Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Richtung Q_stall

 
Richtung Q_stall
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.01.2009
  • Gekuckt:
    22851
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    36
  • Beliichtungszäit:
    8 séconn
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x944
  • Späicherplaz:
    565 KB
  • Originaldatum:
    de Sonndech
  • Fotoapparat:
    Sony R1
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=33046]
Kommentar vum Fotograf:
d'Lucht as immens flott do erangefall, et war stachdéichter an ....
ech brengen dat heiten elo mol net am sch/w ((-:
arwa 20.01.2009 - 20:15
Cif a Vim, do get et vill ze schruppen !
gefällt mir - ganz gudd sou !
Mochel 20.01.2009 - 20:18
flotten cadrage
suraki 20.01.2009 - 20:35
merci der Zwé
Jeanny 20.01.2009 - 20:38
gefellt mir och super.
Maimonides 20.01.2009 - 22:01
Nët nëmmen dokumentarisch wertvoll.
Gefaellt mir super.
Keup 21.01.2009 - 13:43
Geilen Effekt. Sauflott dei dooten.
TomEwert 21.01.2009 - 15:31
kennt en bessen riwer wéi eng solaritioun. geil, cadrage passt hei effektiv gudd.
suraki 21.01.2009 - 17:10
en merci och un iech véier !!
suraki 21.01.2009 - 17:45
moien oder owend, ech schreiwen dat heiten elo hei hinner. Op et elo heihinner passt oder nett, as dohigestallt.

Et kann dach net sin dat ech beim eroflouden vun Fotoen, Kommentare ewéi den heiten elo virun 5 min, kréien .


@Du hues däi Motiv riit an d'Mëtt gesat vum Bild an Perspektiv do hues de déi gewéinlech Zuschauer-@perspektiv geholl wat net immens interessant ass. Probéier deng Foto anescht ze kadréieren mat méi @ongewéinlecher Perspektiv.

An dat heiten un eis Administrator- Photopätonguest:

Stell d'Photo déis de refuseiert hues an, a los d'Léit jujéieren !!! , en sin schon essou lang an internationalen Jurien engageiert , dat ech selver kann décidéieren, op a wann e Motiv an d'Mett geheiert, wei eng Perspektiv ech huele soll , oder welch Perspektiv bei e Bild soll geheieren an och wei deichter oder wei hell dat Bild soll sin. ((-:

Här Administrator (Johny ?) irwend wann brengen d'Léit hei hir Biller , dat se dir richtech gut gefahlen , dat d'Perspektiv as, eweis du se gären häss , oder besser se froen dech fir matzegoen dats du hinnen (eis) sés wei mer d'Photo solle machen.

Sou ewei elo, léchs Du kén Dingscht und der ganzer Potographie Här Administratorpobst!
du hues en flott Séit hei geschaf, déi der awer leider an de Kapp geschloen as.

trau dech stell d'Photo, déis de mer eremenkéier refuseiert hues an, a loss d'Lét jujeieren, ob dat Heizungsbild banal as ! , ech huelen awer un, dats de dovir d' Gi.... net hues.

sorry dat huet elo misse sin.



Johny 21.01.2009 - 18:04
Fill dech perséinlech ugegraff well een deen s du net kenns der seet dass de eng Foto häss kënne besser maachen smile

Et geet hei, wéi ëmmer rem Leit mengen et mussen ze verstoen, NET drem dass mir soen "d'Foto ass gutt oder net", nee, dat ass Quatsch. Beim Aktivéieren geet et drem dass mer kucken ob ee sech Gedanke gemaach huet bei der Emsetzung vun der Foto. An wann dann eng Foto kënnt vun engem Objet, matzen an der Mëtt, an ouni perspektiv geknipst, ass dat wierklech einfach just "geknipst" ouni eng fotografesch Leeschtung hannendrunn. Genee dodrem geet et awer hei um Site! Net jidderengem muss dat gefalen oder schmaachen, mee fir Lëtzebuerger ass et typesch ze mengen se misste kréie wat se wëllen, leider.

Ech setzen d'Foto net online well 1. domat häss de erreecht wat s de wéils an 2. se ass schonn geläscht smile

PS: En bëssen manner arroganten Kommentar kënnt ëmmer besser un als Kritik wéi däin hei.
suraki 21.01.2009 - 18:47
ok Johny,

ech wollt en Portrait hei asetzen, dat d'Léit mer kenne soen wat se dofunner haelen, oder dass ewentuel en Diskussioun driwer opkomme kéint

Wei häs de dén Portrait gären,oder wéi soll ech en brèngen, dat en iwerhapt hei gewisse get, ouni dat Hien an déngen Aen banal as.

Soll oder därf ech en an d'Mett setzen, ass Heykey oder Lowkey hei erlabt, oder sin virléiften an de normalen Grootéin do. Ups vergies, ech wollt eng ganz banal Zuschauer-@perspektiv vu vir brengen, an leider hat ech mer beim Knippsen nett
immens vill Gedanken iwert Lucht gemach well ech mat der Mimik vun Modell beschäftegt war.

dat as elo net arrogant, mä soll ironesch sin

ps: @Ech setzen d'Foto net online well 1. domat häss de erreecht wat s de wéils

et as mer 1. wirklech esou eppes vun egal,
an 2. behells du dech (a mengen Aen) arrogant, wells de mer virschreiws
wéi meng Photoen sollen ausgesin.

sou, d'Thema as awer vir mech elo giess, an .....ech wés, hat dat jo schons eng Kéier virun laanger Zeit gesot kritt, et léit un Dir obs de wells bleiwen oder nett.







arwa 21.01.2009 - 19:26
wann's du daat da mol geifs iwer PM'ën mam Johny klären !

den Johny an ëch sin, oder vill mei, waren och nët ëmmer enger Méenong, mais ët wier mir am Draam nët agefall, hei an aller Öffentlëchkéet meng Roserei, oder Onzefriddenhéet oder waat och ëmmer bréet zë trëtonguepelen !

meng Méenong

e scheinen Owend an eng gudd Nuecht
JADE 21.01.2009 - 19:54
tjooo, wéi d'Meenungen esou auserneen gin ... smile)ech sin zwar der Meenung dass esou Themen schon ungeschwaat sollten gin, just eben am Forum, an daat waat méi perséinlech ass daat dann eben perséinlech iwer PM soen

vu dass ët jo elo hei leeft ...
an ët ass jo schon puer Mol gesoot gin, mee dann ech och closed_eye:
ech kann dem Johny seng Argumentation gutt novollzéien, aanersäits dem Suraki seng och, well am Fong ass et jo och een Site wou een soll kënnen eppes bäiléieren, an do huet den Johny him jo och gesoot waat beim aktivéieren och gekuckt gëtt d'Ëmsetzung vun enger Idee/engem Sujet ... awer ass daat dann nët och oft subjektiv? Ëmsetzungen gin nët ëmmer d'selwescht appréciéiert, och wann se den "régles de l'art" entspriechen

Ech wëll elo guer nët iergendengem Admin ze no trieden, ët ass just fir driwer ze schwätzen ...
an zwar, heiansdo hun ech perséinlech awer och Schwieregkeeten ze verstoen wisou verschidden Fotoen aktivéiert gin sin, wann ech dem Johny seng Erklärungen hei, an och schon bei aaner ähnlech Diskussiounen, liesen

ech gin och Beispiller: (loost mir just Zäit fir ze verlinken )
zB hei: http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&a...
wou ass hei waat fir eng Ëmsetzung? ech froen just
zB hei: http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&a...
oder hei: http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&a...

ech muss zwar elo och soen, dass säit schon eng bessi méi langer Zäit manner esou Fotoen hei sin wou ech mech gefroot haat: hein? wisou?
wierklech ouni dass daat elo eng ADG war smile

mbG
OK-Photography 21.01.2009 - 20:14
ech schleissen mech ArWa un an fannen dass sou eppes NET bei eng FOTO passt...dPM as fir sou eppes erfont gin...closed_eye

desweideren kann ech nemmen soen dass ech no all dä Zait wou ech schons hai vegeteiren NACH EMMER frou sen dass ma Johny hun!ouni Lait dei een Bleck op dei ropgelueden Fotoen werfen VERKENT den Site neemlech ganz seier (waat ech fillen Auslännechen fierwerfen!)
sou as eng Ligne dran an do kann et effektiv passeiren dass een do NET dralait!
sou eppes perseinlech ze huelen as kannerech an ech mengen wansde daat sportlech gesais an probeiers et nekst time besser ze maachen as FILLES mei einfach...closed_eye

mat Kritik emgoen well geleiert sen...Jurydessisiounen zakzepteiren genausou...closed_eye

@JADE: geigenbeispiller fannen sech EMMER...mee bai WAITEM net soufill wei enzuech anecht...eenzecht waat een PG kiint fierwerfen as dass ma ZIMLECH konservativ sen waat awa wei alles anecht hai NET zur Diskussioun steet...


-->FORUM<--
JADE 21.01.2009 - 20:24
jo, gutt wier ët wann dëst elo an den Forum "gepecht" kéint gin, also d'Diskussioun an nët déi perséinlech Saachen natierlech

ech sin och ganz denger Meenung, BP, iergendwou MUSS een Filter sin ... just, hun ech deen Filter heinansdo nët esou richteg verstaanen, also waat verschidden Fotoen ungangen ass déi aktivéiert gin sin ... well déi aaner, déi refuséiert, kennen mir jo nët smile

awer wéi schon gesoot, ët ass virun méi langer Zäit wou ech daat méi oft geduecht hun

also back to Forum ... ? ... ech nët, well ech hun elo schon alles gesoot waat ech am Moment äusseren wollt smile
an nach eng Kéier ët ass keng Kritik, just eng Iwerléung ... an och fir ze soen dass ech heiansdo déi Leit kann verstoen déi nët verstin wieso, weshalb, warum, wann een dann aaner Fotoen gesäit déi och hei sin ... closed_eye
mfG
klex 21.01.2009 - 20:32
An ech schléisse mech dem Oli voll a ganz un!
Mee gif di Foto vun der Heizung lo gär gesinn smile
arwa 21.01.2009 - 20:42
daat as mol e Wuert smile)
arwa 21.01.2009 - 21:39
ah ja, ëch hun së lo gesinn
also, mir gefällt se smile)
suraki 21.01.2009 - 22:22
arwa merci
suraki 21.01.2009 - 22:19
@klex

ok du hues se jo lo gesin
suraki 21.01.2009 - 21:49
@ Forum:

wei wells de iwert eng Foto diskuteieren, och am Forum, wanns de se net weise kanns.

@sou as eng Ligne dran an do kann et effektiv passeiren dass een do NET dralait!

wann ech (mat mengen Biller) an eng Linn oder Rumm soll passen , an nemmen dat soll brengen , wat dir oder allen aneren gefällt , dann machen ech et wei ech geschiwe kritt hun:

@ech bleiwen derbai: live with it or quit! closed_eye

also ob allgemenge Wonsch vun verschiddenen Leit déi net verdroen, dat et én gett , dé nett nemmen Biller mecht vir aneren ze gefahlen,

( ech knippsen net elo am Studio well dér dat grad gud fand, an huelen mein Sujet net onbedingt Lènks an den eichten Drettel, well et an de Bicher esou ze liesen as , a well der grad déi Bicher gelies hutt.) huelen ech meng Konsequenzen.

Ech hun och net elo hei eng Schlammschluecht gengt de Johny gefouert, hun just gesot wat vill anerer denken sech awer net trauen ze soen.

mfG
Johny 22.01.2009 - 00:44
Ech soen dir net wéi deng Fotoen sollen ausgesinn, du verdréins hei alles dass et schlëmm eriwwerkënnt, mee mir (net ech!) soen der wéi se NET soll ausgesinn. An se soll NET ausgesinn wéi: "ohei, flott, *knips*. egal wéi vill een se duerno nach bearbecht um PC.
Mee ech sinn et gewinnt dass verwinnte Lëtzebuerger op de Bam klammen wann eng Klengegkeet net geet wéi se wëllen. An ech sinn et och gewinnt dass User déi meckeren et net färdeg bréngen, iwwerhaapt ze probéieren (!) déi aner Partei ze verstoën. Nee dann ass et effektiv méi einfach Kommentarer ze schreiwen mat "ech sin an Juryen an du domme popst do", wéi wierklech säi Kapp un ze strengen. An dass de deelweis wierklech egal wat schreifs wat der just an de Kapp kënnt hues de bewisen mat denger Studio-uspillung, well ofgesi vun 2 oder 3 Still Life Fotoen déi hei vu mir sinn, fotograféieren ech och ni an engem Studio, also net an engem bal 100% kontrolléierten Emfeld.

Ech sinn iwwregens der Meenung dass sou Diskussiounen och roueg kënne publique beschwat ginn, allerdéngs just sérieux wann de User mat méi respektvolle Kommentarer ufängt, an net wéi hei, do verléiert een all Loscht iergendeppes anstänneg ze diskutéieren.

International gesinn huet all Site bëssen seng Charakteristik op wat méi wärt geluecht gëtt, op PG gëtt dann natierlech direkt geklappt jidderee mengt mir musse fir alles op si just well mer den eenzege sou Site hei am Land sinn. International huet ee Choix, et sicht ee sech säi Favorit eraus, hei huet een dee Choix net, also gëtt probéiert sech d'Saach Recht ze maachen. Mee dann nach vill meckeren wann eppes net geet wéi een et wëll ... dat ass sënnlos.

An ech soen et alt hei nach eng Kéier: Ech sinn net den eenzegen dee Fotoen aktivéiert an refuséiert, am ganze si mer zu 4 déi et aktiv maachen. Also sinn déi Kommentarer mat "Popst", woumat ee jo wëll undeiten dass ech alles alleng kontrolléieren an décidéieren, iwwerflësseg a sënnlos. An beim Refuséieren kënnt heiansto eng Foto wou déi eng soen "déi ass gutt, wow" an anerer kënnen der Foto guer näischt ofhun, dat ass esou, do ka keen eppes drun änneren. Et ass och sécher net falsch, dass et och deelweis subjektiv ass, mee dat ass ëmmer nach kee Grond fir lo z.B. ze soen all Foto soll aktivéiert ginn. Oder wat wëlls de erreechen, global gesinn lo net fir just dës eenzel Foto? Dat géif mech interesséieren (ouni Ironie oder sou, lo ganz sérieux) Wat ass däi perséinleche Virschlag fir et besser ze maachen? Wann s de selwer kee solls hun dann muss de leider akzeptéieren dass et sou ass. Wanns de een hues, géif ech en gären héieren respektiv liesen an eisem Fall hei.

Du setz den @ iwwregens falsch an, deen hëllt een fir wann ee sech direkt un eng Persoun riichte wëll.

Ech misst fir richteg wierklech eng Zäit all Foto einfach fräischalten, dann géifen den een oder aner gesinn wéi séier se mech erëm géife froën dass mir se rem checken firum Aktivéieren ...

@JADE: Déi lescht Foto do an denger Rei hun ech mol nach ni gesinn. Just sou niewenbäi smile

(hun de Kommentarer nodréigleg nach bëssen erweidert mat engem Edit...)
OK-Photography 22.01.2009 - 00:52
joah...bessi anescht formuleiert mee ongefeier den inhalt fun den PMen dei sou hinanhiergungen...cool

an zur läschter Link-Foto:
i did....steet schons laang an der to-do-Löscht...hun just na emmer net rausfont waat ech positives drun fannen kiint....an soulaang ech niks hun wees ech nik wei ech do kiint een Kommentar schreiwen den den Auteur NET als beiswöllöch ging ophuelen...errrrgh...... ;D
JADE 22.01.2009 - 01:14
euhmmmm ... loos ët sin BP, soss riskéiers du (an ech) villäicht awer nach verletzend ze gin ... daat huet een jo nët onbedéngt am Grëff, wéi ët bei deem aaneren dann unkënnt closed_eye
JADE 22.01.2009 - 01:11
wéi Johny ?!? du kenns/kucks nët all d'Fotoen um Site? ... tongue

nee mee, all Foto fräischalten, daat ass jo awer och nët gefroot/gesoot gin , vun kengem mengen ech (bon villäicht vun aaner Leit wees ech nët) ... daat wär jo och nonsense ... waat géing daat fir een "Knipps-Album" hei gin !! nee, nee unhappy ...

smile
Johny 22.01.2009 - 01:15
Ma en anere Virschlag hun ech bis elo vum suraki och nach net gelies, respektiv vu kengem hei. Et ass einfach ze soen "dat fannen ech net gutt", mee eppes besseres vir ze schloën, dat geschitt dann just all Schaltjoër emol.
arwa 22.01.2009 - 08:15
geif soën (hun zwar neicht ze soën, mais awer........ ), domadder wier lo genuch geschwaat gin. Losse mer dach einfach haut rëm , wa mer Zeit hun, raus oder soss iergendwou higoën a probeieren, dei Rotschlei einfach a Biller ëmzesetzën. Meng Méenong smile)
Johny 22.01.2009 - 08:41
Nee, net meng Meenung, ech hunn et eecht gemengt wou ech sot ech géif gären liesen wat den suraki dann mengt wéi et besser wier. Soss hat déi ganz Diskussioun hei 0 Sënn.
arwa 22.01.2009 - 09:19
ah, ok !
da ginn ëch eben leng raus smile)
suraki 22.01.2009 - 18:35
moien Johny, ech hun dat heiten elo ganz schnell geschriwen et fehlt bestemmt dat ént oder anert,

ech kann leider net emmer direkt zerèckschreiwen, Du wells also konstruktiv Virschléi vu mir hun ....



Los mech virdrun awer nach e pour Zeilen mat der stréiden oder wéis du et sés arrogant sin *gg*

du selver schreiws ech wär arrogant, dobei ges du mer awer keng Méigelechkét dat d'Matlieser hei gewur gin em wat fir e Bild et sech handelt an dat alles ausgeseit wei wann et sech em eng Photo gif handen , déi net derwärt wär gewissen ze gin. Du weis se net well dein Ego giff ugekatzt gin , wan én oder viléicht verschiddener giffe soen "ech fannen se flott an ganz ok" mä bon


(en Link well ech ouni deng Akzeptatioun net asetzen, fleicht eng PN mat Mailadresse da schecken ech jiddereengem d'Bild, dén drun interesseiert as ?)


Des Plattform hei, déi bis op d'Gestreits flott as , an, ech wés dat des Seit fir Dech an deng aner matschaffend Kollegen vill Arbecht mat sech brengt !!! . Photogen soll dach net do si fir nemmen Medaillebillercher oder super Biller a Mentiounen ze weisen.Et soll Spass machen an et soll iwer Biller diskuteiert gin oder hun ech dat falsch verstanen?

Du schreiws mer bei engem Bild, et as en Vakanzebildchen an et huet hei neicht verluer, en Moungt drop as et awer akzepteiert gin (ok et war net ganz fair, wollt awer einfach kucken op et wierklech esou schlecht as, ech wés och datt verschidden Administratoren ,verschidden Guen hun a freischalten) dat zweét Bild, schreiws de mer , dat doten as einfach nemmen ofgeknipst, an elo dat heite Bild
(dats de och net wells weisen) huet laut dengem Kommentar keng Perspektiv d'Motiv wär an der Mett, Lucht wär net gud an et wär einfach ofgeknippst asw ... kann en uewen jo noliesen.
Et as einfach net wouer wats de do behapst , (wat mer enneranerem zeg aner Léi bestätecht hun ), et as a sollt ké Méchterbild sin, et as awer gud genuch fir dat et hei bruecht ka gin an den én oder aneren sei Kommentar dezou brengt.

Virun engem Johr, war et en Joer??..ech war nach den IKARUS.. dé nemlechrten Zenario, en Bild wat an Irland eng Mentioun oder war et Bronze ? op engem FIAP concour krit huet , as hei ofgestempelt gin, mat ... mach der emol Gedanken iwer ..... ansoweider ansouweider.
Setzen dann an eisen internationalen Juryen FLPA an FIAP allkeier 6 bis 10 Blanien dats du der eraushells an engem Schoulméchtertoun, just dorem geht et hei !!, ze schreiwen dat ales oniwerluet geknipst as d'Perspektiv der net gefällt an,an ,an (dovir sin ech och démols gangen)

Du stells awer elo eppes anecht dohinner, Jo ech war , (esou aal weis Du bas an dann nach acht Joer derbei !) an Juryen tätech, ech hun der dat awer net geschriwen fir der dat un d'Nues ze bannen , mä fir der ze erklären dat ech wés weini dat en Bild ze weisen as, op et gut oder schlecht as . Sorry dat as einfach esou an domadder , (wei has de geschriwen) muss du dech elo offannen , och wanns de et net akzepteiers. (;

Hun enneranerem och nie geschriwen du domme Popst !! du schreiws mer ech ging egal wat schreiwen , vun Studifotoen oder Uspillungen vun Photoen hun ech nie e Wuert verluer, wou kenns de dodrunner? Wén vun eis zwé as stur, du schreiws
@Mee dann nach vill meckeren wann eppes net geet wéi een et wëll ... dat ass sënnlos.
(war den ätt elo richtech agesat? Ech sinn en aalen .... ((-smile


elo awer genuch iwert d'Foto, well du wéis se net, an ech gin der dowengst net recht.



Wat kann awer konstruktiv gemach gin? Du hues mech elo kritt an ech kann der net soen wéi ech et besser kéint machen!
Eng Selektioun, ech gin der Recht , muss och sin. Fleicht wären d'Léit hei méi zefridden wann se nett vun nemmen
giffen gesot kreien , dat as nemmen geknippst an, an , an Dat as einfach Beleidegend an an dem Fall as et nemmen normal dat en dann och esou erem geänfert kritt. Ech hätt hei manner Problemer wann einfach gif geschriwe gin , mer kennen deng D'Photo leider net hei weisen an ferdeg. Ech kéint mer virstellen am Forum iwert en Streifall kennen ze diskuteieren, ewentuel vun eise Léit hei ofstemme lossen, et gin vill Meigelechkéten wat é keint machen .Ech wés dat dat alles mat Arbecht vebonnen as, mé et kennt én de Leit mei no wann en se an eppes abennt , ewei wan en se nemmen beléiert . Wann an engem Kommentar steht," firwat as den Himmel esou gring, war dat esou gewollt" , kennt halt besser un, ewéi wann en schreiwt "wat as dat fir eng verkackten Farf do uewen lènks am Eck" am éichte Fall kennt warscheinlech och eng konstriktif Äntfert


mmmm , den Absatz hei, as elo zimlech kleng gin.


Ech kritiseieren dech net nemmen, fannen just dat an dem heiten Punkt Handlungbedarf besteht Soss gin d'Léit an eng virtuel Cage gedrèckt , déi eis Administratoren gezammert hun , à la " weis dat wat ech well a gutt fannen, wat mer gefällt oder géi " , wat jo bestemmt net de Senn vun desem flotten Site as, an esou secher och net gewollt as .

aner Leit hei, hun awer bestemmt aner Virschléi an Ménungen , oder ???

ps: Johny, ech keint mer virstellen dat ouni dat geschreiws (et as net mènges)bei engem Patt, eng interessant Diskutioun zweschent zwou Generatiounen kéint gefouert gin. ((-:








OK-Photography 22.01.2009 - 19:00
huiuiui waat get hai fill getext...cool
main kommentar as hai just dass ech, no engem kuerzen Iwerbleck, wuel mei op ennerscheedlech Generatiounen, Erfahrungswerter an Usiichtssachen stoussen wei op EFFEKTIV Leisungen....;o)

soss hunsch net fill dozou ze soen wü datt et net un mech geriicht as...cool

am FORUM hunsch allerdings na eppes font wou och schons mol sou Diskussiounen gefouert guffen: Fotoen unhuelen oder net, nei Ideen closed_eye
Shogun 22.01.2009 - 19:51
ooh gaaaps...
losst mech dach einfach d'Fotoe selectionneieren! Da waere vun deene gaaaanz weinegen dei ech activeiere geiff den Dag drop souwisou nemmen nach 1 do.. bigsmile! .. (insider) ... tongue



Johny 22.01.2009 - 20:01
Dat ass emol eng laang Äntwert .. hehe. Als alleréischt wëll ech lassginn dass ee gesäit dass et der awer net egal ass soss géifs de der net sou vill Zäit huelen sou e Roman ze schreiwen. an bon, ech géif jo och soen et gesäit een dass Thema och mir net egal ass soss géif ech och schonn net méi schreiwen. Mee lo zu dengem Kommentar.

Wat huet den arrogant domat ze dinn dass ech d'Foto net weisen elo? Ech ka se net weisen nodeem se geläscht ass smile Ech hu se guer net méi, ka se och selwer net méi kucken.

De Sënn vu PG hues de wuel richteg verstan, mee et ass wéi ech soot: WANN mer filteren, wat s de jo selwer méi spéit geschriwwen hues dass am fong muss gemaach ginn, kënnt et ëmmer erem dass eng Foto déi déi meescht vläicht guer net als sou schlecht ugesinn, awer net duerchkënnt. Ech gesinn dodrann éierlech gesot keen Drama.
Dat "Vakanzebild" dow eess ech net méi direkt wéieng dat war, dat anert, do soen ech och lo nach dass just ofgeknipst ass, well selwer hues de näischt kënschtleresches zur Foto bäigedro gehaat smile. Zu dem anere Bild vun deem s de schwetz wat s de als ikarus eropgelueden haas, kann ech lo sou direkt och näischt soen well ech jo do och net weess wéieent et ass. Mee et ass jo och net onbedéngt sécher, dass ech dat war, oder? Wosst och net dass de schonn eng Kéier hei wars virun enger Zäit mat anerem Nick, ech maachen gréisstendeels aner Saachen wéi den User hier Nicken hannertsech ze liesen an kucken ob souee schonn eng Kéier do war closed_eye

Dat mam an der Jury waren, ech huelen dat vu kengem eecht op. Wisou? Ech weess net wéieng Jury dat war, ween déi Jury zesummegesat huet etc, d.h. dat seet net wierklech sécher eppes doriwwer aus wéivill ee vun der Fotografie kennt. Et kann, muss awer net.

"domme" Popst hues de effektiv net geschriwwen, mee positiv gemengt war et jo och net.

"vun Studifotoen oder Uspillungen vun Photoen hun ech nie e Wuert verluer, wou kenns de dodrunner?" -> Du haas dat hei geschriwwen:
"( ech knippsen net elo am Studio well dér dat grad gud fand, an huelen mein Sujet net onbedingt Lènks an den eichten Drettel, well et an de Bicher esou ze liesen as , a well der grad déi Bicher gelies hutt.)".
an wells du do geschriwwen hues "well dir dat gutt fannt", soot ech, ech selwer fotograféiren och net am Studio, also ass dat sou ze soen Quatsch dass de dat schreifs esou an der Art a Weis.


Lo zu denger Kritik: D.h. du häss léiwer e Standardmessage wous de net weess wisou d'Foto net geholl ginn ass? Well déi meescht déi scho Fotoen refuséiert kritt hun, soen genee de Géigendeel, et wir eben grad gutt dass een wéinstens kuerz gesot kritt wisou.
Wann mer e puer Leit hätten déi géifen iwwer Streitfäll diskutéieren, géif et herno rem heeschen "domme jury hëllt meng foto net un", sou wéi mer et hu mussen erliewen mat den Topfotoen, sou färten ech emol.

Dat schreiwen bei soueppes ass effektiv net méi sou evident ...
Shogun 22.01.2009 - 20:12
jaaaaaaa... ech hun d'Leisung fonnt !!!
http://www.youtube.com/watch?v=4oZYqAeIdYk&feature=related
dreemt schein, sidd schei brav a stiecht die dooten Energie an innovatif Fotoen..da kucke mer weider..jo?
Kussiiii un iech all smile
suraki 22.01.2009 - 21:50
thanks
grimmel 21.01.2009 - 18:48
intressant détailer, flott téining an besonneg gefällt mer wéi d'luut op e puer plaatzen an d'bild fallt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 494 Gäscht online