Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tree

 
Tree
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.12.2008
  • Gekuckt:
    23698
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    33
  • Beliichtungszäit:
    1/50
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    55 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x681
  • Späicherplaz:
    151 KB
  • Originaldatum:
    07.12.2008
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 40D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Natur  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=32327]
Kommentar vum Fotograf:
Do hun ech mech e puer Stonnen fir den 'Composing' Contest ameséiert an dann vergiessen ech dass et zu Lëtzebuerg schon 12 Auer as wann et bei mir réischt 11 as. Bon, wann den Hond net geschass hätt, hätt en den Hues gefaang.

***Dat do as NET méng Iddi, et gouf schon honnertemol gemaach. Ech hun selwer en Pouster an dem Styl doheem. Wéi ech deen virun Joeren kaaf hun hätt ech ni geduecht dass ech eemol selwer soueppes bastelen kéint.***
ApplEric 18.12.2008 - 00:59
Fannen ech en flotten a gelongenen Montage! Eng super Idee, tiptop emgesat. Hätt secherlech an den Contest ragepasst…

Allerdings gefällt mer den Hannergrond, also deen Damp hei net…
Dien passt iergendsweich guer net derzou, fannnen ech mol.
gloda 18.12.2008 - 12:54
Ech sin och net sou ganz zefridden mam Damp. Mee et as mer keng Alternativ agefall...
ApplEric 18.12.2008 - 14:30
closed_eye
Muss awer soen dass se den Contest gewonnen hätt… Wor mer dei aner Fotoen mol ukucken…
Hmhmhm…

Vum hannergrond hier wirr einfach Schwaarz net passend. Den Damp ass dann awer wellr em zevill…
D'ass wierklech net ganz einfach do en Hannergrond ze fannen, deen passt…
Den Damp ass allt eng Variant, geseit och lo net sou schlecht aus, mee awer net ideal…
elmuzo 18.12.2008 - 01:17
Hehe, eng eekleg Iddi ... vu wat dreems du dann esou nuetsbigsmile...
Deng Kompo ass iewer gudd, jhust d'Schieder an der grousser Hand vum klengen Fanger (lol wéi klengt dat dann) an och den nächsten Fanger/Hand gefaallen mer net sou gudd ... wees awer lo net direkt virwat. Den Damp stéiert mech am Géigendeel zum Eric lo manner.
CHEERS
MUZ
gloda 18.12.2008 - 12:55
Ech huelen un dass de mengs dass do zevill vun denen Hänn am Schiet läit?
elmuzo 18.12.2008 - 13:00
Yep ... genee. Trotzdem eng houfreg Leeschtung ... et ass wéis de selwer an dengem Begleetcomment schreiws .. et hält een nie op mat léieren an et ass och nemmen gudd wann een sech selwer nach iweraschen kann.
REGARDS
MUZ
Metalbambi 18.12.2008 - 01:25
Deen haes de gewonnen...
Ass zwar wiekelch cool, den Damp steiert mech och net.
OB di Idi muss een mol kommen.
gloda 18.12.2008 - 12:55
Net méng Iddi. Ech hätt dat vläit sollen präziséieren. Ech hun et emol an den Kommentar dobäi geschriwwen.
annemie 18.12.2008 - 02:03
Glodaaa... du hues den Koffer freckt bigsmile
Mee daat do as saugeil...! Ech fannen den Damp steiert net. Bei enger Hand gesait et aus wi wann se just 4 Fangeren hätt (bei enger klenger Hand, mee bis ech der daat lo erklärt hun...) an eng as de Schied komesch, mee beides as wierklech net schlem.
D'Iddee ansou sin top! Setz deng Auer d'nächst Kéier no viir jo? smile
gloda 18.12.2008 - 12:58
Ech hoffen jo net dass mäin Koffer freckt as, ech soll den Méindeg heemkommen. Et kann sin dass deen Fanger wous du mengs am Schiet läit an dann net sou sichtbar as.
annemie 19.12.2008 - 00:20
Muaahaa... ok, dat as en Argument. Bis dohin as dain Koffer vlait erem ganz, ween wees...
Dat mam Schied wuar mer scho bewosst, an et stéiert wi gesot net wierklech... ech haat mer se just halt genee ugekuckt smile
Maer ass nach emmer naischt agefall wat amplaz vum Damp geng passen, an ganz eidel wier nix, also ass den Damp gudd (klengt dach baal logesch nee?)
yoshi 18.12.2008 - 02:04
Fir mech sinn et e bessen zefill Hänn. 10 min manner Hänn bauen wier duer gaang tongue
Trotzdem ass et cool, wann och net nei, mee waat ass schon nei closed_eye
gloda 18.12.2008 - 12:58
Et kann een ni genuch Hänn hun tongue
Metalbambi 18.12.2008 - 14:10
Ass wei mat der Zeit... cool
yoshi 18.12.2008 - 14:38
tongue
Mochel 18.12.2008 - 06:23
ech kann mech hei deenen aneren nemmen uschleissen. Top Montage
Shantideva 18.12.2008 - 06:46
Eieiei, déi ass genial. Idee, Emsetzung, etc.... Schued dass du gewart hues bis de leschte Moment...
gloda 18.12.2008 - 12:59
't as mer réischt den leschten Moment opgefall dass et den leschen Moment war, an dunn war et och schon ze spéit.
Dan 18.12.2008 - 08:19
Mir gefällt déng Foto grad wéinst der Léift zum Detail immens gutt!
Dowéinst sin et ménger Meenung no och nët zevill Hänn an och den Damp stéiert mech hei nët!
Alles passt!
antoine_spautz 18.12.2008 - 08:34
salut gloda, ech sin keen esou een fan vun montagen, trotzden gefällt mir des, et kann een eppes dran interpreteihren (wann een well), een detail wat mir super gefällt ass dat eng vun den villen händ eng fauscht bild.

den damp am hannergrons fannen ech net esou gud well hirn hurt am geigensatz zu denger hand keng deiften.

all respekt vir deih arbecht deis du dir dat gemach hurs, ass een super resultat.
gloda 18.12.2008 - 13:00
Merci, ech probéieren mol Deeler vun dem Damp virun d'Hand ze setzen, vläit wierkt et dann méi plastesch.
An yay, een deen d'Fauscht bemierkt huet smile
galileo 18.12.2008 - 13:48
Nee, nee, keng Angscht: d'Fauscht gemierkt - direkt - , mee näischt geschriwwen smile
annemie 19.12.2008 - 00:24
*g* d'Fauscht hat ech font. a propos: d'Fauscht as un der nemlechter "Hand" wei di "mini-Hand" mat den 4 Fangeren... wanns de verstees wat ech mengen. A wann net, hun ech et opmanst probeiert.
marischen 18.12.2008 - 08:58
Sou eppes ähnleches hun ech zwa schon eng Kéier gesin mee d'Emsetzung ass wierklech ganz gudd gelongen.
deendo 18.12.2008 - 11:47
So, kanns de mech emol am Réck kraazen? *ggg* Nee, also wierklech gudd gemach awer e bessen eklech wannen ech dat schon. Wisou ass den Mëttelfanger esou extrem kuerz? Den Zeige- an den Ringfinger hätten menger Meenung no missten en Tick méi kuerz sin. Awer dat sin Klengegkeeten.

Dat doten wier wuel erem eng Topfoto gin closed_eye
gloda 18.12.2008 - 13:01
Ech gesin wat s de mengs. Ech wollt einfach en bëssen Ofwiesselung dran hun fir dass d'Hänn sech net zevill an d'Féiss kommen.
galileo 18.12.2008 - 13:47
"fir dass d'Hänn sech net zevill an d'Féiss kommen" -bigsmile
Sutebe 18.12.2008 - 12:41
Schein verschafft muss ech schon sohen smile

Awer iergentwei hun ech dei doten zesummenstellung schon gesin. ech wees just netmei wou ... mhhh

och egahl et geseit awer gut aus
gloda 18.12.2008 - 13:05
Nondikass ech hun zwar erëm béis geschlampt. Sin nach kengem déi Stricher iwwerall opgefall? Do muss ech mol nach botzen goen.
Shantideva 18.12.2008 - 14:52
'lo wous du et sees.... Et fällt definitiv net immens op.
Pelz 28.12.2008 - 01:32
Säugäilen Composing!!! Kann et sin dat daat mech un RHCP erennert?!
gloda 28.12.2008 - 08:44
Ech weess net, fir wat steet déi Ofkierzung?
Mika 28.12.2008 - 17:48
Ech verstinn ënnert RHCP mol d'Red Hot Chilli Peppers!?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 580 Gäscht online