Sou eng ähnlech Foto sin ech o grad amgaang hei firzebereeden, allerdéngs mat nach e puer Faarwen méi an bei megen hun se d'Faarw och um ganzen Blaisteft. Lo haat ech geduercht ech hätt eng originell Idee Muss ech mer alt na eng aaner afaalen loossen
Hehe jo, normalerweis wier ech éichter gewiercht, haat firun 2 Deeg ugefaang an kruut flemm an dun war ech krank an dun haat ech réicht su richteg keng Loscht méi, an lo leien se do an wees na net wéini ech se maan soll
Fannen des awer ganz flott, main Aen well den Zentrum usech e bessen méi uewen hun, mee et passt gudd an d'Bild wéinst den Ecker
Merci fir är Kommentarer! Dat mam Zentrum, jo dat war sou eng Saach. Ech hätt e selwer eigentlech och fir uewe riets geduecht. Allerdéngs hätten dann déi 4 Bläistëfter op d'Ecken nët méi gepasst. Hu mech schlussendlech dofir entscheed well ech fond hun dass dat anert fir mech manner stéiert.