwaat
Ziggy_x 17.02.2009 - 19:45
Viva....iwerall mat da bei...mittendrin statt nur dabei he...closed_eye hehe...haes de se sollen mam tele eweg recklenbigsmile
Gaga 17.02.2009 - 14:38
dei as fill besser ! (blöd fläschbigsmile) mais uewen mat hierem Schreftbanner as se perfekt, wei een titel deen schon mat oofgeliicht gouf !
an bei sou flotten (iwerschminktenen.plastik-)Fraaleit kann t'Foto jo nemmen gut gin ! closed_eye

wann t'Musek elo nach deen Niveau hät .....

@arwa : do as souwisou nemmen 10 prozent fun deem waats de heiers life gesongen, am hannergrond leeft een Korektursoftware deen t'Tein corrigeiert an den original meeschtens nach paralell fier dei Plaatzen ze iwerteinen wou Sie net mei no kommen !
kruemelatease 17.02.2009 - 14:48
Null soen ech just! An daat soll dann een Live-Concert sinn, lächerlech. Nujee, jidderengem sengt smile
arwa 17.02.2009 - 14:57
ech hun viru puer Joer zu Brxl. mol eng keier beim Eros Ramadingsda hanner d'Bühn gesinn, mei leiwe Jong, do waren bal grad sou vill Tountechnecker täteg, wei der iwwerhaapt bei EtTeHäll schaffen smile)
ludiol 17.02.2009 - 18:15
Tjo do gesäit een, et muss e just passabel ( ech soot net flott !!) ausgesinn an d'Been breet maachen an 6000 Idioten bezuelen deiert Geld fir en Playback. Da sollen se léiwer an d'Stripbar goen, do hun se méi vun hiere Suen.

PS Ech vermessen op dénger Säit Fotoen vum Muse Concert, konns de do net knipsen ?
Gaga 17.02.2009 - 18:34
daat erliefs de jo och bei den casting show's ! do geht et firun allem em t'ausgesin, den Paul Potts hät do nie gewonnen wann en POP gesongen hät, am klaseschen geht et eben nach drems, sangen ze kennen !
mais back to topic !
foto as gut gin ! wei gesait et iwerhaapt op sou concer'en aus, mam handy as jo ok, mais wann een do mat vollbildkamera an 400mm optaucht, tollereieren dei daat ? (Dan)?
Dan 17.02.2009 - 18:43
@ Gaga
Ouni déi néideg Erlaabnis kënns de effektiv net mat engem Fotoapparat eran, geschweige vir bei d'Bühn!
Dan 17.02.2009 - 18:41
@ ludiol
Merci fir däi Kommentar!
Ech denken allerdéngs dass déi meescht vun déngen Aussoen mat Affaire de Goût ze dinn hunn. Wat deem enge gefält, ass vläicht net deem anere sénges an ëmgedréint, mengs de net?
Ech selwer interesséiren mech fir all Concert wou ech ka Fotoe maachen, ech denken dat muss och sou sinn wann ee wëllt bäiléieren.
Bei Muse hun ech deemools keng Fotoen gemaach, well ech keng Zäit hat... Leider!
Kwitchibo 17.02.2009 - 20:19
1 se gesin guud aus!
2 Play back zum greisten deel4 net!(probeier du mol danzen an sangen..)
3 6000 leit op eng keier Idiot ze nennen as krass... tongue
4 se begeschteren Leit brengen Leit drun hieren Arsch ze bewegen an daat as guud fir laun an fir Santé..
5 ech respekteiren en Kenschtler op ech en guud fannen oder net...
6 Du kuks och an denks "GEIL" ...( an et gin secher mei scheiner...)


zun dir DAN : du hues besserer ONLINE op denger SEIT!!

mbG


Dan 17.02.2009 - 21:28
Merci Marc fir däi Kommentar!
Ech schéngen effektiv keng gutt Händchen ze hunn fir eng "Bescht-Foto" ze wielen...
Wéi eng ass dann däi Favorit?
JADE 17.02.2009 - 20:54
@ ludiol:

eng Persoun déi 6000 Leit als Idioten erkennt muss schon een groussen Spezialist sin ... an daat kann jo dann nëmmen een sin deen selwer een riesen Idiot ass, nee?

an dann zu den "Been breet machen" ... daat seet och schon villes driwer aus wéi's du duerch d'Welt gees ... ënner aanerem zimmlech beschränkt, oder?



euhmmmmm ... meeschtens sin ech fein ... awer heiansdo nët graad esou ...
just esou fir ze soen smile)

mbG
Dan 17.02.2009 - 21:29
@ Jade
Wou's de Recht hues...
ludiol 17.02.2009 - 21:59
@jade et le reste

Bon Idioten ass vläicht e bessen iwwerdriwwen, wann ech dech (oder aanerer )domatt beleidegt soll hun wells du och op deem Concert waars (oder och net) dann deet mer daat leet, et sollt eng sarkastesch Bemierkung sin.

Mir gin nu mol nemmen nach mat Dieter Bohlen a Compagnie iwwerrannt an dozou gehéieren och Pussycat Dolls. A wann een muss deier bezuelen fir en Playback ze gesin deen vun silikongepolsterten Fraen virgedroen get a d'Musek vum Computer krééiert get huet daat fir mech perséinlech net vill mat Konscht ze din (an daat ass meng perséinlech Meenung)

Dovun oofgesin mengen ech net dass ech beschränkt a wéi en Idiot duerch d'Géigend laafen, ech kann och meng Feeleren agesin smile

Kwitchibo 17.02.2009 - 23:06
mengs du Matthew Bellamy geif net den Mac benotzen fir seng stemm? oder anner tricker? menger leider net...
ludiol 18.02.2009 - 07:25
Do kéint een jo stonnelaang diskutéieren, ech mengen all Kënschtler haut des Daags benotzt Effekter, verschiddener méi aanerer manner. Den Ennerscheed mescht den Inhalt vun der Musek an op een et gréistendeels selwer komponéiert huet oder Eenheetsbräi just virsengt (well daat huet op laang Dauer keng Zukunft). Meeschtens (et get och Exceptiounen) ass et jo awer sou dass sou Gruppen an 4-5 Joer vun der Bühne verschwonn sin an an 10-15 Joer nach just en Oliver Geissen driwwer braddelt, wéi schéin di Zäit awer war.

Wien et gudd fennt, soll säin Pläséier hun.
Dovun oofgesin fannen ech d'Photo ganz ok, wir natiirlech ouni Fläsch besser, mee et wor jo keen Studio Photoshooting.
arwa 18.02.2009 - 18:33
@ ludiol, mat denge Umierkong (ënnen) gin ëch dir zwar recht, naja, sou graff hätt ëch ët net gesoot, mais bon, dei eng denken sou
an dei aaner denken eben aanescht
dh. dei fannen et gudd, wann sou genannten - gepushten - Barbie oder wei och emmer Fraën iwwer d'Bühn hopsen asw asw, die wësst all, wat ëch mengen. Muss éen sëch awer och mol den Duerchschnëtsalter vun de Leit op sou engem Concert ukucken !!

sou laang de - gros vun de Leit - sou ätonguepes flott, oder souguer gudd fënnt, gët och sou ätonguepes gewisen, resp. produzeiert, daat as nu mol sou , wëll:

die Nachfrage bestimmt das Angebot !!!

mais bon, ëch fir mein Déel hun da leiwer eng kleng Band an engem schnuckelegen Lokal (dei méescht wëssen, wat a wou ëch lo mengen) an lauschteren déenen hier Musek, dei nach richteg mat der Hand gemaach as ............... de gustibus et collorib............. etc...

Nach ätonguepes , nët all Künstler benotzt Effekter , op jidfer Fall nët dei, dei ëch lo grad erwähnt hun !

sou. lo si mer rem all fein matenéen smile))

e scheinen Owend nach
Armand
ludiol 18.02.2009 - 18:58
Fein si mer emmer smile Ech hu nu mol eng liicht Tendenz ze soen waat ech mengen sou wi Jade nu mol och
Dan 18.02.2009 - 19:21
Ech wéilt dann awer och nach just e leschte Päfferkär bäileeën.
Ech hat jo no Kommentaren gefrot, mä dat war éischter op meng Foto bezunn!

Ech man nämlech net nëmme Fotoen vu Bands wou ech perséinlech och gär hunn, mä ech probéieren mäin Horizont ëmmer nees ze erweideren, an ech denken nëmmen sou kann een sech an der Concerts-Fotografie och weider entwéckelen!

Ob een elo d'Pussycat Dolls, oder Tokio Hotel, oder eng aner Band gutt fënnt ass letztendlech ëmmer eng Affaire de Goût an ech fannen et zimlech arrogant säin eegene Goût als deen eenzeg richtegen unzegesin.

ludiol du hues däin éischte Kommentar jo nodréiglech relativiséiert!
Ze soen wat een denkt fannen ech och eng gutt Saach, mee och dat bleift ëmmer eng subjektiv Saach!

Fir dem Armand seng Wieder nees opzegräifen:
sou. lo si mer rem all fein matenéen closed_eye

JADE 18.02.2009 - 19:35
(pfffffffffffffffff ... ech tippen nach ëmmer esou lues!!! ... déi Zäit wou ech déi Schmier hei getippt hun, huet den Dan schon e bessi daat geschriwwen waat ech nët esou diplomatesch ausdrécken kann smile) ... )



tjooo ... an ech hun liicht d'Tendenz zimmlech genervt ze sin/ze gin vun der allgemenger Tendenz déi vill Leit hun, eppes ze soen/ze schreiwen waat fir mech einfach zu enger simplistescher Katégoriséierung gehéiert, an dann, wann aanerer dorop réagéieren, ët einfach als "Sarkasmus" ze bezeechnen ...
an dann wann méiglech ganz oft och nach een "sorry" hannendrun sëtzen, et voilà! dann ass d'Saach gedoen ! ...

ludiol, mech hues du nët direkt ungegraff, nee, ech wor nët op deem Concert ... awer indirekt schon, well wahrscheinlech wier ech an engem aaneren Kontext och bei aaneren dausenden, vun dir bezeechenten, Idioten derbäi gewiecht (z.B. déi déi op den Autofestival gin, oder Dr House kucken, oder d'Bravo an hierer Jugend liesen/gelies hun, oder bestued-1 Haus-2 Kanner-an-1 Hond hun, oder Botox-addicted sin, oder sech 100-D-Broschtprothesen ansëtzen loossen, oder eng aaner ... Hautfaarw hun ... etc, etc ... )
an daat ass daat waat mech perséinlech e bessi erféiert, wann Leit esou Aussoen vun sech gin, wéi wann daat esou eppes vun banal (gin) wier ... am Stil: ech hun all Fräiheeten, déi ech wëll an déi ech mir gin! ... an déi aaner? waat déi aaner? nee, déi nët!

nee, éierlech ech kann esou eppes guer nët hun, an DAAT soen ech dann, jo daat stëmmt smile)...
daat ass einfach meng perséinlech Art a Weis déi daat nët verdréit ...
dann kann daat esouguer soi-disant deen allerbeschten Sarkasmus vun der Welt sin ... fir mech ass daat een Syndrom vun "alles-an-een-Dëppen-geheien" ... daat ass een Jugement deen ganz vill ausseet

sou, sou ...
an well ech elo esou gutt lancéiert sin smile) ... gin ech elo emol e bessi produktiv Energie an meng Aarbecht investéieren ... :-P

Dan, merci fir deng Foto als Diskussiouns-plateforme kënnen ze benotzen
Kwitchibo 18.02.2009 - 21:22
smile
ludiol 19.02.2009 - 00:41
Majo mat dengen Ausoen hues de jo just bewissen dass du jo och zu deenen gehéirers di d'Leit an een Deppen geheien, well du kenns mech net an du jugéiers mech jo och op Basis vu menger enger Ausso dass ech beschränkt an idiotesch duerch d'Welt laafen an va méiglech och nach Rassist sin (Zitat "oder eng aaner ... Hautfaarw hun"closed_eye
An domat attakéiers du mech perséinlech. Op mannst gesinn ech ann dass ech a menger Ausso (di allgemeng gehaalen war) iwwerdriwwen hun, (a mech dofir entschellegen) an du gess awer perséinlech domm a frech an daat ass den Ennerscheed.
Du hues mir op mannst bewissen dass de näischt besseres bass wi ech ( an de Rescht denken ech mer obwuel ech schon Loscht hätt mool een mat der drenken ze goen, well sou Diskussiounen fannen ech emmer gudd, da gett et net sou langweileg smile


JADE 19.02.2009 - 00:52
daat ass fir mech eng typesch Retour's Äntwert ... déi ech och erwaart hun smile)

natierlech wann een esou Aussoen mëcht muss een iergendwéi awer och domadden rechnen, dass een dann och eventuell "kategoriséiert" kéint gin, nee?
awer dann 6000 Leit als Idioten ze bezeechnen well se een Concert lauschteren gin vun enger Grupp déi's du nët esou gaeren hues ... daat ass awer Ok, daat dierfen mir einfach esou unhuelen, oder wéi? och wann mir ët jo nët sin déi ungeschwaat gin
kenns du dann déi 6000 Leit, fir se als Idioten ze bezeechnen "nëmmen" well se op een bestëmmtenen Concert gin? ...
ech mengen mir kënnen den Ball elo éiweg pinpongen loossen ...

mee bon ... ët ass gutt esou ...
deng äntwert elleng seet mir schon, dass du nët verstaanen hues waat ech die vermëttelen wollt ... --> an zwar wéi daat eriwer kënnt, an daat egal op een dech kennt oder nët!

an wanns du gutt lies ... an daat nët graad perséinlech hëlls ... dann kanns du liesen, dass daat Beispiller waren fir ze erklären wéi eng "Banaliséiereung vun gewëssen Aussoen" e beemol zu esou Aussoen wéi "Hautfaarw ..." kommen kënnen ... daat wëssen mir jo awer allen 2, ne
an wanns du daat elo "be-neins", dann bass dann du awer deen deen blauäugeg duerch d'Welt geet ... nee?

ech haalen och elo op well ët nët hei d'Plaaz ass fir driwer ze diskutéieren ...
nach eng Kéier, ech hun mech obligéiert gespiert, op deng Aussoen ze réagéieren, an wann se nët eecht ze huelen waren, dann schreiw esou, dass een däin Humor besser erkennen kann, dann

komesch, dass awer och keen aaneren ët als Sarkasmus opgeholl huet ...

jo, du kenns mech nët, mee ech muss soen, du hues mech awer schon gutt angeschätzt ... ech sin effektiv an villen Saachen zimmlech domm, ech wees ... unhappy
war ech frech? ech duecht nët, fir mech wor ët Roserei, resp Enttäuschung ... ech wollt mäin Empfannen erëmgin, mee wann daat esou bei dir unkomm ass, dann war daat wuel esou an dengen Aan

ludiol 19.02.2009 - 07:14
Jo Ping Pong huet kee Wäert, do gin ech der Recht, an de Site ass jo un sech och fir Fotoen ze bewärten.
arwa 19.02.2009 - 08:51
dei iwwregens, ëch widerhuele mëch, trotz Fläsch am Bild, ganz gudd as unhappy))))

wat war lo mat: " éen drenke goën ???" closed_eye
EyE 19.02.2009 - 14:20
freck hei get et jo gud firun ... Där sid awer all licht op 100000 hei :/ ...

zur photo .. wei de marc scho soot ... up dengem site si fill besserer closed_eye

chEErs
Dan 19.02.2009 - 14:22
Och dir Merci fir däi Kommentar!
Géif mech awer och intresséiren wéi eng dass dann däi Favorit op mengem Site ass...
deendo 19.02.2009 - 17:54
Also wann ech mëch elo hei amëschen dierf fannen ech och aanerer besser gerooden obwuel keng schlecht dobai ass:

hei

an hei

Lo fällt mer op dass d'Beliichtung wuel zimlech gudd gewiecht sin muss wanns de mat enger Blend vun 3.5 an ISO 1600 nach op phantastesch 1/2500s komm bass smile
gloda 19.02.2009 - 15:32
Hm... wéieng Method (Bicubic, bicubic smoother, etc) benotz du fir d'Foto ze verklengeren? Ech gesin (och wann ech drop klicken) vill Aliasing un den Ärm zB.
Mat der Fläsch... do wier ech zwar och blöd dobäi gin, mee wann et dech tréischt ech hun se net gesin bis ech dem Armand säin Kommentar gelies hun.
Dan 19.02.2009 - 17:41
Ech exportéieren se am Aperture op 800pix a lueden se dann hei erop!
Ech sinn effektiv a leschter Zäit och net wierklech zefridden domat wéi se dann hei ausgesinn, well ech sinn selwer zimlech streng mat mir wat meng Fotoen ugeet déi ech weisen! Dat heescht ech halen just déi, wou wierklech a mengen Aen an der Rei sinn...
Kann's du mer weiderhëllefen?
arwa 19.02.2009 - 18:21
ëch komprimeieren meng mat: JPGCompressor, daat fonktionneiert bis lo einwandfrei (denken ëch mol smile)... )
gloda 19.02.2009 - 18:42
Wanns de se op 800px verklengers an se op Photogen mat 1000px landen wéi déi doten, dann as iergendwou eng schiefgelaaf. Wann se do bei iergendenger Etapp vun 800 op 1000 vergréissert get géif dat den Aliasing erklären.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 388 Gäscht online