Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Roxane

 
Roxane
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.08.2008
  • Gekuckt:
    57174
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    33
  • Beliichtungszäit:
    1/1500
  • Blend:
    f/2
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    496x750
  • Späicherplaz:
    242 KB
  • Originaldatum:
    09.08.2008
  • Fotoapparat:
    Nikon D3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Just for fun »» Fotoen vun Photogen User
Extras:
E granzegt Roxane :)


Fir anzesetzen: [pg_img=29214]
Kommentar vum Fotograf:
Ma wuaren zu Oostende op der Plage :)
wär ganz frou iwwert eventuelll Kommentarer!
Kiichiii 10.08.2008 - 21:55
Schein Photo, me awer viiiillll kromm bigsmile giff een mengen Roxane giff all Moment no hannen offrutschen
ass daat gewollt? vun den Fawen hier awer schein
klex 10.08.2008 - 22:59
Mercimerci smile Jo dat ass awer scho gewollt, riicht wär se ma ze statesch...
Kiichiii 10.08.2008 - 23:01
majo dann fannen ech misst haat awer anescht setzen
maat den been no ennen, fannen daat do eigentwie net gutt :S me bon soll dir jo gefallen smile
Metalbambi 10.08.2008 - 22:02
Dei gefaellt mer, 'Vakanzenfoto' wu sech kann weisen loossen an ouni Riesen-Smile.
Kann der net vill mei derzou soen wei daat se deck gudd ass. closed_eye
klex 10.08.2008 - 23:01
Jo mat laachen hun ech der och, mee mengen hei ass meng lieblings aus da wakanz...
merci! smile
joellchen 10.08.2008 - 22:24
vun den faarwen, beliichtung an vun der schärft hier fannen ech se top smile
daat schieft steiert mech iergendwei bessi :S ass fleit en bessen ze gewoot. mee et ass mol eppes aaneschteres ;)
daat mat deem schleier oder waat et och emmer ass smile get en flotten effekt smile
klex 10.08.2008 - 23:05
Déifteschärft hätt ech léiwer nach manner, mee wollt se grouss printen an bei 1.4 ass dat net grad su dran wi bei blend 2 :-S leider...
Wann se riicht ass fällt den Hannergrond mei op a lenkt och mei oof fannen ech.
Jo dee schleier, daat wuar su e stéck stoff, wi och bei deser

Roxane


just en aanert eben smile
merci fir dai kommentar...
annemie 10.08.2008 - 22:40
yes smile genee sou! hmm...sai Bléck ass cool smile Vlait ganz bessen mei smile waer och ok gewiecht xD (nee...lo keen riiiiesen smile; daat geng da rem net bei de Bléck passen *Roxanne: net opreegen bigsmile*...) bref... och sou gefällt se mer richteg gudd (mat deem schiifen!!!!!!)

zreck?

edit: haas du d'cam mat an d'waasser? xD oder hues de su en drepsen effekt op der enger sait? o0

klex 10.08.2008 - 23:11
Jop, sait 2 Stonnen rem do smile hun ech eppes vapasst hei?
Freet mech wann se der gefällt!
Drepsen Effekt... aaah... trick-magique closed_eye Nee hat se net mat an d'Waasser, weisen der emol wei... smile
annemie 10.08.2008 - 23:40
Hmm...mengen net vill. An wann, dann hues de et bestemt metlerweil font cool
Jop sie gefällt. *Luew direkt un iech allen 2*
Puuh, dann sin ech aawer elo frouh wei en Kichelchen, well Cam an Waasser...uiuiuibigsmile (haat daat amfong och net vun der geduet, keng Angscht)

hmm...et begeint een sech dach bestemt mol am WN cool
Vince_M 10.08.2008 - 23:14
CIAO LEX,

GANZ FLOTT FOTO....DU WEES JOO DASS ECH FOTOEN MATT "GRANZEGE" LADIES FLOTT FANNEN smile)))

OCH VILEICHT AM SW INTERESSANT....

BG
VINCE
klex 10.08.2008 - 23:36
Hehe closed_eye dee moment wuar awer net ganz su witzeg bigsmile
Hun mol am S/W probéiert, mee mengen hei muss Fuarw sin fir mech smile
Merci!
annemie 11.08.2008 - 00:50
mh. sw huet epps, mee fuerwech huet mei xD smile
joellchen 11.08.2008 - 10:50
s/w ass och schéin , mee faarweg ass mei speziell closed_eye grad fleit well d faarwen sou douce sin an schein mateneen harmoneieren.
JADE 11.08.2008 - 00:36
esou schein an douce ... alles
klex 11.08.2008 - 19:03
e kurze kommentar deen et richteg an sech huet! smile merci
TomEwert 11.08.2008 - 08:58
hat kann esou léiw granzeg drakucken smile mir perséinlech gefaellt dein cadrage op anhieb, deng faarwen och, déi strahlen harmonie pur aus. mir perséinlech ass se eng grimmel ze douce ... mais daat kann een jo awer elo wierklech net als virworf gesin xDDD flott photo. mess daat richteg gudd
klex 11.08.2008 - 19:04
Am print ass na besse mei kontrast, mee um schirm fannen ech manner duus iergentwi net su flott... merci fir dai kommentar smile
Keup 11.08.2008 - 09:33
Flott Faarwen, gudd Schaerft an top Cadage waat well een mei? Neicht mengen ech.
Gudd gemeet.
klex 11.08.2008 - 19:05
Merci smile
Dan 11.08.2008 - 10:13
Gefällt mir immens gutt!
An ech ka mer se als ganz grousse Print och super virstellen!
Ganz gutt geschafft Lex!
klex 11.08.2008 - 19:06
Hun se bislo mol op A3 geprint, mee de grousse print kennt ganz secher o na smile
Merci!
antoine_spautz 11.08.2008 - 10:38
schein foto oder besser photoclosed_eye
d farwen sin gud an harmonie, schein douce an dat se esou stark no lenks felt steihert mech net.
wat bessi steihert sin deih 2 weiss flecken ritz nirwt sengem kap, ass dat eng reflexioun?
klex 11.08.2008 - 19:07
Jo nee dat ass usech keng reflektioun hun dat zousetzlech gemat, mee haat dat awa am kapp schon... smile anescht wirkt se na besse mi eidel...
merci fir dai kommentar!
Rolacro 11.08.2008 - 12:19
wonnerbar! Do huest awer ganz schéin agefaang...
Eng fro: wei hues du sou eng gudd liischt dynamik hinkritt? An haas du nach bletzer dobai...?
klex 11.08.2008 - 19:08
Haat der ch mat bletzer gemat, mee des hei ass ganz available light.
Henkt ganz vill vun der richteger Zait oof, wi d'Sonn steet an wifil sonn erauskennt an aus wéienger Richtung... fir di kontraster.
Merci smile
Pelz 11.08.2008 - 19:04
Excellent Stemmung an denger Foto! Super Cadrage an flott Luuch!
klex 11.08.2008 - 19:09
Merci smile wuar eng schein stemmung dee moment
Kwitchibo 12.08.2008 - 12:21
Den Lex war an Vakanz an huet Fotoen gemaach ohh Wunder closed_eye

Also Fuarwen sinn immens agreabel ze kucken harmonesch tiptop
Se kippt!!zum Gleck doduech kriss de Dynamik hei eran...
Dei Reflektiounen sinn schon immens gudd gelongen hei!ech weess jo och weiso!closed_eye
alles an allem Bravo un Roxanne an un dech!!


P.s: dei rout Fousneel steiren ganz bessi!closed_eye

ahjo an deng D3 dei Rauscht jo .....tzezte...
klex 12.08.2008 - 13:40
an daat ass meng éicht mat ISO 100...an dann awer emmer dat rauschen...misère closed_eye
majo wakanz wuar wirklech déck gudd komm!
merci marc fir de kommentar!
steel 21.08.2008 - 08:27
do get et neischt meih ze soen

super!!!

rhconcept 07.09.2008 - 21:07
é vun denen flottsten Plagen-Portraien déi ech hei gesinn hun. Ka mer déi Foto ganz gudd als groussen Drock virstellen. An dem Roxane säi Blëck passt einfach super dobäi.
Einfach nëmme schéin.
klex 07.09.2008 - 22:46
Merci, gin et weider smile
hat dat och geduet, hun se op 80x110 geprint

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 334 Gäscht online