Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mountain Bike

 
Mountain Bike
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.05.2008
  • Gekuckt:
    25692
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/20
  • Blend:
    f/F/8
  • Brennwäit:
    8 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    480x720
  • Späicherplaz:
    159 KB
  • Originaldatum:
    Mai 2008
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 40D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:
Jobi Gorillapod
Gadget Infinity Fernausléiser

Fir anzesetzen: [pg_img=27086]
Kommentar vum Fotograf:
Ech wollt emol eppes neies probéieren. Zimmlech experimentell fir mech an et as och virun allem drëms gaangen dat ganzt eemol ze testen fir et dono nach eemol ze probéieren.
Den Setup as deen hei:
Making Of

Den Fotoapparat gouf per Fernsteierung ausgeléist, ech halen den Sender an ménger rietser Hand. D'Objektiv as en Peleng 8mm 3.5 Fisheye. Ech mengen bei F/8, mee ech sin net méi sëcher.
gloda 12.05.2008 - 16:09
Wat ech geléiert hun:
-D'Dageszäit muss stëmmen. Fir den Blur muss d'Beliichtung laang genuch sin an dann dierf et net zevill hell sin. Am Bësch as et gudd gaangen mam Schiet.
-Wat méi Vitesse, wat een méi eng kuerz Beliichtungzäit kann wielen fir den selwechten Blur ze kréien.
-Bëschbuedem as ze onregelméisseg fir dass d'Kamera net zevill wackelt. Soss gët den Velo onscharf.
-Wat d'Gehecks an d'Beem méi no sin, wat se méi verwëscht gin.

Demno ideal Konditiounen wieren: En immens schmuelen glaaten Makadamswee am Bësch wou d'Hecken lénks an riets laanscht een schruppen, an kleng Beem iwwert engem en Daag maachen, fir en idealen Tunneleffekt ze kréien. En Velo mat gefiederten Rieder géif och bestëmmt hëllefen.
Nicon07 12.05.2008 - 16:13
Du Perfektionnist! closed_eye

D'Resultat léisst séch dach awer weisen. Sou, wéi ech mir dat firgestallt hun, as et och gin. Mais; eppes as nach onkloer, hues du da lo pedaléiert oder net? *ggg*
gloda 12.05.2008 - 16:14
Den Setup deen ech schlussendlech geholl hun huet d'Pedal fräi gelooss, mee et wier net gudd gaangen. Ech hun mech mat den Féiss ugedréckt an dunn downhill, wéis du soos.
Jest-Art 12.05.2008 - 16:17
Muss soen ass wierklech cool dei foto, style gefällt mer an resultat leisst sech definitif weisen wei den Nicon07 et schon soot!
Dan 12.05.2008 - 16:19
Ech sin zudéifst beandrockt!
Daat Resultat do léisst sech méi wéi weisen!
An ech bewonneren däin Courage, däin Fotoapparat un däin Bike ze montéiren an dann och nach duerch de Bësch domat ze düsen... Respekt!
Do ass der eng immens dynamesch Foto äus engem originellen Bléckwénkel gelongen... ech fréen mech op méi! closed_eye

Olivier 12.05.2008 - 16:26
Damn it... I LOVE !
Shantideva 12.05.2008 - 16:47
Wahnsinn! Op déi Idee muss een nach kommen. Se emzesetzen ass dann nach eng aaner Sach! TOP ++++++++++++++
spako 12.05.2008 - 17:12
Daat war jo defintiv derwaert! gefaellt mir och immens gudd, Angscht em dain Mterial daerfs de dobai och net hun closed_eye
Jean-Jos 12.05.2008 - 17:17
*staun*
'No risk no fun,' denke ech mer do, awer e gutt durechduechtene Risiko an dësem Fall; eng flott Aarbécht: Bravo!
arwa 12.05.2008 - 17:40
d'Waarden op deng Foto huet sëch gelount
+++ TOP +++

Bravo, fir d'Idee + d'Resultat

denken, ët kommen nach e puer Fotoën unhappy))
gloda 12.05.2008 - 17:44
Jo ech wëll et an den nächsten Deeg nach eemol probéieren fir d'Verwackelung an den Grëff ze kréien.
JuZi 12.05.2008 - 18:00
Idii an Réalisatioun 1A Work

Haat baal esou eppes erwoart, awer sinn deck begeschtert fum Resultat
big-basti 12.05.2008 - 19:34
surprised wierklech top dat doten , mei leiwe schung. supper arbescht! geseit nawell spektakulär aus closed_eye

mfg, Sebastian
broken-cookie 12.05.2008 - 20:15
wow resultat ass io genial gin hehe wor en versuch wert froen mech wei dein fotoapparat dono eusgesin heus an hoffen heus der net weigedoen
galileo 12.05.2008 - 20:17
+++ fir d'Idee an d'Emsëtzung !! Nach méi dovun wegl.
MarcGerard 12.05.2008 - 21:52

ech hun dat elo net erwaart bigsmile.. ech hat mech wierklech gefrot wéis de domat fuere kanns... an éierlech gesot hun ech mech och gefrot obs de se nach all häss bigsmile ma da sin ech emol op méi gespant bigsmile ;)
gloda 12.05.2008 - 21:57
Weist d'Foto dann elo dass ech se nach all hun oder der Géigendeel? Ëmmerhin sin ech mat zwou Hänn um Gidon gefuer tongue
MarcGerard 12.05.2008 - 21:58

lol, jo! okok, mee wat as mat dénger kamera?? bigsmile
MarcGerard 12.05.2008 - 22:06

lol, lo verstin ech och déi zweet deitung vun déngem kommentar XD
Nicon07 12.05.2008 - 22:55
am Géigesaatz zum Nicon07. Deen as jo mätsch fir mat enger Hand um Guidon ze fueren an nach dobäi ze fotograféieren... Tsetse! closed_eye
MarcGerard 12.05.2008 - 23:20

closed_eye
Focus 12.05.2008 - 22:00
FFFFFFF UUUUUUU NNNNNNN!!!!!
gloda 12.05.2008 - 22:31
't as bal sou flott wéi mat oppener Mall duerch Rond-poin'en ze fueren smile
Focus 23.05.2008 - 10:37
Gratuleieren fir dein Super Resultat , gloda !!!!
gloda 23.05.2008 - 10:40
Merci, ech hätt awer sollten déi aner Foto huelen. Ech duecht déi hei wier méi flott mee op DPC geet dat technëscht fir. Ëmmer.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 486 Gäscht online