Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mick Rogers

 
Mick Rogers
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.05.2008
  • Gekuckt:
    31938
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    900x600
  • Späicherplaz:
    141 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Concerten  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=27053]
Kommentar vum Fotograf:
De Mick Rogers ass Gitarrist an Sänger bei der Manfred Mann's Earth Band.
Mech interesséiert waat dier dovun haalt, dass ech de Fokus hei bewosst op d'Hänn während séngem Solo geluecht hun, an nët wéi gewinnt op d'Gesicht.
Wann dier méi vun deem Concert wëllt gesin dann kommt bis an ménger Concertgallery bis lanscht.
gloda 11.05.2008 - 20:41
Fir mech as den Problem hei dass d'Gesiicht an d'Hänn duerch Beliichtung an Point de Vue d'selwecht prominent sin. Wann duerch aner Mëttel den Bléck méi op d'Hänn gelenkt géif gin, respektiv wann d'Gesiicht méi staark 'out-of-focus' wier et mengen ech méi wierksam.
gloda 11.05.2008 - 20:43
Bei der hei Foto déis de gemaach hues klapt déi Technik ganz gudd.
Shantideva 11.05.2008 - 20:54
Ech schéissen mech do un. Hei ass d'Gesiicht einfach ze gudd Kadréiert. De Blëck get direkt drop gezun an dann kritt een den Androck de Focus wier op der falscher Platz. Wieren d'Hänn am gellenen Schnett, dann wier den Effekt vieleicht aanescht... Soss awer en super Idee an déi aaner Foto vun déier de Gloda schwätzt ass do genau richteg.
Dan 11.05.2008 - 21:01
@ gloda
Ech verstin waat's de mengs an gin dier ganz Recht!
Leider huet mech bei där anerer Foto déi's du erwähns de Mikro op sénger Stier relativ vill gestéiert.
Et ass leider nët evident sech bei Concertsfotoen während deenen 3 éischte Lidder immens schnell un eng ganz Partie Elementer un ze passen, déi dann och nach permanent wiesselen.
Mee grad daat mécht fier mech de Reiz un der Concertsfotografie äus.
Merci op alle Fall fier däin Komentar mat deem ech wéi gesot komplett averstan sin, an en décke Merci dass du och an méng Gallerie luussen wars!
@ Shantideva
Du hues genau wéi de gloda vollkommen Recht.
Iergendeppes huet mier och nët richteg gefall, lo wees ech waat!
gloda 12.05.2008 - 16:26
Den Mikro war mer mol net opgefall well ech sou op d'Hänn gekuckt hun tongue An jo, 3 Lidder sin séier laanscht hun ech gemierkt wéi ech an der Rockhal war.
Dan 12.05.2008 - 22:51
Fier wéi e Concert war's du dann do?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 395 Gäscht online