Gefaellt mer mega gudd, mee froen mech obs de mat engem DRI hei net besser wechkomm wiers. Plaatzenweis ass et mer ennen laanscht d'Twintowers neemlech bessen ze hell.
Wiso ISO1600?
dat hellt ennert dem tower gefällt mer awer net schlecht.... DRI as dach langweilech as dat dat déngens wou ni eppes ausfrësst oder ofsëfft? laatzeeeg XD
mat deene 1600ISO kann ech der net hëllefen.. ka mech net méi erenneren. mee domm woar et op alle fall .. XD
Flotte Standpunkt: d'Security-Läit hu sécher geschloof
Esou wéi's du se verschaffs, fannen ech hei ouni DRI (fir um Metalbambi säi Kommentar unzeknëpe) méi spannend; mir gefällt ë.a. deen Deel mat de Beem grad ewéi s'Spot'en am Buedem gutt (waat dat 'ausgefriessent' ugeet) ... Flott Faarwpalett. De grain mécht nët schlecht, och wann den ISO 1600 onbeabsichtégt war.
(Christian de Portzamparc, Ricardo Bofill)
Gefaellt mir ganz gutt: ass icy an dat Hellt ënner den towers setzt dat eenzicht (biologischt) Liewen an dësër Foto an d'Szen: the lonesome green.
Top