Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tower Bridge

 
Tower Bridge
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.12.2008
  • Gekuckt:
    45803
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x584
  • Späicherplaz:
    258 KB
  • Originaldatum:
    November 2008
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 40D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:
Manfrotto 190MF3 + 808RC4.

Fir anzesetzen: [pg_img=32537]
Kommentar vum Fotograf:
Ah merde, do hat ech mäin Trépied net riit dohingestallt.

Méi vun deem Trip hei: http://gloda.net/20081230-london

Ausnahmsweis dierft der bei mir och mol klicken.
Olivier 30.12.2008 - 02:00
Verdammt Gilles... fierwaat hues de net un dain tripod geduecht!! Ech well gaeren eng riicht, 0.8.15 foto gesin! Ech well mainstream!! And we both know, it ain't some mainstream sh**. I simply adore, love your shots. Great eye!

Ech wolt do och fotoen maachen um meeting wou deen stuerm do war. Mee do huet mech eischtens dei baustell generft, an et wor zevill reen... Du hues chance, an wunns noo bei (nja... noo bei as relativ fier een deen aus lux kennt closed_eye ), mee du hues deng chance ausgenotzt, an weis eis erem dain kennen, wei een mat den objektiver hanteiert.

Dei onnatierlech optesch krümmung vun den 2 halterungen vun der breck, plus den fishey effect wei dei onrouh duercht laangbeliichtung, brengen eng gudd city nightlife stemmung riwer... natierlech wir et mei flott, och wan et technesch onmeiglech ass, stäeren op der foto nach ze gesin. Mee doofier gin et jo programmer...

Gudd closed_eye
Olivier 30.12.2008 - 02:01
Haett eent faarwen net na mei keinten pushen am mier vun den luuchten selwer? oder mat kontrast vllt bessen? Daat groot vun der tower bridge brengen awer eng liicht fade teinung eran.
gloda 30.12.2008 - 18:22
Jo ech kann d'Saturatioun mengen ech nach en bëssen ropschrauwen. Merci. 't as zwar keen Fisheye mee den 17-55mm. Den Effekt kënnt duerch d'Manéier wéi den Panorama duerch déi schief Opstellung verzun get.
Paukl 30.12.2008 - 05:32
eng intressant Vue vun enger bekannter Breck. Ech wor kuerz op dengem Site, ech hoffen dats dei och vum London Eye eroplues dei ass genial
Shantideva 30.12.2008 - 09:15
Stark! Déi aaner aus deser Serie sin awer och absolut genial gin!
Dan 30.12.2008 - 09:27
Ech fannen des Foto, wéi och de Rescht vun dénger Serie immens!!!
CharelG 30.12.2008 - 09:40
Et ass jo bekannt datt Stohlbrëcken schwanken. Mais datt se sech sou stark verbéien woust ech net. smile

Eng super Foto. D'Luuchten vun den Autoe brëngen richteg Dynamik an d'Bild.
Mochel 30.12.2008 - 13:12
staark Foto wei deng aner och. Perspektiv fannen ech top och wann dain Stativ net richt wor.
Polinger 30.12.2008 - 19:50
ganz staark foto! gefällt mer onwahrscheilech gudd! bigsmile
gloda 30.12.2008 - 23:05
Merci fir den Feedback alleguer. Ech hun eng nei verschafften Verisoun an voller Opléisung (13519x3946) op mäin Site gesaat: http://gloda.net/20081230-london.
big-basti 03.01.2009 - 19:02
Hun mer d'Foto lo nach mol op denger Sait ugekuckt .. mir feelen einfach d'Wieder! E genoss, einfach BOMBASTESCH !
Supper Arbescht, propper, gutt beliicht, dass se su verzunn ass, ass och PERFEKT! Neischt ze meckren.

mbG, Sebastian

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 480 Gäscht online