Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Alea jacta est

 
Alea jacta est
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.01.2006
  • Gekuckt:
    37668
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    6.3 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    535x700
  • Späicherplaz:
    35 KB
  • Originaldatum:
    2006:01:20 12:13:38
  • Fotoapparat:
    KODAK DX6490 ZOOM DIGITAL CAMERA
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=3024]
Kommentar vum Fotograf:
Tjo, hat och Photoen vu Würfelen gemaach. Mee vu dass der Deeg lo eréischt schon der Photoen hei op de Site eropgeluede goufen hun ech geduecht ech giff ët da mol si loossen. Wou ech lo allerdéngs nach eng Kéier d'Biller nogekuckt hun ass mer déi heite Photo an d'Aen gestach. Anzwar wéinst der komescher feiereger Reflexioun um Würfel an och um Spigelbild. Ech wees éierlech gesot nët wou déi hirkomm war, mee iergendwéi fannen ech se cool :-)
Fir de Rescht hun ech d'Photo geschnidden an den eneschten Deel vum Bild e bëssi geblurt. Ech wees: d'Réflexioun ass och nach ze gesin.
illusions 22.01.2006 - 15:13
Schein foto ganz flott!! eng fro wat bedeit den title?
amBesch
Alea jacta est = de Würfel ass gefall
Misst souguer an dem en oder aneren Asterix stoen smile
coolpix 22.01.2006 - 15:25
Flott flott mat der Spiggelung. Ech haat mei mengen Würfelen och emmer esou eppes oranges dran an keen Schimmer vun wou et kennt...
Olivier 22.01.2006 - 15:27
Kann et sin dat die spigelung deng hand ass? Nja... wanns du den enneschten würfel gucks, do gesait et aus, wei eng hand, dei den wirfel graad faalen well loosen...
Zur foto:
Fannen sie huet eng schein edel rumm, an modern... gesait flott aus, an passt gudd zu engem glas würfel... schein foto...
Johny 22.01.2006 - 15:28
Flott Idee.

Daat mat der Reflektioun do kann den olimi Recht hun, och wanne ch et dann zimlech staark fannen dofir dass et eng Hand ass.
joellchen 22.01.2006 - 15:42
daat soot den cäsar dach oder?
amBesch 22.01.2006 - 17:28
@joellchen: jo, dat misst och den Cäsar gewiescht sin den dat gesot hat. Den Typ huet vill sou Sprëch komme gelooss closed_eye

@Johny & olimi: lo wou der ët sot gesin ech ët och eréischt smile . Dat misst effektiv méng Hand gewiescht sin. An ech mengen ech wees lo och firwat dass déi sou staark reflectéiert: ech hat eng Schreifdëschluucht do stoen mat 3 sou klenge Spoten. Déi waren, mengen ech, an déi Richtung gedréint.

Ansonsten nach merci fir all är Kommentarer!
Dave 22.01.2006 - 20:42
Fannen des och super..den wuerfel gesait wiercklech gudd aus....
kola 22.01.2006 - 23:03
Flott gemach !
alma 23.01.2006 - 08:05
as dir ganz gut gelongen
Pat 23.01.2006 - 09:46
Geseït gudd aus.
amBesch 23.01.2006 - 20:32
Merci alleguer!
Sylvia 24.01.2006 - 19:58
flotte Konzept ! Gefällt mer :o)
Andree 24.01.2006 - 20:47
Fannen deng mise en scène deck flott souwéi dee Spiejeleffekt an der Foto. Am groussen an ganzen gefällt d´Foto mer ganz gudd zumols well se sou minimalistesch .
Hannah 02.02.2006 - 19:42
Schéin Foto, schéinen latengeschen Titel, wat well een mei. tongue Pulcherrimum. cool
Johny 02.02.2006 - 19:44
An wann däin Kommentar sou positiv ass, wisou gëss de dann 5 als Bewärtung? well daat geif heeschen dass d'Foto weder gudd ass nach schlecht...
cloclo 14.06.2006 - 14:34
Ganz genau mein goût!
Dat nennen ech eng schein Foto!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 505 Gäscht online