Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Moies

 
Moies
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.01.2006
  • Gekuckt:
    22299
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    1/750
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x540
  • Späicherplaz:
    257 KB
  • Originaldatum:
    29.01.2006
  • Fotoapparat:
    Nikon D2H
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=3174]
Kommentar vum Fotograf:
Hmm, wär emmer intressant ze héiren waat aaner Leit sou dovunner haalen :)
Johny 29.01.2006 - 18:41
Also ech fannen d'Sonn ze grell, mee nach manner laang beliicht da geif een och alt rem net vill erkennen ... -> Dilemma smile. Mee sou gefällt se mer perseinlech net sou gudd, et wir vläicht mei flott gewiecht ze probéieren wéi et äusgesin hätt wann een d'Sonn hannert dem Tuerm vun der Spuerkees gesäit...
klex 29.01.2006 - 18:48
Hmm, dann hätt ech missen éichter opstoen... naja bigsmile
CK 29.01.2006 - 18:46
D'Farwen stéieren mech bessen, ech hun leiwer entweder richteg s/w oder ganz farweg. Ech perséinlech hätt wahrscheinlech och anescht kadréiert, déi Stroosseschelter op beiden Seiten si fir mech bessen zevill - d'Foto wierkt besser ob mech wann ech den rietsen Deel (also sou circa 10-15%) ausblenden. Mee ansonsten ass et eng interessant Plaatz an Iddi.
klex 29.01.2006 - 18:49
Also schwaarzwäiss eleng wär se langweileg... Fuarwesch, hmm... wuaren eintlech net vill Fuarwen do, di si just eben anescht wi se orginal wuaren. Daat mam Cadrage, jo, do kéint ech mol probéiren eifach de rietsen deel eweschzeschneiden, sou dat se quadratesch wär... ass fläit besser...
Merci smile
CANON 29.01.2006 - 18:53
Also LEX ech fanne eng gut foto geiff en mengen et wier am Joer 1960 oder esou gemach Sau Gut
klex 29.01.2006 - 19:26
Merci smile
scoty 29.01.2006 - 18:58
ech fannen se net sou immens gudd mee wells du et bass sin ech lo immens streng
lo muss ech mer rem maa an der schoul stonnenlaang komentarer unheieren



ajo an langweileg ass se och smile
klex 29.01.2006 - 19:27
Langweileg...souwisou emmer bigsmile d'geet mer och emmer haaptsächlech drem fir dat se schéin schaarf ass a gudd beliicht, d'äusso vum Bild ass éichter niewesächlech! (w.e.g huel daat lo net eescht closed_eye
Minaa 29.01.2006 - 19:04
Mir gefällt se iergentwéi iwwerhaapt net ... d'Sonn ass ze grell, d'Faarwen sin deck lusch, d'Motiv selwer gefällt mer och net wierklech ... iergentwéi guer keng typesch Lex-Foto closed_eye
klex 29.01.2006 - 19:24
Hmm, stell der d'Sonn mol méi kleng fier... da wär se langweileg! Ok, waat ech bei Geleenheet mol gär géif wessen wär d'Definitioun vun enger ''typescher Lex-Foto''! closed_eye d'muss jo e Grond gin deen een dazou verleed daat bei bestemmten Fotoen ze soen a bei aaneren net... well d'si jo och aanerer di heinsdo mat där Bezeechnung kommen! Also.. do sin ech awer mol gespaant closed_eye
redrum 29.01.2006 - 19:10
Vum Motiv am Cadrage hier fannen ech se ganz flott, awer d'Faarwen sin net ménges... Ech hätt se besser am schwaarz-wäissen fonnt
Mojoo 29.01.2006 - 19:13
Muss lo mol aus der Mass rausprangen smile Mir gefaalen graad d'Faarwen an desem Bild! Ass also nemmen eng Affaire de Gout.

Wat mer net sou gudd gefällt gouf schons alles gesoot (grell Sonn, etc.).

Olivier 29.01.2006 - 19:21
Ech fannen se zwar lo eielerch gesoot ganz gudd... ausser dass d'sonn eben ze greall ass...
Wei hgues du deen effekt gemaa£?
klex 29.01.2006 - 19:26
Naja, daat mat der Sonn hun ech jo well gesoot... Deen effekt: Hun am Photoshop an deenen eenzelnen Kanäl d'Fuarwe geblurrt... e puermol hannerdeneen mat där nemmlechter intensitéit awer emmer aaneren opléisungen.
Kleent 29.01.2006 - 19:49
d foto gefällt mer. punkt.
mee waat ech mech grad froen: waat ass daat fir een schied (punkt) ennert dem schied vum bus? wou kenns deen hier oder sin ech blann? zu waat geheiert deen? sceptical
Sircharles 29.01.2006 - 19:51
Ech fannen se perseinlesch schein , well ech fanen daat gespills mat der WB gefellt mer gudd , filleischt waer et mei flott wann den buss eng Grimmel mei verwescht waer smile ech fannen graad net dass d' Sonn ze hell as , as schein well den Buss esou alleng do fiert ....
Johny 29.01.2006 - 19:51
Anouk: Mengs de vläicht d'Luuch dei hannert dem Bus ze gesin ass? Kann nemmen dei sin am fong, wann ech och dee Schiert mengen dens du mengs .. smile
Kleent 29.01.2006 - 20:01
@johny... eehm... smile net daate mer eis elo falsch verstoen: ech mengen deen schwaarzen punkt (schied) fier an der foto! also beim bus sengem schied ennendrenner...
ech froe mech wou deen hierkennt... sceptical (hoffen du verstees wou ech mengen)
Johny 29.01.2006 - 21:52
Maja genau den kënnt duerch de Luutepotto den een hannert dem Bus gesäit.
Minaa 29.01.2006 - 20:11
Ei ei ei eng typesch "Lex-Foto" ass schwéier ze definéieren closed_eye
Du hues eben dein eegenen Stil waat Fotoen ungeet an wann een well vill Fotoen vun der gesinn huet dann mierkt een och direkt "Aha,daat ass eng vum Lex" closed_eye Du hues meeschtens iergenteng speziell Effekter, Faarwen,Motiven,Perspektiven,... iergenteppes ass emmer do waat deng Fotoen iergentwéi charakteriséiert smile
NoHa 29.01.2006 - 20:33
Mir gefällt se iegendwei, an wann ec awer dann di deck sonngesin fannen ech se awer nemi su schein smile
faawen fannen ech awer immenz...schein awescht su mam contre-jour!
gloda 29.01.2006 - 21:28
Dir Hären Buergermeeschter, léif eh Frenn vun der DP mir eh proposéieren ierch eh eisen neien Verkéiers-eh-konzept vir. Eng Stat ouni Voitüren, wann der verstitt.
Dann zum nächsten Punkt. D'parlamentaresch eh Ofstemmung iwwer en rosa Himmel am Centre. D'Auswierkungen op d'Kriminalitéit wieren positiv, an...
dawnii 30.01.2006 - 09:10
Ganz speziell.. Perseinlech feelt mir Spannung, eppes op waat ech ging waarden bei der Photo, oder eppes waat ech gesinn waat ech erwaart hätt. D'Faarwwiel as interessant, mee d'Sonn as mir einfach ze massiv.. ähnelt bessi enger nuklear Explosioun !!

Trotzdem, mäin vollen Respekt fir een awer relativt banalt Bild waat speziell as well et aanescht wei normal verschafft gouf.
Johny 30.01.2006 - 13:20
Ech wëll jo näicht soen, mee:
- d'Sonn besteet äus nuklearen Explosiounen
- Wéi eng nuklear Explosioun eenzel äusgesäit gleewen ech nët dass ee wees .. smile
Kleent 30.01.2006 - 18:39
@johny.. aah jo, stemmt... mee wou ass de potto? also de schied vum potto...
Johny 30.01.2006 - 19:32
Den ass vill ze schmuel fier dass dofun e Schiert kloer an däitlech ze gesin ass.
Kleent 30.01.2006 - 21:13
aha... (waat sin ech en dödel) closed_eye hehe, merci fir d hellef smile
amBesch 30.01.2006 - 21:21
Komesch, dat do hat ech nach ni ... ech ka mech nët décidéieren smile iergendwéi fannen ech se déck cool wéinst de Faarwen, der Strooss fir am Bild a ganz allgemeng, op der anerer Säit gefällt se mer nët sou gudd ... hm ... vlaicht wéinst dene Schëlder op de Säiiten ... ech wees ët nët ... sin an engem Konflikt smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 494 Gäscht online