Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Queen & Paul Rodgers

 
Queen & Paul Rodgers
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.10.2008
  • Gekuckt:
    37756
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    150 mm
  • ISO:
    1250
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x666
  • Späicherplaz:
    286 KB
  • Originaldatum:
    08.10.2008
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Concerten  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=30895]
Kommentar vum Fotograf:
Ganz grousse Concert vu Queen & Paul Rodgers an der Rockhal, vum Atelier organiséiert!
Ech bedauren dass een bei sou Legenden just op déi 3 éischte Lidder beschränkt ass, an soumat nët vill Spillräum huet fir manner "Standart-Fotoen" ze machen...
Ech géif mech iwert är Meenung fréen an een méi wëllt gesin, deen gët hei fündeg!
big-basti 09.10.2008 - 21:40
Wierklech gutt, wéi vun dir gewinnt smile
verstin dei kommentar net su richteg mat dem "op déi 3 éischt Lidder beschränkt" ?!

mbG, Sebastian closed_eye
Dan 09.10.2008 - 21:46
Merci big-basti! Freet mech ann d'Foto dir gefällt!
Bei Concerten ass et üblech dass een just déi 3 éischt Lidder därf Fotoen machen.
A ganz oft géif een méi spéit am Concert, wann d'Band och bis richteg "warm" ass, vill besser an méi originell Fotoen machen!
Kuck dozou als Beispill emol méng Gallerie vum John Butler Trio!
Do haat ech déi eemoleg Chance de ganze Concert dierfen ze knipsen... an déi méi onkonventionell Fotoen sin mer méi zum Schluss gelongen!
big-basti 09.10.2008 - 21:54
Aah okay. Merci fir d'Erklärung. Ah lo gett mer kloer firwa d'Fotografen um Die Ärzte Concert beemol all weg warn hehe smile

Allé bis dann mol closed_eye
Poly 09.10.2008 - 22:13
merci fir d'info wosst ech och net, wat en noet alles hei gefuer get, trotzdem deng foto as gudd
spako 09.10.2008 - 22:08
ech war scho luussen an du hues do jo richteg gudd zougeschloen!! Dee Concert war immens an du hues daat alt nees immens festgehaalen!! ech hoffen du wars zefridden mat dengem Choix vun der Sait! smile
Dan 09.10.2008 - 22:50
Et war déi Säit wou de Brian May stoung!
Vun dohier war ech schon zefridden!
Mee 3 Lidder sin sou schnell eriwer unhappy
Freet mech awer ze héiren dass méng Fotoen gefaalen!
Shantideva 09.10.2008 - 22:27
Wéi emmer, super! Ech denken dass du awer nach besser Fotoen vun desem Concert op denger HP hues. smile
Dan 09.10.2008 - 22:47
Et ass mer och ganz schwéier gefall fir eng eenzeg Foto eräus ze sichen, déi ech wëll hei weisen!
Ech hun déi hei gewielt fir e bëssen den "Esprit" erëmzegin dass et nët just Queen ass mee -Queen & Paul Rodgers-
Ech gin dir Recht dass ech besser Fotoen hun!
Merci op all Fall dass du dir d'Zäit geholl hues nees op ménger Säit eran ze luussen!
EDIT: Wéi eng ass dann däin Favorit op ménger Säit?
Paukl 09.10.2008 - 23:07
een vun den beschten Concerten dei ech kukken wor...Hun et wirklech genoss dei aal Schanken rem ze lauschteren.
Dan 10.10.2008 - 07:30
ech hat dech gesin a ka bestätegen dass du et genoss hues closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 462 Gäscht online