Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wohin elo?

 
Wohin elo?
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.07.2008
  • Gekuckt:
    40629
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x530
  • Späicherplaz:
    321 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:
Bletz

Fir anzesetzen: [pg_img=28251]
Kommentar vum Fotograf:
Meenungen?
:)
gloda 02.07.2008 - 16:02
Gesöit gudd aus. An wéiengem Kontext as d'Foto ze gesin?
Metalbambi 02.07.2008 - 16:12
(Schleich)Werbungcool
Michel 02.07.2008 - 22:38
D'Flugpersonal sollt frendlech duergestallt gin
merci

smile
Metalbambi 02.07.2008 - 16:13
Propper Arbescht, haet just vleit den Typ net gekätonguept.
Michel 02.07.2008 - 22:38
merci
smile
deendo 02.07.2008 - 16:24
Ech hätt méi eng kleng Blend gewielt fir och nach d'Hand + Pabeier scharf ze hun. Fir mech gehéiert dat Dokument nämlech zum wesentlechen Inhalt. An wéi den Metalbambi schon soot eben dass den Typ en Knacks an den Hoer huet *g*

1.)Et kënnt awer nët jidfereen einfach esou opt Rollfeld, ne du?
2.) Wisou hues de just verschidden Exif-Donnéen geläscht? Dat war jo wuel net zoufälleg

Fir den Rescht gesait se awer gudd aus, eben Flydoscope mässeg...
Michel 02.07.2008 - 22:36
Ech wollt den haptbléckpunkt op sie lenken well et net su direkt wichteg ass waat daat fir e pabeier ass, mee d'frendlechkeet vum Personal sollt gewisse gin.
Nee d'ass net su einfach su dohin ze kommen, mee wuar jo do fir d'Fotoen smile
Hun den Exif net su wichteg fonnt, daat hätt hei o net vill geännert hei
Ech soen der villmols merci
smile
deendo 02.07.2008 - 23:18
Gär geschidd. Anyway, eng gudd Foto. Mengen d'Luxair dierft zefridden mat denger Arbecht sin.
big-basti 02.07.2008 - 16:29
Geseit wierklech gutt aus. Di typesch Luxair-Farwen an jo wierkt zimmlech natierlech. Keint mer su eng Foto an engem Prospekt vun der Luxair firstellen oder su closed_eye
Michel 02.07.2008 - 22:30
Ma merci cool dats de da se do firstelle kanns well do wert se hikommen
smile
deendo 02.07.2008 - 22:34
Ech zitéieren mech selwer: "eben Flydoscope mässeg" ;P

Wann se wierklech esou "grouss" eraus kommen soll stéiert mech just déi kleng Hoersträhn bei der Fra déi quesch iwwert déi aaner geflunn ass.
Michel 02.07.2008 - 22:38
Ech haat mer iwwerluecht se ze retuschéieren mee daat wiirkt awer iergentwi natierlech d'wuar jo lefteg an dat ass et jo oft um flughafen
JADE 02.07.2008 - 17:43
ass daat een Poster hannendrun?

ech sin jo eng "Piddelerin" --> den Logo vum Fliiger geet him zum Ouer eran smile))

fir den Rescht, wann een den Kontext géing kennen wier ët méi einfach
flott Faarwen, flott Perspektiv
just deen lacht mir awer zevill ... do freet een sech ... hmmmmm ass daat esou witzeg, dass den Fligger overbooked ass? oder esou closed_eye
Michel 02.07.2008 - 22:29
Nee daat ass eng vun de nei ugestrachenen maschinnen suwait ech matkritt hun!
De Kontext wuar d'Personal vum Fligher frendlech an kompetent ze presentéiren. Daat ass jo just eng aus enger Serie.
Ech soen der merci
smile
Olivier 02.07.2008 - 19:13
hues de gudd gemaa... naischt ze meckeren... keep on
Michel 02.07.2008 - 22:29
merci bien olivier
smile
TBNGR 02.07.2008 - 19:26
gudd foto, erennert mech just zevill drun dass ech muer schaffe goen muss.....hihi
JADE 02.07.2008 - 20:05
ma daat ass jo gutt, well dir schéngt iech jo do gutt ze amüséieren closed_eye
Michel 02.07.2008 - 22:27
di sin all gudd drop
smile
gilli 03.07.2008 - 09:59
Also d'Foto gefällt mer un sech gudd ausser:
- Hien laacht mer och zevill
- Hier Hand misst bessen erausgezunn sin. Sou mengt een se géng den Daum weisen
- Säin Kapp misst ganz drop sin
- an den Logo keint ganz drop sin, also net hannert dem Kapp. Et geet jo och em D?Luxair. Dann misst weinstens den Logo ganz ze gesin sin.
Michel 07.07.2008 - 14:58
merci fir dai kommentar
smile
joellchen 03.07.2008 - 17:38
witzeg foto smile
just schued dats de den mann bessi gekätonguept hues smile
Michel 07.07.2008 - 14:58
ech kätonguepe prinzipiell ganz gäer
smile
deendo 07.07.2008 - 14:55
Hey, also ech hun mer elo mol den Flydoscope vun den Méint August/September ugekuckt, an do stellen ech fest dass së nët dran ass. Eng aus där Série (am Fliiger selwer) ass mat engem aaneren Här op Sait 126, Rubrik "On Board" ze fannen.
Michel 07.07.2008 - 14:59
Ah ech kann der net soen fir wou se sin oder wou se sin :/ mee wu kritt een deen Flydoscope?
deendo 07.07.2008 - 15:43
Bei eis kritt jidfereen een exemplaire op der arbecht. Du kanns wanns de wëlls mer deng Adress schécken, ech hun hei nach en ageschweesstent Exemplar leien, da schécken ech der en haut nach fort.

Per PM (Message schécken)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 296 Gäscht online