D'Nicole Scherzinger vun de Pussycat Dolls während hirem äusverkaaftenen Concert, de 15.2.09 an der Rockhal.
De Rescht vun de Fotoen fannt dir wéi gewinnt hei.
Ech freeë mech iwert all Kommentar!
Merci fir däi Kommentar!
Also iergend eppes schéngen ech ëmmer nees falsch ze man, dass ech net déi bescht Foto weisen.
Mir huet déi hei gutt gefall well d'Nicole mir zimlech direkt an d'Lëns gekuckt huet.
Wéi eng ass dann däi Favorit?
Vläicht ginn ech jo iergendwann Léiergeld...
Eng Fro n0brain (upps) ... bass du grad op engem Trip ? Egal weieen Comment een vun dier an der Läscht liest, et ass emmer sou een granzegen an genervten Toun dohannert ... Dat ganzt geet och en bessen mei frendlesch wann ech dat mol sou soen därf.
häss keinten eng mail oder eng msg hei schreiwen mee comment ass och ok
sen am prinzip net immens granzeg oder genervt, ech benotzen just gär zitater oder sen gär ironech an ech mengen daat ass net emmer obvious.
Ech mengen ech fänken lo un un engem system ze schaffen deen sarkasmus am internet unzeweist
miau... leider fehlt mir en bessen an der schaerft an virun allem an den schaerzten en bessen. soss awer vum cadrage hiir tip top esou wéi mer daat vun dir gewunnt sin.
Merci Tom.
Mat de schwaarzen Téin hues de Recht, do kann ech nach e bësse kniwwelen goen.
Mat der Schärft ass bei mir um Ecfan besonnesch wann ech se am Grousse kucken awer weider kee Problem.
Also ech muss dem Metalbambi recht gin, dei 3t an 4ert Foto op dengem Site fannen ech (nach) besser !
PS : du hues jo schon eng Retsch Concer'en hannert der, mais den beschten hues de verpasst : Daft Punk, och weinst den Biller dei haaten eng mega Liichtshow !!!
Merci Gaga fir däi Kommentar.
Et fällt mir ëmmer immens schwéier eng eenzel Foto eraus ze siche fir hei ze weisen, an et schéngt dacks sou ze sinn dass mäi Choix iergendwéi net op meng bescht Fotoe fält!
Mat Daft Punk kann ech mer virstellen dass ech do eng verpasst hunn...
verpasst vleicht, awer, ob daat dée beschten Concert war ?
, wann éen souvill Concertën , wei den Dan erliewt huet, dann as ët souweisou schweier ze soën, wei éen déen beschten war,
ech denken, do waren der schon eng abberzuel gudder derbei !!!
also, ëch hätt hei dei 5. vun denger Homepage gewisen (wann's de nëmmen eng wëlls weisen) dei fannen ëch zB. mega, wei nach e puer aanerer och natierlëch
bei dëser gefällt daat duerchgeschniddend Gesiicht riets ënnen mir nët ,
do kann dem Nicole (héest jo sou, oder ?) sein Bléck nach sou schein sin
mëch wonnert desweideren, dat bei 1/800 nach souvill Onschärft dran as
wat nat. och un der Blënn (3.5) hänke kann !
beim genauen kucken hun ëch lo rausfond, dat him sein Shirt oder wei och emmer éen daat nënnt, fir dei eventuell -nicht vorhandene - Onschärft verantwortlëch as )
Deng Photoen verleieren beim Verklaengeren un Schaerft. Och wanns de net gaeren noschaerfs - wengt deenen villen rengen Muster geif ech hei eng Ausnahm maachen. Soss evtl. liicht ophellen an mei Kontrast?
Nr. 5 ass daat baescht waat ech bis elo vun der gesinn hunn