Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Amandine 2

 
Amandine 2
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.01.2006
  • Gekuckt:
    34546
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    1/8
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x537
  • Späicherplaz:
    119 KB
  • Originaldatum:
    22.01.2006
  • Fotoapparat:
    Nikon D2H
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Stativ
Reflecter
RAW
Sepia téinung am Photoshop

Fir anzesetzen: [pg_img=3032]
Kommentar vum Fotograf:
Olivier 22.01.2006 - 20:02
Wow... waat huet et schein aan...
Mir gefällt se super gudd...
klex
Merci Olimi smile
illusions 22.01.2006 - 20:14
oh dei do fannen ech vill besser wei dei aaner!! vill mei extra!! schein et gefaellt mer deck gudd
klex
Merci smile
Dave 22.01.2006 - 20:38
Fannen des och besser wei dei aaner..
schein aansmile
klex
Jojo smile Merci smile
Johny 22.01.2006 - 21:18
Ech mengen et wir e gudd Stéck besser geweecht wanns de mei vun den Hoer drop häss, an dofir nët grad sou vill ënnen, einfach eben am ganzen bessen méi héich. Also dei eischt Foto vun dir wou ech de Cadrage net su passend fannen smile

fier de Recht ass se awer gudd.
klex
Muss schon rem widderspriechen, daat wär nemlech definitiv méi schlecht... well d'Aan an der mett vum Bild wären! Haat dem Meedchen daat och gewissen, haat extra soueng gemaat, well hat daat och gemängt huet, schlussendlech huet et et och agesinn! Ech mängen de Goldene schnett ass net firnäischt an graad bei Biller wi deem doten immens wichteg... Hmm, wann et déi éicht ass, dann hues de e puer aanerer verpasst, well dorobber passen ech emmer op!
kola 22.01.2006 - 23:28
Flott Foto, gudd cadréiert an sepia, gefällt mer ganz gudd !
amBesch 22.01.2006 - 23:45
Jo, ka mech nëmmen uschléissen, gefällt mer och ganz gudd. Iwregens wiirklech schéin Aen.
Johny 23.01.2006 - 00:01
Lex: Hues de déi Foto dann nach? well et géif mech dann och interesséieren wei daat géif äusgesin, kanns de der jo wuel virstellen closed_eye.
klex
Hmm, misst ech nach hun... misst mol nokucken...
rhconcept 23.01.2006 - 17:43
hun e puer Minuten gesicht op ech nët é klenge Pefferkärchen oder eng Kritik kéint ubrëngen. fanne keng! Gin dem Lex 100%ig recht waat den Äusschnett an de gëllene Schnëtt ugét. a mengen Aen ass déi Foto ganz einfach nëmme gudd.
klex
Merci smile
BlueRic 24.01.2006 - 00:19
Ech fannen des Foto gelongen, an schreiwen och weider keng Remarken, hei as schon alles gesot gin. Mee et géing mech interesséieren wat dir mat dem gëellene Schnëtt genee mengt?
kola 24.01.2006 - 08:04
@BlueRic : Lies dem yoshi sein Tutorial 'Allgemeng Tipps zum Fotoen maachen?', do ass dat gudd erklärt.
BlueRic 25.01.2006 - 17:59
@kola: merci
knudel 25.01.2006 - 19:58
hey lex!
ma dei foto hun ech haut am cours gesin! si as mega schein! du hues d'amandine gudd geroden!
sait gescht wees ech dass dir 2 kennt! smile hun och dei farweg gesin, mee dess as op jidde fall besser!
klex 26.01.2006 - 20:06
Merci smile jojo, mär kenen eis jo schon eng zäitschen bigsmile Di do gefällt mär perséinlech och bessa wi déi fuarwesch...
Jury 08.05.2006 - 16:40
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
bobinski 25.06.2006 - 19:48
Jo, wollt och well länger eppes heihinschreiwen, fannen se immens! Deen Bléck, dei Aan...wonnerschein.
Gléckwonsch dann och vun mier.
Leo 08.07.2007 - 11:57
io as wierklej gut gelong di foto mus ech sonsmile
klex 08.07.2007 - 12:49
Merci smile
DeMich 07.06.2008 - 13:04
eng genial foto, gett anicht auszesetze geif ech mol soen, ausser dass d'schärft net ob den aan leit...? oder as dat gewolltcool
klex 07.06.2008 - 13:09
Di lait eintlech schon op den aan, dach... Mee di ganz Foto ass net vill nogeschäft fir mi eng duus stemmung ze kréin smile
D'schärft net op d'aan maache soll een eigentlech nie ''wellen'' well dat gett gaaanz selte gudd closed_eye et kann awer mol firkommen, waat dann schued ass.
DeMich 07.06.2008 - 13:45
ech hat geduet de schärftepunkt geing besse firu den aa leien, well eben di hoer uewen an dei vum pelz mei scharf sin wi d'aan...
jegas 17.07.2008 - 16:19
Schéin Gesiichter soll een net verstoppen.

Flott Foto.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 300 Gäscht online