Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Slipknot

 
Slipknot
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.12.2008
  • Gekuckt:
    47914
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    33
  • Beliichtungszäit:
    1/640
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    120 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x665
  • Späicherplaz:
    213 KB
  • Originaldatum:
    2008:12:15 22:32:38
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Concerten  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=32297]
Kommentar vum Fotograf:
Slipknot de 15.12.08 an der Rockhal (vum Atelier)
De Rescht vun der Serie fannt dir wéi gewinnt hei.
Ech fréen mech iwert all Kommentar!
kruemelatease 16.12.2008 - 14:53
Mäi Gott, wéi krank ass deen dann??? Nujee, jidderengem sengt!
arwa 16.12.2008 - 14:59
hien as vleicht ëllen wei d'Nuecht, also, besser sou smile)
deendo 16.12.2008 - 15:08
Richteg, a wann hien keng Loscht huet ze sangen kann en einfach iergend e Kolleg opt d'Bühn stellen. Playback laafen lossen a go! closed_eye
gloda 16.12.2008 - 15:07
Gudd geschafft. Fir d'Fotoen vum Drummer mat den Neel stoungs de op der falscher Plaatz, mee fir den Rescht hues de mengen ech hieren Konzept gudd eriwwerbruecht.
Dan 16.12.2008 - 19:01
Jo fir den Drummer (deen déi Äscht hun den Hänn nëmmen unhaat bis en d'Sticks an de Grapp geholl huet) stoung ech effektiv op der falscher Säit. Mee wéi ech daat bis gemierkt hun a wiesselen wollt war et schon ze spéit.
Freet mech dass d'Fotoen dénger Meenung no an hiert Konzept passen.
Metalbambi 16.12.2008 - 15:20
Cool, d'Fotoen sin richteg gudd gin, sou wei daat sech bei dier geheiert!
Haat dech gesin, mee hun et net bis an di 1t Rei gepackt vier moien ze soen, mei no wei di 3t (also 1m vrun der Ofspaerungcool) sin ech net rukomm.

Schued daat se d'Buehn mat der Batterie reicht zum Schluss ausgefuer hun...
Dan 16.12.2008 - 19:03
Jo et war nët evident am Pit! Do huet et hannert engem gekacht!
A waat méch gëschter awer och zum Kache bruecht huet war deen Tippchen am Pit deen iwerall mat séngerm décke Fotorucksak gehënnert huet am Plaatz se, wéi et sech gehéiert, iergendwou ofzestellen.
An d'Kréinung waren déi 3-4 "Fotografen" déi hier digital Style-Camera andauernd viru méng Lëns gehaalen hun! unhappy

Freet mech dass d'Fotoen dir gefaalen!
Shantideva 16.12.2008 - 18:37
Hui, daat ass jo awer e bessi krank. Ech war mir déi aaner ukucken an déi sin jo nach schlemmer. Ech hat mol virun e puer Méint mengem klengen Cousin e puer CDen vun Slipknot besuegt an ech konnt mech selwer awer irgendwéi net drun gewinnen. Ech sin eigentlech net wähleresch an ech denken dofir sin ech dann awer net méi an der richteger Generatioun. Zu menger Zeit waren mir einfach méi friddlech. closed_eye
Zur Foto: Wéi emmer... waat soll ech do nach soen... Kann et just sin dass se liicht onscharf ass?
gloda 16.12.2008 - 19:04
Klick drop. Den Focus läit um Kapp, mee d'Schärft as bei der Verklengerung verluer gang.
Shantideva 16.12.2008 - 19:12
Jo, stemmt. Klicken hëlleft. Dann ass se richteg scharf. Merci! smile
Dan 16.12.2008 - 19:06
Merci Shantideva!
Ech wees nët op een sie als krank ka bezeechnen, vläicht ass daat einfach hiert Konzept, wou sie nach ëmmer zu 9 zesummen iwert 10 Joer laang mat Erfolleg Musék machen.
Op et lo mäi Goût trëfft oder nët daat ass lo eng aner Sach, bei Concerten huelen ech alles waat ech ka kréien closed_eye
Op méngem Ecran gesäit d'Foto scharf äus...
Merci awer op alle Fall fir däi Comment!
Ledge 16.12.2008 - 19:54
Daat soll elo keng Beleidegung sinn mee du weis ons hei oft déi an mengen Aaen manner gelongen Photo vum Concert... Ass daat en Trick vir dassen mer mussen op deng HP luussen goen? closed_eye

Ech hätt och kennen knipsen goen mee vun sou "Musèk" bleiwen ëch wäit ewech tongue
Kwitchibo 16.12.2008 - 20:37
...
Dan 16.12.2008 - 22:57
@ Ledge
Merci fir däi Comment!
Ech schaffen nët mat Tricker.
Ledge 16.12.2008 - 23:16
Ech hunn den Geck gema vir déi, déi ët nët sollten gemiirkt hunn! Mir gefaalen eben aaner Photoen aus denger Série besser...
Jess 16.12.2008 - 20:53
kann et sin dat dat doten eng as wou am Essentiel haut wor?
Dan 16.12.2008 - 22:57
Nee!
marker 16.12.2008 - 22:07
wann ech drop klicken mecht main PC ganz komesch Geraischer??? closed_eye))
Dan 16.12.2008 - 22:59
da klick nët drop! closed_eye
steini 17.12.2008 - 08:37
Ech hoffen dee roude Mini mat dem photogen Opkliewer hannen an dem weissen Ziedelchen vir den an der Seitestrooss geparkt war as net dein ...
Dan 17.12.2008 - 08:48
Nee keng Angscht, daat war nët mäin!
patty 26.12.2008 - 00:50
dofier war et main smile)))))))) et wuar och en deieren gin XD
Mochel 17.12.2008 - 10:42
Wor do an kann just soen den Concert war eppes kurzgeroden. Zur Musek as eng Affär de Goux. Ech lauschteren een zwee Lidder op enger Nuetschicht, mee dann get et och dur. Op jidenfalls as den Manson an Korn an mengen Aan geint Slipknot Kannerprogramm.

Fannen Foto stark. Mee anerer op dengem Site gefaalen mir perseinlech besser
Dan 17.12.2008 - 11:05
Merci fir däi Comment.
Wéi eng gefällt dir dann zum Beispill besser?
Maniac 17.12.2008 - 12:52
hehe beis foto.
concert kint zwa na mi abgoe hunj fonnt
mee pogo wa aua. ech wa nextn daach tot.
Dan 17.12.2008 - 19:20
Merci!
Pelz 17.12.2008 - 18:11
Metalhorns!!!!!! Alt nees eng gudd Foto Dan! Fannen du hues t'Luucht schein benotzt an eng immens Atmodphère geschaafen!
War en gäilen Concert, just ze kuerz!
Dan 17.12.2008 - 19:21
Merci daat freet mech!
Ech denken och dass d'Jongen alles gin hun, iert se zréck an d'States geflu sin!
Metalbambi 17.12.2008 - 22:27
Just Wait And Bleed huet nach gefeelt.... An natielech Machine Head!
Maniac 18.12.2008 - 13:20
hal nemen op.. dat wa d'enttäuschung fum owend..
Schlimpitz 07.01.2009 - 13:13
Net schlecht Dan, obwuel ech puer anner fotoen vun denger serie besser fannen wei dei lei, mee daat ass bekanntlecherweis affaire de gout.
Gin der recht, deen mat sengem Saack do huet effectif deck genervt, mee ech mengen daat war net deen eenzengen dei do mat senger posch rondrem gebeselt ass.

Dan 07.01.2009 - 20:00
Merci Jerome fir deng Meenung!
Et fält mir effektiv ni liicht fir eng Foto erauszesichen, déi ech dann hei weisen...
Dofir ass et dann heiansdo sou dass een aneren en anere Favorit huet.
Wéi's du sees ass et Affaire de Goût!

Schlimpitz 07.01.2009 - 22:37
jo daat problem hun ech och. Sust bei mir ass et meeschtens dass ech der Meenung sin dass se net gut genug sin fir hei hin smile

Mol kucken, wann ech keier kreien lueden ech och eng vun mir rop vun den concert do. Muss mer sust nach iwerleen wei eng

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 285 Gäscht online