Also ech fannen d'Sonn ze grell, mee nach manner laang beliicht da geif een och alt rem net vill erkennen ... -> Dilemma . Mee sou gefällt se mer perseinlech net sou gudd, et wir vläicht mei flott gewiecht ze probéieren wéi et äusgesin hätt wann een d'Sonn hannert dem Tuerm vun der Spuerkees gesäit...
D'Farwen stéieren mech bessen, ech hun leiwer entweder richteg s/w oder ganz farweg. Ech perséinlech hätt wahrscheinlech och anescht kadréiert, déi Stroosseschelter op beiden Seiten si fir mech bessen zevill - d'Foto wierkt besser ob mech wann ech den rietsen Deel (also sou circa 10-15%) ausblenden. Mee ansonsten ass et eng interessant Plaatz an Iddi.
Also schwaarzwäiss eleng wär se langweileg... Fuarwesch, hmm... wuaren eintlech net vill Fuarwen do, di si just eben anescht wi se orginal wuaren. Daat mam Cadrage, jo, do kéint ech mol probéiren eifach de rietsen deel eweschzeschneiden, sou dat se quadratesch wär... ass fläit besser...
Merci
ech fannen se net sou immens gudd mee wells du et bass sin ech lo immens streng
lo muss ech mer rem maa an der schoul stonnenlaang komentarer unheieren
Langweileg...souwisou emmer d'geet mer och emmer haaptsächlech drem fir dat se schéin schaarf ass a gudd beliicht, d'äusso vum Bild ass éichter niewesächlech! (w.e.g huel daat lo net eescht
Mir gefällt se iergentwéi iwwerhaapt net ... d'Sonn ass ze grell, d'Faarwen sin deck lusch, d'Motiv selwer gefällt mer och net wierklech ... iergentwéi guer keng typesch Lex-Foto
Hmm, stell der d'Sonn mol méi kleng fier... da wär se langweileg! Ok, waat ech bei Geleenheet mol gär géif wessen wär d'Definitioun vun enger ''typescher Lex-Foto''! d'muss jo e Grond gin deen een dazou verleed daat bei bestemmten Fotoen ze soen a bei aaneren net... well d'si jo och aanerer di heinsdo mat där Bezeechnung kommen! Also.. do sin ech awer mol gespaant
Naja, daat mat der Sonn hun ech jo well gesoot... Deen effekt: Hun am Photoshop an deenen eenzelnen Kanäl d'Fuarwe geblurrt... e puermol hannerdeneen mat där nemmlechter intensitéit awer emmer aaneren opléisungen.
d foto gefällt mer. punkt.
mee waat ech mech grad froen: waat ass daat fir een schied (punkt) ennert dem schied vum bus? wou kenns deen hier oder sin ech blann? zu waat geheiert deen?
Ech fannen se perseinlesch schein , well ech fanen daat gespills mat der WB gefellt mer gudd , filleischt waer et mei flott wann den buss eng Grimmel mei verwescht waer ech fannen graad net dass d' Sonn ze hell as , as schein well den Buss esou alleng do fiert ....
@johny... eehm... net daate mer eis elo falsch verstoen: ech mengen deen schwaarzen punkt (schied) fier an der foto! also beim bus sengem schied ennendrenner...
ech froe mech wou deen hierkennt... (hoffen du verstees wou ech mengen)
Ei ei ei eng typesch "Lex-Foto" ass schwéier ze definéieren
Du hues eben dein eegenen Stil waat Fotoen ungeet an wann een well vill Fotoen vun der gesinn huet dann mierkt een och direkt "Aha,daat ass eng vum Lex" Du hues meeschtens iergenteng speziell Effekter, Faarwen,Motiven,Perspektiven,... iergenteppes ass emmer do waat deng Fotoen iergentwéi charakteriséiert
Mir gefällt se iegendwei, an wann ec awer dann di deck sonngesin fannen ech se awer nemi su schein
faawen fannen ech awer immenz...schein awescht su mam contre-jour!
Dir Hären Buergermeeschter, léif eh Frenn vun der DP mir eh proposéieren ierch eh eisen neien Verkéiers-eh-konzept vir. Eng Stat ouni Voitüren, wann der verstitt.
Dann zum nächsten Punkt. D'parlamentaresch eh Ofstemmung iwwer en rosa Himmel am Centre. D'Auswierkungen op d'Kriminalitéit wieren positiv, an...
Ganz speziell.. Perseinlech feelt mir Spannung, eppes op waat ech ging waarden bei der Photo, oder eppes waat ech gesinn waat ech erwaart hätt. D'Faarwwiel as interessant, mee d'Sonn as mir einfach ze massiv.. ähnelt bessi enger nuklear Explosioun !!
Trotzdem, mäin vollen Respekt fir een awer relativt banalt Bild waat speziell as well et aanescht wei normal verschafft gouf.
Ech wëll jo näicht soen, mee:
- d'Sonn besteet äus nuklearen Explosiounen
- Wéi eng nuklear Explosioun eenzel äusgesäit gleewen ech nët dass ee wees ..
Komesch, dat do hat ech nach ni ... ech ka mech nët décidéieren iergendwéi fannen ech se déck cool wéinst de Faarwen, der Strooss fir am Bild a ganz allgemeng, op der anerer Säit gefällt se mer nët sou gudd ... hm ... vlaicht wéinst dene Schëlder op de Säiiten ... ech wees ët nët ... sin an engem Konflikt